Avsnitt

  • Eescht, witzeg oder heiansdo souguer carrément skurril: Am neitsten Episod vum Podcast Lecture vun heiheem erzielt de Robbie Martzen vu senge Reesen.

    Lëtzebuerger reese gären, dat ass gewosst, an de Robbie Martzen, 1969 zu Lëtzebuerg gebuer, ass do keng Ausnam. A sengem éischte Buch, dat ënnert dem Titel "A Pint of Fish Fingers" bei Black Fountain Press erauskomm ass, erzielt hie vu senge Reesen, déi e gréisstendeels an engleschsproocheg Länner gefouert hunn. Am Interview verréit hien wat een alles erliewe kann wann een ouni e Su an der Täsch zu London festsëtzt, wat d'Leit op der anerer Säit vum grousse Pull iwwer Lëtzebuerg wëssen, (oder och net) an dass déi spannendst Reesen een heiansdo op ganz onerwaarten Destinatioune féiere kënnen...

  • Iergendwéi hänkt alles schif, am Liewe vun de Personnagen aus dem Guy Helminger senge Kuerzgeschichten

    Biller déi vun der Mauer verschwannen, Bicher déi aus Regaler erausfalen, e kollektiven Dram an e Schrëftsteller dee bei engem Openthalt am Spidol an eng aner Dimensioun ze gerode schéngt. Fir d'Personnagen an dem Guy Helminger senge Stories ass op eemol näischt méi esou wéi et emol war. Hir Welt geréit an d'Rutschen, wéi e Stillleben dat alles anescht wéi stëll ass. An dëser Episode vum Podcast "Lecture vun heiheem" erzielt de Guy Helminger awer net nëmmen vun de Verbindungen tëscht senge Figuren déi sech tëscht de Geschichten hin an hier bewegen an dobäi ëmmer nei Facetten vu sech präisginn. De Schrëftsteller a Globetrotter léisst eis och u senge Reesen deelhuelen. Viru kuerzem war hien an Indien an am Nepal, hien erënnert sech awer och u säi Besuch a Brasilien. A wien de Guy Helminger kennt, dee weess, dass hien sech op senge Reesen och op Plazen traut, déi den duerchschnëttlechen Tourist éischter net um Radar huet...
    "Das Geräusch der Stillleben" vum Guy Helminger ass bei Capybarabooks erauskomm

  • Saknas det avsnitt?

    Klicka här för att uppdatera flödet manuellt.

  • Wouerecht oder Liggen? Realitéit oder Illusioun?

    E Mann erwächt aus dem Koma a ka sech un näischt méi erënneren. No an no probéiert hien d'Puzzlestécker vu sengem Liewen nees zesummenzesetzen a mécht dobäi onerwaarten Entdeckungen. Seng Kandheet an engem verruffene Quartier, seng Fra mat der iergend eppes net stëmmt, seng Aarbecht an enger Zeitungsredaktioun a kromm Geschäfter déi e besser gehat hätt einfach ze ignoréieren...an d'Fro wéi en eigentlech an déi Situatioun komm ass an der en sech elo erëmfënnt. Ass en einfach esou an de Koma gefall...oder iere gestouss ginn?
    A sengem Erzielwierk "Kappgras" féiert den Nico Helminger säi Protagonist (an domat och de Lieser) an e Labyrinth aus Wouerechten an Hallefwouerechten, aus Fakten an Illusiounen. Et kritt een e Feeling vu "Film noir", dat duerch déi vill cinematografesch Referenzen nach verstäerkt gëtt. Am Interview verréit den Nico Helminger awer och, wat säin Alter Ego Tomas Bjørnstad als nächst geplangt huet.
    "Kappgras" vum Nico Helminger ass bei den éditions Guy Binsfeld erauskomm

  • Déi däitsch-ungaresch Schrëftstellern huet scho vill Präisser gewonnen. Mat hirem Roman "Muna" stoung si op der Shortlist vum däitsche Buchpräis 2023.

