Avsnitt
-
Eng gutt gefëllten Episod gëtt et dës Woch: esou ass zum Beispill DOOM The Dark Age released an huet, trotz fantastesche Reviews, duerch säi Präis d'Debatt ronderëm 80 Euro-Games weider ugefacht, GTA 6 huet alt nees eise Podcast gelauschtert an eise Wonsch no engem neien Trailer erhéiert an de Mike schwäermt an den allerhéchsten Téin vu Clair Obscur. Dat alles a vill méi an dei neier Episod vu Gamer Things. LFG!
-
Et ass souwäit: GTA 6 gouf op de Mee 2026 verluecht (dem MARC seng Schold) a souguer deen Delay huet Afloss op déi gesamt Gaming-Industrie an dat dann och op d'Game of the Year. Domat sinn d'Chance fir CLAIR OBSCUR EXPEDITION 33 opjiddefalls mol geklommen. Mat ARC Raiders steet een neie Kandidat fir d'Extraction-Kroun virunder Dier a Gaming-Newssäite kämpfe géint den Ënnergang. Dat a nach villes méi an der neitster Episod Gamer Things! Have fun!
-
Saknas det avsnitt?
-
BUNGIE huet endlech hiert neit Spill revealed, an d'Reaktioun ass en euphoresche "meh". Dem Petz säin Häerz schléit héich well de Mike STAR CITIZEN gespillt huet. Ausserdem gëtt et eng kleng Review zum momentane Stand vun Geforce NOW, NVIDIA hierem Cloud-Gaming. Vill Spaass a bis geschwënn!
-
D'Jonge vu Gamer Things huelen sech déi ganz Nintendo Direct ënnert d'Loup: ass se vill besser? Sinn d'Spiller derwäert? Wéi innovativ war de japaneschen Hiersteller bei senger neitster Kreatioun? Dat an nach vill méi an der neier Episod vu Gamer Things.
-
No laangem Waarden ass et endlech souwäit, den neien ASSASSINS CREED ass do. Wéi gutt gefällt en eise Gaming-Jongen an ass d'Spill wierklech ze WOKE? Ausserdem beschäftegen si sech mam Sony KI-Leak: wat u sech just eng kleng Meldung zum Sony KI-Leaks ass, entwéckelt sech zu enger méi breeder Diskussioun iwwert déi rapid Entwécklunge vun der kënschtlecher Intelligenz an all hir Facetten an eisem Liewen.
De Petz huet och Gebuertsdag a gëtt ural. Mat Chance (an engem staarke Brëll) erkennt en nach deng Wënsch déi s du him kanns hannerloossen :D -
De Mike schwärmt iwwert den neie Monster Hunter Worlds wéi soss nëmme frësch verléiften Teenager et maachen. Natierlech kommen eis Jongen och net laanscht de Battlefield Gameplay deen dës Woch geleaked gouf. A wie bis zum Schluss bleift, dee kritt dee villäicht gréisste Konflikt an der Geschicht vu Gamer Things mat.
-
Ganz gespaant hunn d'Jongen sech all déi nei an net sou nei Titelen aus der Sony State of Play ugekuckt an sech Gedanke gemaach wat dann sou ze erwaarden ass, a wat da léiwer net. Lauschtert oder kuckt eran, schwätzt matt an de Kommentarer oder loosst hinnen e Moien! Vill Spaass!
-
Nieft enger Rei "Rants" iwwert den Zoustand vu verschidde Videospill-Franchisen, freeën sech eis Gamer awer iwwer zwee grouss Releasen, déi an de Startlächer stinn. Kingdom Come Deliverance 2 a Civilization 7 sinn alle Béid Blockbuster an entgéint de rezenten Trends, schénge béid gutt unzekommen. Dëst a villes méi wéi gewinnt an der neier Episod vun eisem Podcast Gamer Things.
-
Xbox huet seng Fans enttäuscht a Nintendo huet seng Fans glécklech gemaach. D'Xboxhuet senge Fans eng Developer Direct presentéiert, mee leider konnt déi net wierklechiwwerzeegen. Dofir huet Nintendo endlech déi nei Switch presentéiert. Dat an nach villes méi an der neier Episod vu Gamer Things.
-
MARVEL RIVALS gëtt fantastesch an den ELON MUSK-Skandal gouf opgedeckt!
