Avsnitt
-
Wat ass aus Youth for Climate ginn? Vun där jonker Klimaschutzbeweegung héiert een näischt méi. Huet d'Jugend d'Klima iere schonn opginn?
-
De Buergermeeschter vu Mondorf ass neie President vun der Muselentente. E Gespréich iwwer d'Aktivitéite vun där ASBL an iwwer seng Gemeng.
-
Saknas det avsnitt?
-
Wéi positionéieren sech d'Patronen a Saache Pensiounen - a wéi soll de Sozialdialog rëm richteg ugekuerbelt ginn. Dat froe mir de President vun der Union des entreprises, UEL.
-
No der Presentatioun vum Joresrapport schwätze mir mat der neier Ombudsman iwwer d'Schwieregkeeten, déi d'Bierger d'lescht Joer mat Staat a Gemengen haten.
-
Wéi gesäit den Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher, d'Ännerungen déi d'Regierung a Saache Jugendschutz- a Strofrecht proposéiert?
-
De Lëtzebuerger Jurist a fréiere President vum Europäesche Geriichtshaff fir Mënscherechter ass zanter Oktober 2024 Avocat général um EUGh. Wéi gesäit hien seng Roll?
-
Wéi wäert déi Lëtzebuerger Wirtschaft vun den erhéichten Defense-Ausgabe profitéieren? Wéi eng Betriber si concernéiert - a wat genee maachen déi Betriber iwwerhaapt? Doriwwer schwätze mir mam President vum Aarbechtsgrupp "Défense" vun der Handelskummer.
-
Vun der neier Rentrée u mécht d'Michel Welter Schoul op der Gare hir Dieren net méi op. Mir schwätze mam Stater CSV-Educatiounsschäffen Paul Galles ënner anerem doriwwer.
-
Nom der Deklaratioun an den Debatten iwwer d'Lag vun der Natioun: Froen un de Premier.
-
D'LSAP-Fraktiounscheffin reagéiert op d'Ried zur Lag vun der Natioun, déi de Premier Luc Frieden gëschter um Dënschdeg an der Chamber gehal huet.
-
Wat erwaart d'Presidentin vun de gréngen Deputéiert an der Chamber vum Etat de la Nation? A wéi beurteelt si déi rezent nei Erkenntnisser am Dossier Caritas?
-
Den Assurance-Secteur plädéiert dofir, datt privat a betriblech Zousaz-Pensiounsversécherunge méi staark gefërdert ginn. Den Administrateur-délégué vun der ACA erkläert.
-
Den CDU-Politiker vu Bitburg ass zënter en Dënschde däitsche Verkéiersminister. Mir froen hien op déi verstäerkte däitsch Grenzkontrolle net zu engem Verkéierschaos féieren.
-
Wéi decisiv ass d'Wal vun dem neie Poopst iwwerhaapt fir Zukunft vun der Kierch? Dat froe mir de Lëtzebuerger Historiker, deen d'Institutioun Kierch ëmmer nees kritesch beliicht.
-
Muer fänkt de Konklav u fir en neie Poopst ze wielen. Wéi leeft déi geheim Wal genee of? Dat froe mir dem Bëschof säi juristesche Beroder.
-
D'Associatioun vun de Veterinäre schléit Alarm: D'Doktere géifen ëmmer méi heefeg Affer vun Attacken op de sozialen Netzwierker souwéi vu verbaler an esouguer physescher Gewalt ginn.
-
E Gespréich iwwer déi Theemen, déi den LCGB-President a senger Éischt-Mee-Ried ugeschwat huet: Sozialofbau a Sozialdialog, Pensiouns- a Krankeversécherung.
-
Mécht d'Spuerkeess sech Suerge wéinst dem Donald Trump senger Politik a Saachen Taxen? Mir hu mat der Generaldirectrice vun der Spuerkeess geschwat.
-
D'Direktesch vun der Autorité Luxembourgeoise Indépendante de l'Audiovisuel (ALIA) iwwer déi nei Radiodiffusiouns-Technologie DAB+, déi geschwënn zu Lëtzebuerg lancéiert gëtt.
- Visa fler