    Georg-Büchner-Preis, Ingeborg-Bachmann-Preis, Deutscher Buchpreis 2013: d'Terézia Mora ass eng wichteg Stëmm an der aktueller däitscher Literatur.
    Op Invitatioun vum Institut Pierre Werner war déi däitsch-ungaresch Schrëftstellerin de 5te Mäerz op Besuch zu Lëtzebuerg. Nodeems si schon 2013 den däitsche Buchpräis fir "Das Ungeheuer" kritt hat, huet si et mat dem neitste Roman "Muna oder Die Hälfte des Lebens" och 2023 nees op d'Shortlist gepakt. D'Muna huet 18 Joer a lieft 1989 an Ostdäitschland, kuerz ier d'Mauer fällt. Déi jonk Fra begéint dem Magnus, verléift sech an hien a verbréngt eng Nuecht mat him. Da verschwënnt hien, an et wäert 7 Joer daueren ier si sech erëmbegéinen. Et entwéckelt sech eng Bezéiung, déi allerdengs vun emotionaler Keelt a souguer Gewalt geprägt ass. Trotzdem bréngt d'Muna et net fäerdeg sech vun him ze trennen. Aus senger Léift zum Magnus gëtt eng Obsessioun.
    Firwat léisst d'Muna, dat jo eigentlech eng intelligent an talentéiert jonk Fra ass, sech dat iwwerhaapt gefalen? Wéi ass et méiglech, dass hat als eenzegt net wouerhëllt, dass seng Bezéiung zum Magnus rengt Gëft ass? Déi Froen si mir beim Liesen net aus dem Kapp gaangen, an ech hu mech mat der Terézia Mora doriwwer ënnerhalen.
    "Muna oder Die Hälfte des Lebens" vun der Terézia Mora ass am Luchterhand Verlag erauskomm

  • Bulimie ass dacks nach ëmmer en Tabuthema. Dobäi ass déi Iessstéierung, déi meeschtens Meedercher a jonk Frae betrëfft, alles anescht wéi harmlos.

    An hirem Buch mat dem bewosst provokativen Titel "Zum Kotzen schön" erzielt d'Renée Reding vum Lisa, engem Meedchen vu 14 Joer, dat mat de Verännerungen déi säi Kierper an der Pubertéit duerchleeft, net eens gëtt. Hat fënnt sech ze déck a beschléisst ofzehuelen. Mä säi Plang geréit ausser Kontroll a vun do un bestëmmt d'Wo säin Alldag. Kalorien zielen gëtt zu enger Obsessioun, an de Sport, dee bis elo e schéinen Hobby war, gëtt zu engem Mëttel fir déi verhaasste Kalorien ze verbrennen. D'Lisa belitt seng Frënn, seng Famill a virun allem sech selwer. Sou laang bis et seng Ligen net méi oprecht erhale kann.
    Am Interview erzielt d'Renée Reding wat si dozou bewegt huet, dëst Thema opzegräifen a firwat et esou wichteg ass doriwwer ze schwätzen.

    "Zum Kotzen schön - Eine Geschichte über Bulimie und Freundschaft" vun der Renée Reding ass am Selbstverlag erauskomm. D'Autorin ka fir Liesungen iwwer d'Mailadress [email protected] kontaktéiert ginn.

  • Liewen an d'Liewe genéissen, trotz schwéierer Krankheet, dorëms geet et am Dréibuch "Dead Woman Waltzing" mat deem si den éischte Präis gewonnen huet.

    Als Actrice war d'Janine Horsburgh bis elo éischter a klenge Rollen ze gesinn, an internationale Produktiounen awer och a Lëtzebuerger Filmer wéi zum Beispill "Heemwéi". Dernieft huet si bis 2018 an der Waldorfschoul d'Fach Theater enseignéiert a bei Theaterprojeten Regie gefouert. Hiert Dréibuch "Dead Woman Waltzing" mat dem si den nationale Literaturconcours gewonnen huet, war fir si en Häerzensprojet. Am Interview erzielt si wéi en Dréibuch iwwerhaapt geschriwwe gëtt, si schwätzt vun deene Filmer un deenen si matgeschafft huet, a vun hiren Hoffnungen fir aus dem präisgekréinten Dréibuch e richtege Film ze maachen. An si verréit, wéi een Hollywood-Star hir heemlech Favoritin fir d'Haaptroll wier...

