Avsnitt
-
Dës Kéier sti Wierder am Fokus, mat deenen een op Lëtzebuergesch d’Eegenschafte vun engem Wäin erkläert. Wat schmaacht een, wat richt een? An dësem Episod geet den Armand Becker op vereenzelt Wierder an an erkläert, wat se bedeiten.
-
Den Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch (ZLS) huet e Buch geschriwwen. Vill Leit hunn dem ZLS gehollef. D’Buch heescht: “Liicht Sprooch Lëtzebuergesch”. D’Josiane Boever vum ZLS erkläert: Wiem hëlleft Liicht Sprooch? Wat ass Liicht Sprooch? An dëser klenger Intro krut Dir en éischten Androck vun der Liichter Sprooch. Lauschtert den Episod, wann Dir nach méi wëllt gewuer ginn!
Hei kann de Guide vun der Liichter Sprooch erofgeluede ginn.
-
Saknas det avsnitt?
-
D’Sara Martin vum ZLS schwätzt iwwer déi verschidde Méiglechkeeten, déi een am Lëtzebuergeschen huet, fir vu sech selwer ze schwätzen, an erzielt, wat et z. B. mat Ausdréck wéi "de Jëwwi“ a "meng Wéinegkeet“ op sech huet.
-
An dëser Episod erkläert d’Sarah Muller de linguistesche Begrëff “Idiolekt“. Dëst Wuert setzt sech aus de griicheschen Elementer “idio“ a “lektos“ zesummen an heescht esou vill wéi engem seng perséinlech Aart a Weis fir ze schwätzen. All Persoun huet hire ganz eegene Sproochgebrauch, dee vun hirem Liewenswee gepräägt ass a sech mat der Zäit och ka veränneren.
-
An dëser Episod erzielt den Daniel Wagener vum ZLS eis, firwat d’KI sech deelweis nach mam Lëtzebuergesche schwéierdeet. Unhand vun enger KI-generéierter Geschicht gi mer gewuer, datt sech Toole wéi ChatGPT zum Beispill gär mol Wierder ausdenken, déi et esou am Lëtzebuergeschen eigentlech net gëtt. Den Daniel Wagener verréit eis, wourunner dat läit: nämlech un engem Mangel un Daten. Well där brauch eng KI méiglechst vill an am beschten aus verschiddene Quellen. Ma firwat ass grad dat fir d’Lëtzebuergescht eng Erausfuerderung a wat gëtt gemaach, fir d’KI an Zukunft nach méi fit am Lëtzebuergeschen ze maachen?
-
An dëser Episod erzielt d’Isabel Andrade Bento vum ZLS, wat een esou alles ënner Zopp ka verstoen. Wéini ass eng Zopp eng Zopp? Wat sinn d’Krittären, déi dës Plate mussen erfëllen, fir esou bezeechent ze ginn, a wat qualifizéiert se, fir am LOD opgeholl ze ginn? Wat sinn d’Iwwersetzungen, déi am Lëtzebuerger Online Dictionnaire fir dës Wierder proposéiert ginn, a wéi eng Froe stelle sech beim Redigéiere vun esou Artikelen?
-
Setzt Iech un den Dësch a kuckt Iech d’Läffelsgeschier emol un – mam linguistesche Brëll op der Nues! D’Forschett kënnt aus dem Franséischen, d’Messer aus dem Däitschen. De Läffel och, mee do gouf awer scho méi drun hantéiert: Aus dem däitsche Löffel ass e lëtzebuergesche Läffel ginn. Eent zu eent iwwerholl oder verlëtzebuergescht? Wat fir eng Fäll kann een am Lëtzebuergesche begéinen? A gëtt et eng Upak, fir et ëmmer “richteg“ ze maachen? Den Alexandre Ecker vum Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch presentéiert e puer esou Fäll an deelt seng Gedanken iwwer dës Froen.
-
Bei ville Wierder ass ee sech net sécher, wéi se hanne geschriwwe ginn. Et schreift een nämlech net ëmmer dat, wat een héiert. Ass et “gudd“ oder “gutt“, “e Léiw“ oder “e Léif“, “eng Kierb“ oder “eng Kierp“? Do kann ee schonn emol duercherneekommen. D’Josiane Boever presentéiert an dëser Episod en einfachen Trick, fir dës kniwweleg Wierder ëmmer richteg ze schreiwen.
-
An dëser Episod hëlt d’Nathalie Entringer Iech mat op eng Rees duerch d’Lëtzebuerger Kannersprooch, vun der Miissi iwwer de Brummbrumm bis bei d’Dada. Lauschtert eran, wann Dir méi wëllt doriwwer gewuer ginn, wéi kleng Kanner - awer och déi Erwuessen, déi mat hinne kommunizéieren - schwätzen.
-
Riefzort a Cepage, Pinot gris a Rulänner – wat gëtt et Sproochleches iwwer d’Riefzort als Wuert selwer, awer och iwwer déi verschidde Riefzorten, déi een op der Lëtzebuerger Musel dacks begéint, ze soen?
-
An der Episod vun haut gi mer eppes iwwer Autoantonymmen, och Januswierder genannt, gewuer. Domat si Wierder gemengt, déi mindestens zwee Sënner hunn, déi kontradiktoresch sinn. Dëst ass e Phenomeen, deen et a ville Sprooche gëtt, awer relativ seele virkënnt.
-
Et geet ëm Wierder, déi d’selwecht ausgeschwat respektiv d’selwecht geschriwwe ginn, awer ënnerschiddlech Bedeitungen hunn. D’Isabel Andrade Bento erkläert och unhand vun e puer Beispiller, wéi déi Wierder am Lëtzebuerger Online Dictionnaire (LOD) gewise ginn.
-
Nodeems an enger viregter Episod iwwer d’Neologismussen am eelere Luxemburger Wörterbuch geschwat gouf, kuckt den Daniel Wagener dës Kéier, wat de Lëtzebuerger Online Dictionnaire zu dësem Theema verréit.
-
Mixer, Täschebuch a Lënsch: An dëser Episod geet et ëm Neologismussen am Luxemburger Wörterbuch (LWB). D’Sara Martin erkläert, wat sech hanner dem Term “Neologismus“ verstoppt, an huet eng ganz Partie Beispiller aus dem LWB matbruecht.
-
Fir den internationalen Dag vun der Mammesprooch den 21. Februar hëlt d’Sarah Muller de Begrëff "Mammesprooch“ ënner d’Lupp.
-
"D’Lëtzebuerger Sprooch(en)“- esou heescht déi mobil Ausstellung vum ZLS, dem Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch, déi zanter 2023 den Tour duerch d’Land mécht. Wéi déi Ausstellung ausgesäit a wat den Inhalt ass, gitt Dir an dëser Episod gewuer.
-
Géi mer aus den Aen! Oder éischter: Ech hunn nëmmen Ae fir dech? Villes dréint sech an eiser Sprooch ronderëm d’Aen, wa mer iwwer Gefiller schwätzen. D’Josiane Boever huet eis e puer Beispiller matbruecht.
-
Vun Zuelwierder a Kommazuelen: An dëser Episod schwätzen d’Sara Martin an de Christopher Morse vum ZLS iwwer d’Zuelen am Lëtzebuergeschen an doriwwer, wéi d’Liesmaschinn léiert, mat verschiddenen Zueleformater ëmzegoen.
-
Wat ass Balleg? Wat sinn Heffen? Haut geet et ëm Begrëffer, déi ee wärend an och no der Lies beim Wënzer an der Kellerei héiert.
- Visa fler