Avsnitt
-
Aarmut mécht krank, seet d'ONG, a widderhëlt hir Fuerderung no enger Couverture universelle des soins de santé (CUSS) fir Leit ouni CNS-Versécherung.
-
Nom NATO-Sommet zu Ankara: Froen un de President vun der aussepolitescher Chamberkommissioun.
-
Saknas det avsnitt?
-
Dierf eng gewielte Politikerin sech fir hir eegen Interessen als Geschäftsfra asetzen? D'Barbara Agostino huet dat gemaach a gouf dofir Partei-intern kritiséiert.
-
De Gesetzesprojet iwwer d'Comparution accélérée gouf op den Instanzewee geschéckt. Et ass e weidere Schrëtt am Kampf géint déi organiséiert Kriminalitéit. Haut ass an der Chamber iwwerdeems de Vott iwwer de Gesetzesprojet iwwer den Informatiounszougang fir Journalisten. De Presserot hat den Text zwar generell begréisst, eenzel Punkten awer kritiséiert.
-
D'Associatioun, déi Leit um Enn vun hirem Liewen esouwéi Famille begleet, wëllt d'Aarbecht mat Kanner a Jugendlechen ausbauen. Omega 90 wëllt dofir en Zentrum fir pediatresch Palliativfleeg zu Hamm schafen.
-
Wéi sollen eis Stied an Dierfer méi resilient gi géint Hëtztwellen? Doriwwer schwätze mir mam President vun der ASBL vun de Lëtzebuerger Amenageuren an Urbanisten. Hie reagéiert och op Iddie vun eisen Nolauschterer an Nolauschterinnen, wéi den urbane Raum kéint méi gréng ginn.
-
De MUDAM feiert 20 Joer. Spiert seng Directrice haut nach Nowéie vu senger turbulenter Entsteeungsgeschicht a wéi soll de Musée sech zukünfteg entwéckelen?
-
Wéi kënne mir eis Stied, Schoulen, Bürosgebaier a Wunnenge besser op Hëtztwelle preparéieren? Dat froe mir d'Presidentin vum Ordre des Architectes et des Ingénieurs-Conseils. D'Architekte mussen déi haiteg klimatologesch Realitéit scho bei der Konzeptioun vun neie Constructioune bedenken.
-
Wéi eng Léieren zitt de Stater CSV-Schoulschäffen aus der Organisatioun an de Schoulen a Foyere wärend der Hëtztwell? War et richteg, fir kee generelle schoulfräi ze ginn?
-
Wéi soll d'Lëtzebuerger Landwirtschaft zukünfteg ausgesinn? Dat froe mir déi zoustänneg Ministesch. E Gespréich iwwer Hëtztwell, EU-Düngemëttel-Plang a Mëllechbaueren
-
Zanter genee 65 Joer këmmert de Fonds Kirchberg sech ëm d'Entwécklung vun deem groussen Deel vun der Stad, deen ursprünglech just e Feld war. Wat sinn d'Ziler fir de Quartier haut?
-
Mir schwätze mam Klimatolog iwwer déi aktuell Wiederlag, ëmmer méi heefeg Hëtztwellen a wat Lëtzebuerg nach muss maachen, fir seng Klimaziler ze erreechen.
-
Mam Slogan "Let's make it happen" gëtt Lëtzebuerg zanter 10 Joer heiheem an an der Welt vermaart. Mir froen d'Beryl Koltz, wat d'Campagne bréngt an nach brénge soll.
-
An der Suite vum Weltflüchtlingsdag vum 20. Juni schwätze mir mat der Presidentin vun der consultativer Mënscherechtskommissioun CCDH iwwer déi nei Asylreegelen.
-
D'Hôpitaux Robert Schuman plangen eng Struktur fir ambulant Chirurgie op der Cloche d’Or. De Projet kënnt zu engem Zäitpunkt, wou d’Regierung grad nei Reegele fir ambulant Strukture virbereet. Ass dat d’Zukunft vun de Spideeler? A wéi grouss gëtt d’Konkurrenz tëschent Klinicken a privaten Initiativen? Dat froe mir de Marc Berna, President vun der FHL a Generaldirekter vun den Hôpitaux Robert Schuman.
-
D'Association Luxembourgeoise des Bibliothécaires, Archivistes et Documentalistes begréisst dat neit Bibliothéiksgesetz, dat d'Chamber gëschter gestëmmt huet - mat just e puer klengen Aschränkungen.
-
D'FDA fuerdert, datt d'Reform vum Statut vum Independant - déi am Koalitiounsaccord ugekënnegt gouf - elo endlech ugepaakt gëtt.
-
E Freideg trëtt dat neit Gesetz iwwer d'Ouvertureszäiten am Commerce a Kraaft. Wat ännert?
-
No der Affaire Lyhanna a Frankräich: wéi geet d'Lëtzebuerger Justiz a Fäll vun Abus sexuel mat de presuméierten Täter ëm?
-
Theeme sinn déi Klima-onfrëndlech Mesuren am Resilienzpak, Ännerungen um Naturschutzgesetz a Warnunge ronderëm déi schlecht Qualitéit vun de Lëtzebuerger Gewässer.
- Visa fler