Avsnitt
-
D'Aarbechte vun der Caritas-Spezialkommissioun an d'Ofdreiwungsgesetz sinn Theemen am Gespréich mat der Fraktiounspresidentin vun der LSAP.
-
D'CSV-Buergermeeschtesch vu Conter äussert sech zu de Reprochë vu Mobbing an toxeschem Aarbechtsklima mat deene si an de leschte Méint konfrontéiert war.
-
Saknas det avsnitt?
-
Wat géifen US-Stroftaxen op europäeschem Stol fir Arcelor Mittal Lëtzebuerg bedeiten? Ë. a. dat freet de Maurice Molitor den Henri Reding, Chef vun de Lëtzebuerger Aktivitéite beim Stolkonzern.
-
De Maurice Molitor schwätzt mam Buergermeeschter vun Ettelbréck (LSAP) iwwer Sécherheets- a Verkéiersproblemer a senger Gemeng.
-
De Brexit ass fënnef Joer al. Huet déi Lëtzebuerger Finanzplaz dovu profitéiert? Dat freet d'Christiane Kleer de Generaldirekter vun der Promotiounsagence Luxembourg for Finance.
-
Mat wéi enge Fuerderungen ass d'CGFP an d'Verhandlunge fir den neien Accord salarial gaangen, a firwat krut si sech net méi duerchgesat? Dat freet d'Christiane Kleer de Generalsekretär vun der Staatsbeamtegewerkschaft.
-
Wéi kann eng nohalteg Liewensmëttelproduktioun ausgesinn, déi all d'Acteuren un een Dësch bréngt? Déi Fro stellt d'Institut fir biologesch Landwirtschaft IBLA a lancéiert een entspriechende Projet. Froen un hir Direktesch.
-
Mam Generaldirekter vun der CFL schwätzt d'Christiane Kleer iwwer déi grouss Projeten, déi d'Eisebunnsgesellschaft sech virgeholl huet, an iwwer d'Ambitioun, den Erwaardunge vum Client gerecht ze ginn.
-
Fiert d'CSV-DP-Koalitioun a Saachen d'Asylpolitik eng méi haart Linn wéi déi viregt Regierung? Dat freet d'Christiane Kleer de spezialiséierten Affekot a Member vum Flüchtlingsrot.
-
D'Procureure générale d'État geet den 1. Februar a Pensioun. Am 100,7-Interview schwätzt si iwwer Personal- a Plazmanktem, laang Delaien, Retarde bei der Digitalisatioun an aner Suerge vun der Justiz.
-
Aus Protest géint d'Flüchtlingspolitik vun der Regierung huet d'Marianne Donven, déi sech zënter ville Jore mat Initiative wéi der ASBL "En oppent Haus" oder de Chiche-Restaurante fir Flüchtlingen asetzt, beim Staat gekënnegt. Am Gespréich mam Maurice Molitor erkläert si hir Roserei.
-
Den LSAP-Europadeputéierte reagéiert op d'Untrëttsried vum Donald Trump a kommentéiert déi juristesch Ausenanersetzung iwwer déi europäesch Mindestloundirektiv.
-
Den DP-Deputéierten a President vun der aussepolitescher Chamberkommissioun kommentéiert d'Untrëttsried vum Donald Trump an d'Wafferou am Noen Osten.
-
Den Ex-Minister an -Deputéierten an aktuelle Member vum Staatsrot iwwer säi Buch "“Le Luxembourg, son régime politique et ses institutions”
-
25 Organisatiounen aus der Zivilgesellschaft hunn sech an enger neier Plattform zesumme gedoen. Wat wëllen se domat areechen?
-
Zu Lëtzebuerg gi méi dacks Kanner an Heemer placéiert, wéi an aneren europäesche Länner. Firwat ass dat esou? mir froen d'Direktesch vum Service national de l'enfance.
-
De Premier huet d'Gewerkschaften op eng "Sozialronn" invitéiert. Geet dat duer fir d'Gemidder ze berouegen? Mir froen den LCGB-President.
-
Kënnt eng Pensiounsreform? Mir froen d'Sozialministesch, ob si sech scho festgeluecht huet.
-
Mir froen den neien Direkter vun der Waasserverwaltung, wéi gutt Lëtzebuerg géint Héichwaasser geschützt ass.
-
De Chef vum Etat-major vun der Lëtzebuerger Arméi iwwer d'Noutwennegkeet vu Resilienz an onsécheren Zäiten.
- Visa fler