  • «Histoire de mon grand-père, réfugié allemand…Juif…et résistant français » oder wéi en Nazi-Krichsverbriecher duerch en Zoufall konnt verhaft ginn

    A sengem Buch « J’ai arrêté Otto Abetz»erzielt den Didier Eisack d’Geschicht vu sengem Grousspapp Joachim. Den Ënnertitel «Histoire de mon grand-père, réfugié allemand…Juif…et résistant français » resuméiert net nëmmen dat ganz mouvementéiert Liewen vum Joachim Eisack selwer. Seng ganz Famill gëtt zum Spillball vun deenen däischtere Kräften déi Europa an der éischter Halschent vum 20ste Jorhonnert dominéieren. D’Famill gëtt auserneegerappt, vill vun hinnen deportéiert an de Ghettoen oder an de Lageren ëmbruecht. Den Enkel Didier Eisack, Joergang 1954, huet jorelaang recherchéiert fir dat ze rekonstruéieren wat säi Grousspapp him net selwer erziele konnt. Eng Familjegeschicht déi duerch ganz Europa féiert an och Verbindungen zu Lëtzebuerg huet.
    Mä zeréck bei den Titel: wie war deen Otto Abetz vun dem hei rieds geet? Den Otto Abetz war an de Joren 1940 bis 1944 den Ambassadeur vun Nazi-Däitschland a Frankräich a war responsabel fir d’Deportatioun vun Zéngdausende vu franséische Judden op Auschwitz. Dernieft war hien um Déifstall vu jiddeschem Besëtz a Konschtwierker aus dem besatenen Deel vu Frankräich bedeelegt. Nom Krich ass den Abetz ënnergetaucht. An hei kënnt de Joachim Eisack (deen och als Richard Eisack bekannt war) an d’Spill. Duerch e pueren Zoufall, méi genee eng Etikett an engem Kleedungsstéck, kënnt hien dem Krichsverbriecher op d’Spur a kann den Otto Abetz am Oktober 1945 verhaften. Endlech Gerechtegkeet, kéint ee mengen. An tatsächlech gëtt den Abetz 1949 zu 20 Joer Zwangsaarbecht verurdeelt. Mä hie gëtt begnoodegt a kënnt schon 1954 nees op fräie Fouss.

    De Joachim Eisack dogéint kritt ni eng Unerkennung fir säin Exploit. Hie stierft de 24sten Oktober 1954 un engem Häerzinfarkt. Eréischt elo, bal 80 Joer méi spéit, ass seng Geschicht erzielt ginn, vu sengem Enkel Dider Eisack, mat deem ech mech op de Walfer Bicherdeeg 2023 ënnerhale konnt.


    "J'ai arrêté Otto Abetz" vum Didier Eisack ass bei den éditons Amalthée erauskomm.

  • Den éischte Gedichtband vun der jonker Lëtzebuergerin krut vill Luef vun engem prominenten däitsche Literaturkritiker.

    "Ein Glücksfall der deutschsprachigen Lyrik" mat deene Wierder huet de Björn Hayer der Chris Lauer hiert Wierk op Deutschlandfunk Kultur rezenséiert. Sécher keng alldeeglech Erfahrung fir eng Autorin aus Lëtzebuerg, an dofir ëmsou méi remarkabel. Hiren éischte Gedichtband mam Titel "Gut verräumte Sternschnuppen" ass sécher kee liichte Kascht. Der Chris Lauer hir Sproochwelt ass komplex a vielschichteg, a kann an hirer Offenheet och emol schockéieren. Ob et ëm perséinlech Relatiounen oder ëm déi grouss gesellschaftlech Theme geet, d'Chris Lauer, Joergang 1995, hëllt kee Blat virun de Mond. Am Gedicht "zu spät" schreift si:
    "Wie Brandopfer aus Wolkenkratzern, wie der Falling Man (ich war damals sechs und verstand das Bild nicht, ich drehte und drehte es, Ich verstand nicht was das sollte , Die Menschennaht auf einem übergrossen Streifenanzug)"

