Avsnitt
-
D'Zoé Caruso - vum klengen Tollpatsch zum All-Star op der Riester Bant ! Wéi ass et dozou komm? Wat huet hatt geprägt? A wéi huet hatt den Championstitel gefeiert? An natierlech gëtt et net nëmmen Handball: Ass hatt méi Team Kaiserschmarren an Après-Ski oder léiwer Cocktail op der Plage? Lauschtert eran a léiert d’Zoé vun enger anerer Säit kennen – bescheiden, sympathesch an haut ee vun de wichtegste Piliere vum HBD.
-
E klenge Androck an dem Aldin Zekan seng Welt. Wat et heescht mat 2 Bridder opzewuessen déi och Handball spillen, wat seng Meenung zum lëtzebuerger Handball ass an nach vill méi. Hien gëtt eis och e klengen Abléck hannert Kulisse vun eisen Hären, wien nervt, wien ass de Clown a wien hätt dann heiansdo besser manner ze schwätzen. Wat hält den Aldin vun der aktueller Situatioun zu Lëtzebuerg a wei gesäit säi Liewen aus. Mir si frou dass den Aldin sech eis offenbar huet an eisen éischten Invitée war.
-
Saknas det avsnitt?