Avsnitt
-
De Simon Larosche war op eng Tauschbourse.
-
Nodeems se jorelaang zu Esch war, ass d'Pride haut a muer nees an der Stad. De Pit Beffort mellt sech vun der Plaz a seet eis, wéi déi lescht Preparatioune lafen.
-
Saknas det avsnitt?
-
De Romain Juncker an de Marc Rippinger sinn zënter iwwer 20 Joer eng Koppel an hu materlieft, wéi d’Gesellschaft sech an deene leschte Joerzéngte verännert huet. Och si feieren dës Progrèsen. Mee mat der Pride-Bewegung kënne si trotzdeem net esou ganz vill ufänken.
-
Mir schwätze mam politeschen Direkter vun der Auslännerorganisatioun ASTI, dem Sergio Ferreira.
-
Firwat dat esou ass a wat een dogéint kann ënnerhuelen, erkläert de Laurent Schley vun der Bëschverwaltung ANF.
-
Ass d’Stad Lëtzebuerg urbanistesch esou opgebaut, datt et sech och bei extreemen Temperature wéi an deene leschte Woche gutt do liewe léisst? Oder, an anere Wierder: Ass d’Stad gréng genuch? Iwwer dës Fro gouf an deene leschte Woche vill diskutéiert. Elo huet d’Buergermeeschtesch Lydie Polfer zesumme mat hire Servicer d’Begréngungskonzept vun der Stad Lëtzebuerg virgestallt. D’Diane Lecorsais huet sech d'Konzept ugekuckt.
-
De Lëtzebuerger André Costa ass amgaangen an Éisträich déi héich cotéiert IFMGA-Ausbildung als Biergguide ze maachen.
-
D'Santé huet dës Woch d'Resultater vun der éischter nationaler Ëmfro iwwer déi sexuell Gesondheet presentéiert. Mir froe beim Dr. Emmanuel Amsallem no, wéi eng Conclusiounen d'Santé doraus zitt.
-
Mir froen den Direkter vun der Klimaagence, de Fenn Faber.
-
Eng Fussballweltmeeschterschaft ass fir all Spiller eppes ganz Besonnesches. Mee vläicht souguer nach e bësse méi, wann et déi lescht ass. Bei dëser Editioun gëllt dat fir direkt e puer Spiller, déi fir Verschiddener Kandheetshelde sinn an zum Deel och als Legende gëllen. Si ware warscheinlech déi leschte Kéier op der gréisster Bün vum Weltfussball ze gesinn. Mee ee vun hinnen huet nach d’Chance dëst Joer Weltmeeschter ze ginn. De Pit Beffort huet sech e puer vun deene Spiller an hir bescht Momenter méi genee ugekuckt.
-
Mir schwätzen nom éischte Qualifikatiounsmatch op de Färöer Insele mam Biisser Buergermeeschter David Viaggi.
-
D'Lëtzebuergerin Michèle Hilger huet virun 10 Deeg de Marathon du Mont-Blanc an hirer Alterskategorie gewonnen. Et wier keen Exploit, éischter eng Aventure, seet si.
-
D‘Astrophysikerin Kathrin Altwegg, déi viru Kuerzem zu Lëtzebuerg war am Kader vun den Asteroid Days, ass an der Massen-Spektrometrie spezialiséiert. Si war souwuel un de Fuerschungsaarbechten ëm de Koméit Halley wéi och bei der Missioun Rosetta ëm de Koméit Tchouri bedeelegt.
-
Nom Appell-Urteel ass kloer: D'Marine Le Pen kéint mat enger elektronescher Foussfessel bei de Presidentschaftswalen 2027 untrieden. Wéi geet hir Partei domat ëm?
-
An der EU kéint fir d’éischte Kéier eng europäesch Partei EU-Fonge gestrach kréien.
Am Europaparlament gëtt doriwwer ofgestëmmt, ob eng Prozedur géint d’Partei “Europa vun de Souveränen Natiounen” - kuerz ESN soll lancéiert ginn. Et wier déi éischte Kéier, datt dem neien europäesche Parteiegesetz no esou eppes gemaach géif. D’ESN ass op europäeschem Niveau d’Doheem vun der däitscher “Alternative für Deutschland”. Si ass den Ament mat 27 Deputéiert am Europaparlament vertrueden. Detailer vum Danièle Weber -
Déi fréier Ëmweltministesch an aktuell gréng Deputéiert huet iwwerraschend hire Réckzuch aus der Politik ugekënnegt. Si kritt en Job bei der Europäescher Investitiounsbank (BEI).
-
Mir schwätze virum definitive Geriichtsurteel mat eisem Korrespondent zu Paräis.
-
D'Cellule scientifique vun der Chamber huet gekuckt, wéi aner Länner mat hirer Diaspora ëmginn. Dozou Froen un de Chamberpresident Claude Wiseler
-
Gëschter Owend huet sech Spuenie fir d’Véierelsfinall vun der Fussball-Weltmeeschterschaft an Nordamerika qualifizéiert. Duerch e Gol an der Nospillzäit konnte si sech knapp mat 1-0 géint Portugal behaapten. Och zu Lëtzebuerg gouf de Match vu ville Leit interesséiert mat verfollegt. E puer Honnert vun hinnen hate sech um Glacis an der Stad versammelt fir de Match zesummen um groussen Ecran ze kucken. De Pit Beffort war fir eis mat dobäi.
-
De laangjärege President vun der Asti huet scho fréi ugefaange Fotoen, Bréiwer an Affichen am Kader vu sengem Engagement ze sammelen. Elo gouf dorausser eng Chronik. D'Christiane Kleer huet mat him doriwwer geschwat.
- Visa fler