Avsnitt
-
Den 9. Dezember war den internationalen Dag vun de Mënscherechtsverdeedeger an den 10. Dezember den internationalen Dag vun de Mënscherechter. Des Deeg musse laut dem Magali Paulus méi gewierdegt ginn. Si schafft fir CELL an ass engagéiert bei etika, dem Zentrum fir politesch Bildung an dem Collectif Tax Justice Lëtzebuerg.
-
Saknas det avsnitt?
-
De Robert Weber, fréieren LCGB-Nationalpresident a fréieren Deputéierten, beschäftegt sech mat den amerikanesche Walen an hiren Auswierkungen op d’Welt, op d’EU an och op Lëtzebuerg. Hei ass e geféierlecht Spill amgaangen a wäert eist Liewe wesentlech beaflossen.
-
Fir d'Chrëschtdeeg huet d'Gemeng Lëtzebuerg 78 Kilometer Girlanden opgehaangen. Eleng fir d'Chrëschtmäert goufen 1,3 Millioune Liichtpunkten ubruecht. Angeblech fir Energie ze spueren, sinn dës LED-Luuchten nëmmen u vu 16 bis 23 Auer. Freides a Samschdes bis 24 Auer. Fir d'Feierdeeg bis 1 Auer.
-
Déi bescht Konflikter sinn déi, wou guer net entstinn. Et läit awer an der Natur vum Mënsch, sech ze streiden, wat mer da mam gesonde Mënscheverstand, Mediatioun oder viru Geriicht klären. Ob en obligatoresche Militärdéngscht erfonnt vun ale wäisse Politiker fir jonk Mënschen eng weider Äntwert dofir ass, dozou eng Carte Blanche vum Jean-Luc Thill.
-
A Frankräich suergt e Prozess fir vill Opmierksamkeet. Do ass eng Fra, d'Gisèle Pelicot, iwwert 10 Joer vergewaltegt ginn, ënner Ëmstänn, déi en Abléck ginn, wéi wäit Veruechtung vu Männer vis-a-vis vu Frae ka goen. Dozou eng Carte Blanche vum Psycholog a Mënscherechtler Gilbert Pregno.
-
Mir mussen zesummestoen, fir muer net nëmme propper Loft anootmen ze kënnen, mee och fir d'Loft vun der Fräiheet weider ze genéissen, mengt d'Anne Brasseur an hirer Carte Blanche.
-
4775 Ënnerschrëften huet d'Petitioun 3176 kritt, déi de 4. November an der Chamber virgedroe gouf: si huet zum Zil, de Smartphone generell an der Enceinte vun der Schoul ze verbidden. Petitioune leien am Trend. Dozou eng Carte Blanche vum Gaston Ternes.
-
Duerch d’Kris bei der Caritas a bei der ONG "Solidarité syndicale" vum OGBL huet de ganze Secteur schwéier gelidden. An dëser Carte blanche ginn e puer Weeër opgezielt, wéi een deene villen Organisatioune kéint hëllefen, fir datt se weider hier schwiereg a wichteg humanitär Aufgab kënnen erfëllen. Domat soll och dat vollt Vertraue vun de villen Donateuren erëm hiergestallt ginn.
-
De Logement ass nach ëmmer dee gréisste Problem hei am Land a mécht de Leit vill Suergen. Mee et ginn och Léisungen. Eng dovunner ass d’Gestion locative sociale. Dozou eng Carte blanche vum Gilles Hempel.
-
En Deel vun der Welt ass traureg, rosen oder geschockt iwwert d’Resultat vun de Presidentschaftswalen an den USA.
-
An dëser Carte Blanche diskutéiert d’Claire Schadeck vum CID | Fraen an Gender geschlechtsbedéngt Gewalt, de Probleem mat de sexistesche Strukturen a firwat d’Fro no der Gewalt géint Männer an dësem Kontext deplacéiert ass.
-
Liewensqualitéit kann net vun uewen diktéiert ginn, mä baséiert op gemeinsamen, geliefte Wäerter. Den Akt vum Baue selwer ass déi stäerkst Konkretisatioun vun dëse Wäerter.
-
Wärend verschiddentlech dofir plaidéiert gëtt, dass ons Wirtschaft soll schrumpfen oder op der Plaz soll trëppelen, fille sech déi allermeescht politesch, sozial a wirtschaftlech Entscheedungsdréier an Europa uerg erausgefuerdert fir eise Wuelstand z’erhalen.
-
Bal ee Joer nom Akraafttrieden vum Gesetz fir d’interkulturellt Zesummeliewe bleift d’Fro, wéi een dës Ambitioun wierklech an eisem Alldag verankere kann.
Dës Carte Blanche ënnersträicht d’Bedeitung vu sozialer Gerechtegkeet als Fundament fir en Zesummeliewen, wou all Bierger sech wierklech bedeelege kann.
D'Soziologin Jessica Lopes..... -
D’Fro vum Doud beschäftegt eis ugangs November. Allerhellegen an Allerséilen gi vill Leit op d’Griewer bei hir Verstuerwen.
-
Déi lescht Woch ass vill iwwer d’Lëtzebuergesch als Sprooch vun der Europäescher Unioun diskutéiert ginn. Als Soziolinguist a Kenner vun onser Sproochegeschicht wollt de Fernand Fehlen och säi Pefferkär dozou bäidroen.
- Visa fler