    Eng ganz perséinlech Erfarung, déi awer universell nozevollzéien ass. Dass dat Gedicht aus dem dës Zeile staamen sech eigentlech guer net ëm 9/11 dréint, mä villméi ëm de Klimawandel, mécht nach eng Kéier méi däitlech dass mir an enger Zäit liewen déi vu ganz ënnerschiddlechen Traumaen geprägt ass, Traumaen déi alleguer an der Chris Lauer hierer Lyrik erëmzefanne sinn.
    Ech sinn der jonker Dichterin begéint an hu mech mat hir iwwer hir "Gut verräumte Sternschnuppen" ënnerhalen.
    "Gut verräumte Sternschnuppen" vun der Chris Lauer ass bei Limbus Lyrik erauskomm.

  • E Band mat Kuerzgeschichten ronderëm en aussergewéinleche Personnage

    Journalist, Poet, Iwwersetzer, Auteur vun engem Roman an elo engem Buch mat Kuerzgeschichten: de Florent Toniello, 1972 zu Lyon gebuer, huet d'Schreiwen an all senge Formen zum Beruff gemaach. Zënter 10 Joer lieft a schafft hien zu Lëtzebuerg. 2015 krut hie fir säi Gedichtband Flot(s) den éischte Präis am Nationale Literaturconcours an ass zënter 2018 directeur artistique vum Festival Printemps des Poètes Luxembourg. Nieft senger Léift fir d'Poesie huet hien awer och e Faible fir Science Fiction a Fantasy den hien a sengem Roman Ganaha (2020 erauskomm) an elo a senger Kuerzgeschichtesammlung mam Titel Honorable Brasius auslieft.
    Am Interview erzielt hien wien den aussergewéinleche Personnage ass, deen dem Buch säin Titel gëtt an deen an 3 vun deene 5 Kuerzgeschichte virkënnt.
    "Honorable Brasius" vum Florent Toniello ass bei Hydre éditions erauskomm

    N.B.: D'Autoreresidenz am Literaresche Colloquium Berlin (LCB) gëtt am Kader vun enger Ausschreiwung vu Kultur | lx – Arts Council Luxembourg zesumme mat de Lëtzebuerger Bicherfrënn – Les Amis du Livre a.s.b.l. souwéi dem Centre national de littérature verginn.

  • Eng bësseg Sylvester-Satir

    Dass Feierdeeg net onbedéngt ëmmer déi reng Harmonie mat sech bréngen, ass gewosst. Dem Guy Rewenig seng nei Erzielung «la coupe est pleine» spillt op Sylvester, ze feieren gëtt awer näischt! Ganz am Géigendeel, et ass eng bësseg Satir op eng verlugge Gesellschaft, déi sech esou gären d’Philanthropie op de Fändel schreift an a Wierklechkeet ganz aner Ziler virun Aen huet.
    "La coupe est pleine" vum Guy Rewenig ass bei den éditions Guy Binsfeld erauskomm.

