Avsnitt
-
Déi 3 Aïshelleg hunn Nimm. Net direkt geleefeg Nimm, dat huet eise Sproochmates Alain Atten selwer och nach esou erlieft wéi an d'Schoul gaangen ass.
-
Den Alain Atten konzentréiert sech op de 5. Mount vun dësem Joer, de Mee. Do ginn et dach eng Rei Begrëffer fir dëse Mee.
-
Saknas det avsnitt?
-
Den Dag vun der Aarbecht, dee fält op den 1. Mee an do wiere mir am 5. Mount vun dësem Joer. Wat ee alles iwwert dee Mee soss nach ka wëssen, dat weess eise Sproochmates Alain Atten.
-
Wat dierf fir Ouschteren net feelen? Richteg, d'Ouschtereeër. Där kruten der d'lescht Woch sécherlech vill der geschenkt. Ouschtereeër, wéi mir se kennen, ginn et awer net zanter ëmmer. Eise Sproochmates Alain Atten weess zanter wéini a wat et mat deem Brauch op sech huet.
-
Eng Woch virun Ouschteren: Eise Sproochmates Alain Atten erzielt eis elo mol wat et mam Dag vun haut op sech huet.
-
Haut ass Ellesonndeg, an domadder konnt een dacks de Spunnes maache wann een dann engem gewënscht huet. Awer eise Sproochmates Alain Atten erkläert, datt deen Ellesonndeg falsch verstanen ass.
-
Hoffentlech hutt Dir net vergiess är Bretzel ze besuergen! Abee eise Sproochmates Alain Atten huet en einfache Sprong fir datt Dir net méi vergiesst, wéini deen Dag ass.
-
Wéi gëtt d'Wieder? Dat léisst sech haut erausfannen unhand u ville meteorologesche Miessstatiounen. Fréier war dat anescht, do gouf et keng esou technesch Apparater an do huet ee sech u bestëmmten Deeg gehalen, wéi eis de Sproochmates Alain Atten erkläert.
-
Wat huet de Bounesonndeg mam Buergsonndeg ze dinn, dee mir déi lescht Woch gefeiert hunn? A firwat kenne der vill dee Sonndeg haut net méi? Den Alain Atten kläert op.
-
Haut ass Buergsonnden. Eise Sproochmates Alain Atten erkläert wat dëse Sonndeg mat der Kierch an de Ritter ze dinn huet a firwat een dëse Sonnden och nach déi al Fuesent nenne kann.
-
Mir sinn dru wéi d'Pan an der Fuesent, dee Saz huet elo näischt mat de Fuesdeeg ze dinn, an och soss näischt mat der Fuesent. Ma dëst huet ee soss gäre gesot, fir matzedeelen, datt ee ee vill ze schaffen hat, esou vill datt een net méi driwwer gesinn huet. Eise Sproochmates Alain Atten erkläert wat et mat dem Sproch mat där Pan op sech huet.
-
Den Dag ass erlaanscht, de 14. Februar war Vältesdag. Ma deen Dag geet och op en Hellegen zréck an dat weess eise Sproochmates Alain Atten beschtens ze erklären.
-
Den Alain Atten huet sech haut mam Plunnendag. Wou dësen Ausdrock hierkënnt a mat wat fir engem Hellege mir do ze dinn hunn, dat weess eise Sproochmates.
-
Haut ass Liichtmëssdag. Déi leschte Woch hate mir schonns iwwert dësen Dag rieds, esou datt mir op muer, 3. Februar kucken an zwar op Blasiendag. Eise Sproochmates Alain Atten erkläert wat et mat deem Hellegen op sech hat.
-
Muer de 6. Januar ass Dräikinneksdag. Abee wat huet et mat dësem Dag op sech, ausser datt ee sech op d'Galette des rois freet? Eise Sproochmates Alain Atten erkläert als éischt, datt déi 3 Hären guer keng Kinneke waren.
-
Hellegowend, Chrëschtdag an dann de 26. Dezember ass Stiefesdag. Abee Stiefesdag huet och en aneren Numm an eise Sproochmates Alain Atten erënnert un e ganze ale Brauch op deem Dag, op deem beileiwen net gefeiert gouf. Do geet et bis zu 200 Joer zréck an der Geschicht.
-
Wou kënnt de Brauch vum Chrëschtbeemchen hier? Dat ass eng gutt Fro, déi net esou einfach ze léisen ass, dat weess och eise Sproochmates Alain Atten.
-
Den 1. Dezember gouf déi éischte Käerz um Adventskranz ugefaangen. Domadder ass eng Zäit ugaangen, déi op dat grousst Fest vun de Chrëschten zousteiert: Chrëschtdag, eng Zäit mat ville Bräich. De Brauch vum Adventskranz bréngt eis de Sproochmates Alain Atten e bëssi méi no.
-
Nach e puer mol schlofe goen, an dann ass de Kleeschen do. De 6. Dezember ass Kleeserchersdag an eise Sproochmates Alain Atten bréngt eis dee beléifte Personnage geschichtlech e bëssi méi no.
-
Wie vum Kleesche schwätzt, kënnt net laanscht den Houseker. Eise Sproochmates Alain Atten erënnert un dee Gesell, deen d'Kanner an der Kleesercherszäit fäerten, den Houseker an erënnert un al Zäiten.
- Visa fler