Avsnitt
-
Deen neie Stater Mobilitéitsplang steet kuerz no senger Publicatioun schonn an der Kritik. Wat hätten déi Gréng anescht gemaach? De Rick Mertens freet hire Conseiller François Benoy.
-
D’ADR huet vun e Freideg un zwee Vertrieder am Staatsrot. Gëtt de politeschen Afloss vun der Partei doduerch méi grouss? Dat freet de Rick Mertens der ADR hiren neie Member am Staatsrot.
-
Saknas det avsnitt?
-
Mat der Presidentin vun der Enseignantsgewerkschaft SEW diskutéiert de Jacques Ganser iwwer déi akut Problemer an der sougenannter Voie de préparation.
-
déi Lénk hu gëschter hir sechs Kandidate fir d'Europawale festgeluecht. Parallel gouf de Walprogramm gestëmmt. Eng vun hire Kandidatinnen, d'Ana Correia da Veiga ass Invitée vum Jacques Ganser.
-
De Klimawandel mécht dem Bësch ze schafen. E groussen Deel vun de Beem hei am Land ass geschiedegt. Invité beim Jacques Ganser ass den Direkter vun der Naturverwaltung.
-
De Maurice Molitor schwätzt mat der DP-Ministesch fir Digitalisatioun, Héichschoul a Fuerschung, déi eng vun de grousse personellen Iwwerraschunge bei der Virstellung vun der schwaarz-bloer Regierungsekipp war.
-
No der Reunioun vun der Ukrain-Kontaktgrupp gëschter zu Ramstein: Froe vum Maurice Molitor un d’Lëtzebuerger Verdeedegungsministerin.
-
No der Reunioun vun der Ukrain-Kontaktgrupp gëschter zu Ramstein: Froe vum Maurice Molitor un d’Lëtzebuerger Verdeedegungsministerin.
-
Manner Riedezäit (am Plenum), méi Ëffentlechkeet (vun de Kommissiounen): de Maurice Molitor schwätzt mam Chamberpresident iwwer zwou vu sengem Iddien, déi haut ëmgesat ginn.
-
Mam politeschen Direkter vun der ASTI schwätzt d'Christiane Kleer iwwer d'Aktualitéit an der Lëtzebuerger Migratiounspolitik a rietspopulistesch Tendenzen am Virfeld vun den Europawalen.
-
Mam Buergermeeschter aus dem saarlännesche Pierel schwätzt d'Christiane Kleer iwwer déi rasant Entwécklung vun der Grenzgemeng, an där haut eng 2.800 Lëtzebuerger liewen.
-
Mat der Presidentin vum OGBL an dem Generalsekretär adjoint vum LCGB kuckt d'Christiane Kleer op d'Resultater vun de Wale fir d'Personaldelegatiounen an de Betriber.
-
Kuerzfristeg méi bauen a méi kafen, fir esou méi Leit den Zougank zu erschwénglechem Logement op ze maachen a gläichzäiteg d'Baukris ze léisen - dat ass dat erkläerten Zil vun der neier Regierung. Wéi dat soll ëmgesat gi freet d'Christiane Kleer de Logementsminister.
-
Um Stéchdag vun de Sozialwalen schwätzt d'Christiane Kleer mam CSV-Aarbechtsminister iwwer d'Bedeitung vun dësem Rendez-vous fir d'Aarbechtswelt a fir d'Politik.
-
Déi jonk Affekotin presidéiert zanter leschter Woch déi consultativ Mënscherechtskommissioun. D'Christiane Kleer freet si, wéi si un dës nei Erausfuerderung erugeet, a wat d'CCDH an den nächste Méint vun der Regierung erwaart.
-
Haut um Weltfraendag schwätzt de Maurice Molitor mat der OGBL-Gewerkschaftssekretärin, déi den 1. Mee Generaldirectrice vum Grupp Editpress gëtt.
-
Den Dag no der Virstellung vum Budgetsprojet 2024: Froe vum Maurice Molitor un de Finanzminister
-
Virun de Sozialwalen: Froe vum Maurice Molitor un de President vun der Gewerkschaft vum Gemengepersonal FGFC, déi am zweeten Ulaf e Sëtz an der CSL upeilt.
-
Nom Landwirtschaftsdësch vu gëschtER: Froe vum Maurice Molitor un d’CSV-Agrarministesch.
-
Mam Direkter vun der SNHBM schwätzt d'Christiane Kleer iwwer déi aktuell Kris am Secteur a freet hien, firwat déi ëffentlech Promoteuren net beim Logementsdësch dobäi waren.
- Visa fler