Marvel Rivals huet hir 1. Staffel presentéiert an dat direkt mol mat zwee vun de Fantastic Four Charakteren. Dem Petz gefält natierlech sech kenne laang a schlank ze maachen. Call of Duty huet aktuell Problemer domat hir Spillerbasen ze behalen. An huet de räichste Mann vun der Welt sech beim Streame vu Path of Exile 2 blaméiert? -
D'Jonge vu Gamer Things hunn dat lescht Joer Revue passéiere gelooss.
VILL LUCK+20 AM NEIE JOER! Mir hunn et iergendwéi gepackt: 2024 ass eriwwer a mir kucken zeréck op d'High- a Lowlights vun de leschten 12 Méint. E bëssen After-Christmas-Gelabbers dierf natierlech och net feelen. Mir hoffen du has ee gudde Rutsch a mir freeën eis drop dech och 2025 weiderhin amüsant iwwert Gamingwelt z'informéieren. GG
De ganzen Detail gëtt et fir dech an der neier Episod vu Gamer Things. -
Lescht Woch goufen d'Game Awards zu Los Angeles verdeelt.
Mir hu bombastesch Game Awards hannert eis, mee trotzdeem ginn et divers Kontroversen déi beschwat musse ginn...
De ganzen Detail gëtt et fir dech an der neier Episod vu Gamer Things. -
SONY mat allerlee Neiem an d'Game Awards sti virun der Dier!
Sony léisst vill vun sech héieren an der Lescht an dat mat engem eventuelle Kaf vum Publisher FromSoftware, enger neier Handheld-Konsol a Cloudgaming op der Playstation Portal! Dobäi dierfen d'Nominatioune vun de Game Awards 2024 awer net ze kuerz kommen. De Mike an de Marc kucken iwwert d'Lëscht a ginn hire Pefferkär bei all Kategorië bäi.
Dat a villes méi erwaart dech an der neier Episod vu Gamer Things. -
Bioware ass zeréck am RPG a Warcraft feiert 30 Joer! Bioware féiert hir bekannten Dragon Age-Rei weider a kann endlech erëm iwwerzeegen. Dann feiert Warcraft 30 Joer a Blizzard huet divers News zu deem Thema...
-
CALL OF DUTY Black Ops 6 ass do, UBISOFT a BLIZZARD maache Money-shenaniggans.
Ee vun de Shooter-Spiller vun allen Zäiten ass endlech do. Eis Gaming-Jongen hunn den neie Call of Duty natierlech getest an zielen dir wat si dovunner halen. Donieft huet Blizzard awer och nach e kontroverse Montant fir Echtgeld rausbruecht an de Petz mécht seng Podcast-Kolleege mam neien NFT-Hit vun Ubisoft bekannt. A jo och si mussen, hoffentlech fir eng leschte Kéier iwwert d'Spill Concord schwätzen.
Vill Spaass a Good Game! -
Horror Oktober mat Silent Hill 2 an aneren Titelen - egal op Game oder Film! Eis Gaming-Nerds haten zwar ufanks nach News um Programm stoen, mee duerch d'Gespréich ronderëm de Silent Hill 2-Remake sinn si an d'Oktober-Horroreuphorie geroden an hunn sech iwwert déi grujelegsten Erfarungen aus der Entertainmentbranche ausgetosch. Hunn si déi Schlëmmste genannt oder fält dir nach en Titel an deen si vergiess hunn?
-
An der neier Episod vu Gamer Things steet een Thema am Vierdergrond an dat ass d'LGX. Nieft dem Haaptthema hunn si nach een Debakel ronderëm d'USK-Steam mat dobäi an Ubisoft huet schonn nees eng komme gelooss.
-
De grousse Sony-Flop CONCORD huet anscheinend nach vill méi kascht wéi bis elo ugeholl, de Vince Zampella an EA hunn éischt Informatiounen iwwert den nächsten BATTLEFIELD verëffentlecht, an allerhand méi kleng Themen hu mir haut um Programm.
Vill Spaass a Good Game. -
Negativitéit ass modern! D'Leit schéngen sou verwinnt, se kritiséieren mëttlerweil Alles! D'Jongen vun Gamer Things bléiwen do léiwer um Buedem an weiderhinn mam vollen Duechbléck. Concord, en AAA Game ass no 2 Wochen schon annuléiert. Black Ops présentéiert omni-movement, Star Wars Outlaws gett aus Loscht an Laun schlecht geschwaat an Black Myth Wukong weist (spillerech) dass et nach geet wann een well. Lauschtert eran an schwäetzt matt beim neien Episode Gamer Things!
-
Et war erëm Zäit fir d'Gamescom a genau dowéint gëtt et fir dës Woch nëmmen een Thema...
- Visa fler