Avsnitt
-
Dragon's Dogma 2 ass eraus an trëfft op gemëschte Gefiller. Net sou Madame Web, deen di ganz Welt instant verdrängt huet. Ausserdeem klammert de Marc sech un all kleng News zu Hollow Knight 2, an de Petz kann et net méi verheemlechen, dass e Starfield trotz allem liebt. Dat avilles méi, diskutéiert mat a Good Game.
-
Mir hunn erëm e ganze Pack Theme fir iech. Nieft der Battlefront Classic Collection an Dragon's Dogma 2, schwätze mir nach iwwert esou munch nei Traileren déi erauskomm sinn.
-
Saknas det avsnitt?
-
Eis Jonge schwärmen iwwert hier gemeinsam Zäit am neien Helldivers 2, Elden Ring Fans levelen ëmsoss, an de rasante Fortschrëtt a kënschtlecher Intelligenz, wéi zB de SORA vu Google, gëtt ëmmer méi Ustouss zum Nodenken...
-
An Helldivers 2 stierze mir eis kooperativ an e groussen Intergalaktesche Krichan erliewe grandios Action. Dann hu mir laang drop gewaart, mee endlech ass et esouwäit, den Trailer zum Elden Ring DLC Shadow of the Erdtree ass endlech online.
-
De Petz huet sech duerch d'Open Beta vu Skull and Bones gequäält, de Mike huet nom Spaass bei Suicide Squad gesicht an de Marc huet Angscht ëm Apex Legends. An natierlech ass Fuesent zu Lëtzebuerg an eis Gamer freeën sech schonn op d'Verkleeden. Loosst iech dat op kee Fall laanscht d'Clownen-Nues goen.
-
D'Joer 2024 huet ugefaangen a mir hunn an dëser Episod beschwat wat mir esou an de Feierdeeg gezockt hunn. Dozou hu mir eis ugekuckt wat fir Spiller eis am Joer 2024 esou erwaarden...
-
Mir loossen 2023 Revue passéieren, e fantastescht Joer fir d'Gamer, mee och mat e puer Anti-Banger. Wat waren är Liblingsspiller vum leschte Joer, a wéi eng hunn iech am meeschten enttäuscht ?
-
D'Jonge vu Gamer Things beschäftegen sech mam sagenhaften Release vun "The Day Before"! Nach ni an der Geschicht vun der Gamingindustry huet e Spill 4 Deeg no dem Release esou vill Welle geschloen. Do kënnen se sech just nach mam GTA6Trailer an The Finals tréischten!
-
Amazon bréngt mat Fallout eng vun de beléiftste Gaming Franchisen an de Fernsee a begeeschtert mat engem fantasteschen éischten Trailer eis 3 Vaultdwellers. Fortnite kënnegt mat Lego a Rocket League zwou grouss Partnerschaften un an d'Post Esport Masters kritt en Upgrade mat 3 beléifte Spiller. Alles dat a villes méi, wéi ëmmer mat enger gudder Portioun "Humor".
-
Call of Duty steet an dëser Episod erëm voll am Fokus. Mir diskutéiere wéi mir de Start vun COD empfannen. Dozou sinn déi Nominéiert fir d'Game Awards eraus an och do ginn et verschidde Saachen ze beschwätzen...
-
D'Jonge vu Gamer Things schwätzen iwwert hir Freed fir den neie "Survival Horror" vun "Alan Wake 2" a sinn net d'Accord mat der Solo-Campagne vun MW3. Awer och "The Finals Beta" huet se begeeschtert. Villverspriechend an alles wat e Shooter brauch! Dat a villes Aneres an der neier Episode vu Gamer Things!
-
Eis hauseege Gamer schwéngen sech am neie Spider-Man 2 duerch New York, bouncen duerch de Flower Kingdom a Super MarioBros. Wonder, an diskutéieren iwwert d'Vir- an Nodeeler vum Monopoliséiere vun der Gaming Industrie. Schwätzt mat a gewannt eis vollst Bewonnerung.
-
Mat Assassin's Creed Mirage a Modern Warfare 3, wëllendirekt zwou vun de laangbewährteste Gaming Franchisen domat Punkten erëm an nees "back to the roots" goen. Ob et hinne geléngt, an ob dat dawierklech ëmmer gutt ass, doriwwer a villes méi philosophéieren eis 3 Manetten.Lauschtert ran, schwätzt mat, a genéisst di schéin Hierschtfaarwen déi lues alues zur Geltung kommen ;) Vill Spaass.
-
D'Jonge vu Gamer Things mierken, dass ENDLECH de Summer eriwwer ass, an se ongestéiert doheem zocke kënnen, ouni ee schlecht Gewëssen an en iwwerhetzte PC ze hunn! Starfield, Cyberpunk a Resident Evil 4 maachen daat och ganz angenehm.
-
Eis kleng Summerpaus ass eriwwer, a wat gëtt et besseres fir di lescht Sonnestralen ze verjoe wéi di gréisste Gaming Convention op der Welt? Mir loossen d'Ukënnegunge vun der Gamescom Revue passéieren, a ginn eisen éischten Androck vu Starfield, dem neie Bethesda Blockbuster sou wéi och de Game of the Year Contender Baldur's Gate 3. An natierlech gëtt et och rëm de Fan-Favorite: Lëschtegt GEPLÄNKEL!
Vill Spaass a loosst eis gären äre Feedback hei. GG -
Mëttlerweil ginn et super vill Videospill-Verfilmungen an och Serien dozou. Wéi eng eis Liblings-Verfilmunge sinn a wat fir eng fir eis déi Schlechtste sinn, erziele mir iech an dëser Episod...
-
D'Jungs schwätzen, spekuléieren an erënneren un di kënschtlech Intelligenz an de Videospiller. D'Gamer kennen se io elo schonn sou laang wéi et Videospiller ginn, mee wat fir een Impakt huet déi modern "AI" dann op d'Industrie an op de Konsument? Eng Spezial Episode fir matzeschwätzen!
-
Zwee Spiller hun an de leschte Wochen en enorme Succès fonnt, BATTLEBIT Remastered an Only Up! A wie wonnert et? Et gëtt vläit nees déi eng oder aner onerwaarte Meenung vun eisen 3 Podcastagnetten.
The Crew Motorfest, Ratchet and Clank, an Tinykin sin aner Spiller iwwert déi mer och e bësse schwätzen, sou wéi och rëm e ganze Koup lëschtegt Gebraddels, sou wéi eis Zuschörer et gewinnt sinn. -
De Mike an den Marc maachen sech Gedanken wat dann esou déi beschten a fetteste Spiller sinn, an déi ee kann an der Summervakanz erantauchen fir gutt ze profitéieren. Hunn se Spiller vergiess? Sot eis Bescheed!
- Visa fler