Avsnitt
-
Saknas det avsnitt?
-
Dës Woch geet et am Podcast Drëtt Hallschent ënnert anerem ëm d'Karriär vum Cyclist Alex Kirsch.
Den Alex Kirsch ass dës Woch den Invité an der "Drëtter Hallschent". Am Gespréich mam Rich Simon, kuckt den 32 Joer ale Coureur zeréck op déi leschte Joren a wéi de Cyclissem sech verännert huet. Hie schwätzt iwwer seng Roll an der Ekipp a wéi hie sech mam Mads Pedersen versteet. An och d'Sécherheet am Peloton ass een Thema. -
An eisem Podcast "Drëtt Hallschent - De Sport-Talk" geet et dës Woch ëm d'Futtballeuropameeschterschaft.
-
An eisem Podcast "Drëtt Hallschent - De Sport-Talk" ass dës Woch de Vëlosfuerer Michel Ries beim Rich Simon op Besuch.
An der "Drëtter Hallschent" schwätzt de Michel Ries iwwer seng rezent Participatioun beim Giro d'Italia, wou hie vum Tadej Pogacar begeeschtert war. Beim Rich Simon erzielt hien ënnert anerem awer och, wéi een d'Sécherheet an de Coursse kéint verbesseren. - Visa fler