Avsnitt
-
Wa mer ëmmer méi Waffe fir de Fridde brauchen? Wien ierft da muer dat ganzt Arsenal, wat haut opgebaut gëtt? Dat freet sech de Möchtegern-Hippie Serge Tonnar a senger Carte Blanche.
-
Saknas det avsnitt?
-
An dëser Carte Blanche leet d'Claire Schadeck de Fokus op de strategeschen Asaz vu sexualiséierter Gewalt am Krich.
-
An deenen nächste Woche wäerten zu Lëtzebuerg an der Chamber d’Debatten iwwert de Staatsbudget 2024 stattfannen. Dat mat e bësse Verspéidung, well duerch d’Walen am Oktober 2023 elo eréischt den definitive Budget fir dëst Joer kann ugeholl ginn. Bei deenen Debatte misst d’Steiergerechtegkeet och en Thema sinn, mengt de Sylvain Hoffmann, Direkter vun der Chambre des salariés.
-
Dës Carte Blanche werft ee Bléck hanner d'Kulisse vu Liesproblemer. D'Wëssenschaftlerin an Entwécklungpsychologin Pascale Engel, schwätzt iwwert d´Auswierkunge vu Liesschwieregkeeten a plädéiert fir fréizäiteg Interventiounen.
-
Ouschteren ouni Ouschterhues – net denkbar! Mä wéi den Ouschterhues areien an dat reliéist Fest, dat Ouschteren entstoe gelooss huet a bis haut säin Datum festleet? Dozou eng Carte blanche vum Georges Hellinghausen.
-
D'lescht Woch huet de Lëtzebuerger Premier zu Bréissel deklaréiert, datt d’Regierung an der Atomenergie-Fro eng nei Richtung aschloe wëllt. De Fernand Fehlen ass entsat, iwwer dëse plëtzleche Revirement.
-
D'Schrëftstellerin Elise Schmit iwwert d'Protester géint Riets an Däitschland an eng politesch Mëtt zu Lëtzebuerg, déi hir Verantwortung verspillt.
-
Knapp 3 Méint virun den Europawalen brécht de René Winkin an der Carte blanche eng Lanz fir de produktive Secteur.
-
Beim demographesche Wandel féiert déi méi héish Liewenserwaardung an déi gläichzäiteg zréckgoend Unzuel vu Gebuerten dozou, dass méi eeler ewéi jonk Leit eis Gesellschaft ausmaachen. Eng Fro, mat der mir konfrontéiert ginn ass: Wéi kënne mir bei der bestoender Penurie Jiddereen am Alter versuergen? D’Anne-Marie Hanff, Infirmière a Fleegewëssenschaftlerin wot e Bléck iwwert den Tellerrand.
-
De Logement ass net nëmmen zu Lëtzebuerg een Thema. A senger Carte blanche kuckt de Gilles Hempel aus enger europäesch Perspektiv op dee Problem.
-
Selektiv Mesuren si wichteg, grad elo wou ëmmer méi Leit Schwieregkeeten hunn, d’Enner zesummen ze bréngen. De Staat hëlleft do zum Beispill mat der “Allocation de vie chère”, der “Prime énergie”, der "Subvention de loyer".
Mee finanziell Hëllef vum Staat kritt een net einfach esou; et muss een Demandë maachen. De Gaston Ternes geet a senger Carte blanche op des Demarchen an. -
Haut beschäftegt sech d’Magali Paulus mat der humanitärer Situatioun an der Gazasträif
-
Haut hu mer e bessen eng aner Form vun Carte Blanche - nämlech en oppene Bréif un d’Bauten- an Transport Ministesch Yuriko Backes. Auteur vum Bréif ass de fréieren LSAP-Minister Robert Goebbels
-
Housing First ass an aller Mond, wann et ëm d’Bekämpfung vun der Obdachlosegkeet geet. Wat genau ass dat? Wou sinn d’Limitten? Eng Carte Blanche vum Carole Reckinger, Caritas Lëtzebuerg.
-
Enn d'lescht Joer hunn zwee grouss Europäer den Wolfgang Schäuble an de Jacques Delors eis verlooss an Europa steet virun de Walen a ronn dréi Méint mat villen oppene Froen.
- Visa fler