  • Den Tom Hillenbrand war zu Lëtzebuerg fir aus sengem aktuelle Roman "Die Erfindung des Lächelns" ze liesen

    Am Roman geet et ëm den Déifstahl vun der Mona Lisa aus dem Louvre am Joer 1911. Zwee Joer laang blouf dem Leonardo Da Vinci säi Meeschterwierk vermësst. Eng Blamage fir d'Direktioun vum Louvre déi weltwäit an der Press kommentéiert gouf. Karikaturen, sarkastesch Iwwerschrëften an den Zeitungen a souguer e Film deen sech mam Thema beschäftegt huet, alles dat huet net nëmmen deen deemools marode Paräisser Konschtmusée bloussgestallt, mä och dofir gesuergt, dass de Porträt vun der Mona Lisa zu engem vun deene berümtesten Tableauen iwwerhaapt ginn ass. Den Tom Hillenbrand huet dëse reale Kriminalfall a sengem Roman opgegraff an huet domat och e Porträt vu Paräis an der Belle Epoque gezeechent. Eng Zäit an der d'Konscht nei Wéeër beschratt huet, zum Beispill mat enger Isadora Duncan am Danz oder engem Pablo Picasso an der Molerei. Personnagen déi och an "Die Erfindung des Lächelns" optauchen. Iwwerdeems war d'Liewen fir déi meeschte Leit awer alles anescht wéi lëschteg: als Reaktioun op déi batter Aarmut hu sech anarchistesch Gruppe forméiert, wéi zum Beispill d'Band ronderëm dee charismatesche Jules Bonnot. Am Interview erzielt den Tom Hillenbrand vu sengen intensive Recherchen fir dëse Roman, et geet awer natierlech och ëm seng Krimi-Serie ronderëm de Lëtzebuerger Kach Xavier Kieffer. An e léisst sech souguer e bëssen an d'Kachdëppe kucken.

  • Den zweete Roman vum Antoine Pohu steet op der Shortlëscht vum Lëtzebuerger Buchpräis.

    Mam Antoine Pohu ass haut nees e ganz jonken Auteur op Besuch am Podcast "Lecture vun heiheem". Scho mat sengem éischte Roman "La Quête" stoung hien 2020 op der Shortlëscht vum Lëtzebuerger Buchpräis, an elo nach eng Kéier, mat "Parfois la nuit se tait". Am Interview schwätzt hien iwwer dëse Roman, awer och iwwer seng neitste Publikatioun, e Monolog mam Titel "Nous sommes celleux qui marchent dans la ville". Ausserdeem geet et ëm seng Aarbecht fir den Theater an ëm en inklusive Sproochgebrauch an der Literatur.
    "Parfois la nuit se tait" an "Nous sommes celleux qui marchent dans la ville" (Publikatiounsdatum: 17.11.2023) sinn allebéid bei capybarabooks erauskomm.

  • Mat sengem Roman "Wasserstand" dee fir de Lëtzebuerger Buchpräis nominéiert ass, geet de Luc François op nei literaresch Weeër.

    De Luc François, Joergang 1993, ass vu Beruff Informatiker. Besser bekannt ass en awer als Auteur vu Science-Fiction-Romaner wéi "Vulture City" oder "Ikaria" an als Sänger vun der Metal-Band Mind Patrol. A séngem neie Roman "Wasserstand" geet et awer weder ëm onbekannte Welten nach ëm Extreme Progressive Metal, mä ëm e Schrëftsteller dee probéiert dee ganz grousse literaresche Coup ze landen. Méi doriwwer am Interview mam Luc François.
    "Wasserstand" vum Luc François ass bei Kremart Edition erauskomm

  • Vum Futtball bei d'Poesie: e Gespréich mam Noël Barkley

    "Mélange subtil de poésies atypiques", sou den Ënnertitel vun engem Gedichtband dee genee dat ass: Ontypesch, iwwerraschend, sproocheverléift, gären och verspillt a mat engem Sënn fir Humor, deen eng gewësse Liichtegkeet mat an d'Spill bréngt. Dobäi huet dem Noël Barkley seng Carrière mat engem ganz anere Spill ugefaangen, nämlech dem Futtball. Als Goalkeeper war hie fir d'éischt a senger Heemechtsstad Marseille aktiv an duerno bei der Ettelbrécker Etzella.
    Am Interview geet et awer natierlech net ëm Futtball, mä ëm dem Noël Barkley säin éischte Gedichtband, mam Titel: "Les promenades d'1 zèbre".

