Avsnitt
-
D'CES gëllt als eng vun de wichtegsten internationale Foirë fir déi neiste Produiten an der Elektronikbranche. D'Cindy Tereba, CTO a Responsabel fir international Affäre bei der Chambre de Commerce verréit Detailer iwwer d'Presenz vu Lëtzebuerg.
-
Mir froen ee vun de Matgrënner vum Projet, wéi dat Ganzt funktionéiert, a wéi vill Leit hei am Land matmaachen.
-
Saknas det avsnitt?
-
Automobiliste stoungen d'lescht Joer an der Stad am Schnëtt iwwer 2 Deeg am Stau, esou eng Etüd vun Inrix. Dat ass kee gutt Zeeche fir d'Lëtzebuerger Verkéierspolitik, seet de President vun der Securité routière.
-
Chamberkommissioun Caritas, Mineuren am Prisong a weider Neijoerschpätt
-
Mir schwätzen iwwer eng Radiosemissioun, déi et zanter enger Woch net méi geet - net hei, mee um Radio Ara. "Iwwer d’Maueren ewech" huet se geheescht a moderéiert gouf se 35 Joer laang vum Jeannot Schmitz ...
-
"Mämmories" ass no "Croque Mëssiö" (am Joer 2009) an "Autopsy" (2019) deen 3. Soloprogramm vun der Kabarettistin Michèle Turpel. Si verkierpert dës Kéier eng Actrice, nee, eng Diva an engem gewëssen Alter, déi op hir joerzéngtelaang Karriär zeréckkuckt.
-
Knapp 7 Prozent vun de Luxtrust-Token, déi an Ëmlaf sinn, goufe bis gëschter nach net ofgeschalt, well hir Proprietären d’Migratioun op déi mobil Applikatioun oder op de Scan vu Luxtrust nach net gemaach hunn.
Dat klengt no manner wéi déi 47.000, déi déi 7 Prozent an absolutten Zuelen duerstellen. Den 1. Januar ass d’Ära vum Token jo offiziell op en Enn gaangen. De Pierre Grasset vu Luxtrust erkläert nach eemol d’Virdeeler vun den neien Identifikatiounssystemer. -
Op den internationale Mäert gi Rekordpräisser gefrot (an och bezuelt) fir déi - éier se geréischtert ginn - nach gréng Bounen, déi haaptsächlech aus Südamerika, an och plazeweis aus Afrika an Asie kommen. Ugefaangen huet dee Präistrend no uewe schonn 2022 mat der Hausse vun den Energiepräisser, erkläert de François Pezzola, dee bei der Maison Josy Juckem (zu där och d’Maison Santos gehéiert) fir den Akaf zoustänneg ass.
-
E Mordprozess, de Premier bei der CSU-Klausur an den 10. Joresdag vum Attentat op Charlie Hebdo
-
De Rejko Krüger vum Luxembourg Institute of Health gehéiert zu de weltwäit renomméiertsten Experte fir neurodegenerativ Krankheete wéi Demenz a Parkinson. Rezent Erkenntnisser an eng App sollen hëllefen d'Verbreedung dovun ze bremsen.
-
Nom staarke Reen aus de leschte Stonne maache mir de Point mam Olivier Jeitz vun der Waasserverwaltung iwwer d'Héichwaassersituatioun am Land.
-
Am Summer huet d'Croix-Rouge d'Effekter vun der Caritas-Affär bei den Donen däitlech ze spiere kritt. Huet d'Lag sech antëscht, grad ronderëm Chrëschtdag, gebessert? Dat freet d'Christiane Kleer d'Fundraising-Direktesch Dominique Hansen.
-
Déi Traditioun geet ganz wäit an der Geschicht zeréck. De Carlo Bock, selwer 30 Joer laang Bäcker gewiescht, erkläert wou d'Traditioun hierkënnt. De Remy Peters vun enger Bäckerei vu Waasserbëlleg erkläert, wat d'Geheimnis vun engem gudden Dräikinnikskuch ass, a wou d'Bäckere gären d'Boun verstoppen.
-
Musse mir ausgerechent am Jubiläumsjoer vum Schengen-Accord fäerten, datt geschwë ganz Schluss ass mat den oppene Grenzen an der EU? Dat freet d'Christiane Kleer d'Ministerpresidentin vum Saarland, d’Anke Rehlinger (SPD).
-
Den Optakt vun den traditionellen Neijooschpätt maachen d'Chamber an d'ADR.
-
Dee sougenannten AI-Akt ass dee weltwäit éischte legale Kader a Bezuch op Kënschtlech Intelligenz. Wien zu Lëtzebuerg fir d’Anhale vun AI-Akt, also dem KI-Reglement, zoustänneg wäert sinn a wat dës Reegelung fir den eenzele Konsument bedeit, erkläert d’Sté Bisenius.
-
D'Saison vun de Klappjuegden dauert nach bis den 31. Januar. D'Sophie Schroeder war am Gréngewald bei enger mat dobäi. (Rediffusioun vum 22. November 2024)
-
Keen Ecran fir Kanner ënner dräi Joer, an duerno eng ganz lues Eruféierung un déi digital Medien. Dat ass dem renomméierte Psychiater Dr. Serge Tisseron säi Rot. Alles anescht hätt en negativen Impakt op hir Entwécklung.
-
Ufanks dëst Joer wäerten e puer grouss Chantieren hei am Land op en Enn goen. D'Hammerel-Bréck zu Beetebuerg soll am Mäerz erëm fir den Trafic opgoen. Am Hierscht 2025 wäert viraussiichtlech de Chantier um Viadukt zu Mënsbech ofgeschloss ginn. E puer grouss Chantiere lafen dëst Joer awer och weider. Notamment den Ausbau vum Tramsreseau Richtung Houwald. D'Sté Besenius mat weideren Detailer
-
Falsch Videoen an deenen de Luc Frieden, de Xavier Bettel oder d’Lydie Polfer d’Leit opfuerdere Suen ze investéieren, hunn d'lescht Joer um Internet den Tour gemaach. Mee wou komme se hier?
- Visa fler