  • Wat hanner zouenen Diere geschitt, dat geet keen eppes un...dat ass an dem klengen Dierfche Kromber net anescht wéi soss enzwousch...

    Mat senger Familjechronik an zwee Deeler, "Bluttsëffer" an "Ouereschlëffer" huet de Jemp Schuster seng Lieser begeeschtert. Säin neie Roman "Béischten" ass grad esou spannend erzielt a sproochlech ausgeräift. E Buch dat een sech op kee Fall sollt laanscht d'Nues goe loossen!

  • E vermëssten Teenager an eng Welt an der näischt esou ass wéi et schéngt.

    En Teenager ass verschwonnen, eng Detektivfigur reest a seng Heemechtstad fir nom Saul ze sichen. Dem Samuel Hamen säin neie Roman «Wie die Fliegen» ass eng Dystopie déi an enger noer Zukunft spillt. Dës Welt dréit d’Spuren vu katastrofale Virfäll déi awer net weider erkläert ginn. Grad esou misteriéis ass och déi Stad an der d’Handlung ofleeft.

    "Die Stadt selbst kannte jeder, sie war gleichbedeutend mit dem I.L.E. Hier wurde die Energie produziert, die einen Großteil der Distrikte mit Strom und Wärme speiste; hier hatte die Forschung einen Triumph wider alle Pessimisten errungen, die der Menschheit keine Zukunft mehr zubilligen wollten. Bei solchen Hymnen wurde der Name der Stadt mit einer Selbstverständlichkeit ausgesprochen, die sich nach Sekunden erschöpfte, um einem Schweigen zu weichen, mit dem ein tiefergehendes Wissen vorgetäuscht wurde , das niemand tatsächlich besaß."

    Kann de Saul fonnt ginn, a wat stécht hanner sengem Verschwannen? Ass hien an den Ënnergrond gaangen fir géint d’Akademie ze rebelléieren, ass en entfouert ginn, oder war et en Accident? Kann hien erëmfonnt ginn? An: gëtt et Hoffnung fir dem Saul seng Welt? Doriwwer ënnerhält sech d'Bea Kneip mam Auteur Samuel Hamen.



    Dem Samuel Hamen säi Roman baséiert op d'Manuskript "I.L.E" dat 2019 mam éischte Präis am nationale Literaturconcours ausgezeechent gouf.

    "Wie die Fliegen" ass beim Schwäizer Diaphanes Verlag erauskomm.

  • De Marc Weydert erzielt Mäerercher a Seechen op seng Manéier: verdruddelt an zerknujelt!

    Fir hir "Verdruddelt Geschichten" goufen den Auteur Marc Weydert an d'Illustratrice Marie-Isabelle Callier 2021 mam éischte Präis am nationale Literaturconcours ausgezeechent. Nodeems si mat hire verdréinte Mäerercher Grouss a Kleng zum Laache bruecht hunn, ass elo mat den "Zerknujelte Geschichten" en zweete Band erauskomm. De Marc Weydert ass haut den Invité an der Lecture vun heiheem.
    Am Interview erzielt de Marc Weydert ausserdem och vu sengem Cabaretsprogramm "Lëtz druddel" , vu senger Zesummenaarbecht mat der Zeechnerin Marie-Isabelle Callier, an hie sicht schonn no Iddien fir en eventuellen drëtte Band vu senge "verkéierte" Mäerercher.
    Déi verdruddelt an zerknujelt Geschichten si vum Marc Weydert geschriwwen, a vun der Marie-Isabelle Callier illustréiert ginn. Béid Bicher si bei Perspektiv éditions erauskomm.

  • Véier Auteuren hu sech zu enger "krimineller" Band zesumme geschloss.

    Dat ass zum engen de Gaston Zangerlé, deen eng laang Carrière als Auteur an Editeur hannert sech huet. Krimi-Erfahrung huet hien och, seng Kriminalromaner "Karukera Gang" an "Le dernier tour de piste" spillen awer net zu Lëtzebuerg, mä op der Guadeloupe.

    De Pierre Decock an de Gaston Zangerlé kenne sech scho ganz laang a si hunn och scho matenee geschafft, zum Beispill un der Kannerzeitung Zack oder un der BD Den Tun an de Frunnes. Och de Pierre Decock huet scho Krimien geschriwwen an deenen den Inspekter Joao Da Costa ermëttelt. Ausserdeem e Krimi fir Jugendlecher: Les Corbeaux de Greenwood.

    Den Didier Debord ass haaptsächlech fir seng Aarbecht als Iwwersetzer bekannt, hien huet awer och eege Wierker verëffentlecht, dat fir Jonker an Erwuessener. "Il vous faudra vivre avec" ass säin éischte Krimi.

    D'Monique Feltgen dogéint ass eng routinéiert Krimi-Autorin. "Tatort Rollengergronn", "Todesfalle Knuedler" oder "Im Labyrinth der Gefahr" fir der nëmmen e puer ze nennen.En neie Krimi ass och schon an der Maach, mä hire Bäitrag fir de Startschoss vum neie Verlag crime.lu ass eng Neioplag vu hirem éischte Succès. "Das Rousegäertchen-Komplott"
    Bei der offizieller Presentatioun vum neie Verlag an natierlech deene véier éischte Krimien hat ech d'Geléeënheet fir mech mat de Grënnungsmemberen vu crime.lu ze ënnerhalen.

    D'Titelen vun deene véier Bicher:
    "La pègre et la boxeuse" vum Gaston Zangerlé
    "Lea m'attendra" vum Pierre Decock
    "Il vous faudra vivre avec" vum Didier Debord
    an "Das Rousegäertchen-Komplott" vum Monique Feltgen

  • Fir säin däitsche Gedichtband "fluides herz" huet hie schon e Präis gewonnen, elo gëtt et och eng Novelle op Englesch.

    "gondolas float on purple roses" sou den Titel vun der Erzielung déi zu Venedeg spillt.Am Interview schwätzt dee 26 Joer jonke Schrëftsteller a professionellen Iwwersetzer ënner anerem iwwer seng Faszinatioun mat der Stad Venedeg, seng Erfahrungen um Jakobswee an de Géigesaz tëscht Schéinheet an Zerbriechlechkeet. Ausserdeem erzielt hien, wéi hien seng Léift zur Poesie entdeckt huet, a firwat hien decidéiert huet, säi Buch "Charons Barke" aus dem Joer 2016 nach eng Kéier op de Leescht ze huelen an op Englesch nei ze erzielen. An hie verréit, firwat hien am am léifste kleng Buschstawe benotzt.

  • Scho fir d'drëtt huet den engleschproochege Verlag Black Fountain Press zesumme mat der Uni Lëtzebuerg de Schreifconcours "Young Voices" organiséiert

    Jonker vu 15 bis 19 Joer, respektiv vun 20 bis 25 Joer konnten an hiere respektiven Alterskategorien Poesie oder Prosatexter areechen. 16 Nimm goufe fir d'Shortlëscht zeréckbehalen, an Ugangs Juni goufen déi 4 Gewënner bekanntginn, woubäi Poesie a Prosa also getrennt bewäert goufen.
    Charlotte Benck, Tobias Rault, Jessica Lentz a Catherine Entringer, sou heeschen déi 4 Laureaten déi mat hieren Texter d'Jury iwwerzeege konnten. Fir eise literaresche Podcast "Lecture vun heiheem" huet d'Bea Kneip sech mat hinnen alleguer ënnerhalen. Ausserdeem gitt dir gewuer wéi aus banalen Alldagssituatiounen e spannende literareschen Text entstoe kann, wéi sech Jonker och haut nach vu legendäre Auteuren wéi dem T.S.Eliot oder dem Lewis Carroll inspiréiere loossen, an, (dat däerf scho verroode ginn) et geet ëm e Buch dat aus den Texter vun der Shortlëscht entstoe soll.