Avsnitt
-
Fir déi éischt Editioun vum Internationale Klarinette-Concours am Kader vum Klenge Maarnecher Festival hu sech ronn 80 jonk Klarinettiste gemellt.An der Halleffinale mat 15 Leit huet den national an international unerkannte Jury elo entscheet, wien déi 3 jonk Finaliste sinn, déi muer géinteneen optrieden.Et sinn de Quentin Chartier aus Frankräich, de Sang-Jin Park aus Südkorea, an den Nuno Baptista aus Portugal.Den 11. Abrëll owes vu 7 Auer un iwwerdroe mir live d'Finall vum Concours aus dem Cube521 zu Maarnech.
-
An och haut geet et weider mat der Presentatioun vun de Bicher, déi op der Shortlëscht fir de servais-präis 2025 zréck behale gi sinn. Dorop fënnt ee mam Tomas Bjørnstad, der Margret Steckel, dem Guy Rewenig, der Anne-Marie Reuter an der Carla Lucarelli vill al Bekannter a relativ wéineg Iwwerraschungen. An der VaLibrairie vun de leschte Méint haten d’Valerija Berdi an de Michel Delage déi Wierker scho beschwat. Ee gudde Grond, am Laf vun dësen Deeg nach eemol hir Rezensioune vun de Bicher ze lauschteren. Haut ass et dann um Buch vun der Carla Lucarelli mam Titel „Salztage + zurück“, dëst Gedichtband ass bei Editions Phi erauskomm.
-
Saknas det avsnitt?
-
E Manga vun der Miyako Miiya, bei deem een a verschiddene Kuerzgeschichten d'Gesëschter Ur a Juf begleet. Wat awer besonnesch ass, den Ur ass e Schéifer an d'Juf e Wollef. Den Nicolas Calmes huet sech de Manga fir eis ugekuckt.
-
Esou ee Concours ze leeden ass een Challenge. Dat seet de Max Mausen, dee sech dëst Joer dem internationale Klarinette Concours zesumme mam klenge Maarnicher Festival ugeholl huet.Am Gespréich mam Lex Kauffmann schwätzt deen talentéierte Lëtzebuerger Klarinettist iwwer den Interêt vun dësem Concours an hien deelt seng éischt perséinlech Erfarunge bei Concoursen.Och d'Jurypresidentin Laura Ruiz Ferreres gëtt eis en Abléck, no wéi enge Krittären de Jury dëst Joer besonnesch sortéiert. An et bleift d'Fro ze klären: Ass ee "Géinteneen-Spillen" bei engem Concours iwwerhaapt déi richteg Approche?
-
Lescht Woch gouf d’Shortlëscht vum Prix Servais bekannt. Dorop fënnt ee mam Tomas Bjørnstad, der Margret Steckel, dem Guy Rewenig, der Anne-Marie Reuter an der Carla Lucarelli vill al Bekannter a relativ wéineg Iwwerraschungen. An der VaLibrairie vun de leschte Méint haten d’Valerija Berdi an de Michel Delage déi fënnef Wierker scho beschwat. Ee gudde Grond, am Laf vun den nächsten Deeg nach eemol hir Rezensioune vun de Bicher ze lauschteren. Mir fänken u mat der Margret Steckel hirem “Doswidanja Genosse”. D’Schrëftstellerin hat lescht Joer fir hir Novelle “Mutterrache” de Lëtzebuerger Buchpräis kritt - a feiert dëse Mount, de 26. Abrëll hiren 91. Gebuertsdag. De Servais hat si 1997 schonn eemol kritt fir “Der Letzte vom Bayrischen Platz”.
-
Den Numm Bert Theis stoung, a steet, fir eng sozial a politesch engagéiert Konscht: fir kënschtleresch Plattformen, déi den Dialog tëschent alle Mënsche fërdere sollen. Dat zu Mailand an zu Lëtzebuerg. Ewell ass et knapps 10 Joer hier, datt de Kënschtler eis verlooss huet, mee säin Isola-Projet zu Mailand gëtt weidergeféiert a säin Archiv zu Lëtzebuerg opgeschafft. An do hu sech nei Erkenntnisser erginn. D‘Kerstin Thalau am Gespréich mat der Mariette Schiltz, der Fra a Matstreiderin vum Bert Theis
-
"C'est vraiment une volonté aussi de montrer que la musique contemporaine n'est pas que avantgardiste" - dat seet de Pierre Fontenelle iwwer d'Musek, déi hien den 13. Abrëll um 16:00 a sengem Solo-Recital zu Bieckerech an der Kierch spillt. Et ass e variéierte Programm, bei deem dee jonken Cellist Pierre Fontenelle dem Publikum d'Méiglechkeete vu sengem Instrument an deene verschiddenste Stiler presentéiert. Virun allem gëtt et och zäitgenëssesch weiblech Komponistinnen ze entdecken, mat deenen hien net nëmmen a Kontakt steet, mee heiansdo och op der Bün. Am 100,7-Interview mam Christophe Mirkes verréit de Pierre Fontenelle ënner anerem wéi hien dës Komponistinnen entdeckt a kennegeléiert huet.
-
Viru genee 20 Joer waren d’Pueri Cantores fir d’éischte Kéier op Tournée a Japan an elo geet et nach eemol dohin. Um Programm sti véier Statiounen: Hiroshima fir den 80. Gedenkdag un d’Atomkatastroph, Osaka an de Lëtzebuerger Pavillon vun der Weltausstellung, an da geet et nach op Kyoto an Tokio. An der Haaptstad sange si souguer fënnef Concerten op engem eenzegen Dag. D’Jonge vum Lëtzebuerger Bouwechouer aus dem Stater Conservatoire wäerten deelweis an Hotellen an deelweis bei Gaaschtfamille bleiwen, sou datt et eng richteg Entdeckungsrees fir déi tëschent 6 an 22 Joer al Jonge gëtt. Ee vun den Highlighte vun der Tournée ass, datt si ganz dacks de Bullet Train Shinkansen huelen. Dee fiert am 6-Minutten-Takt vun Hiroshima op Tokio, an do si schonn zwee Waggone fir si reservéiert. Op hire Concerte sange si net nëmmen traditionell Lëtzebuerger Lidder wéi d’Fräschelidd oder “Wéi meng Mamm nach huet gesponnen”, mee een Drëttel vum Programm ass op Japanesch. Am Gespréich mam Marie Schockmel verréit den Dirigent Pit Nimax ënner anerem, wéi d’Jongen déi japanesch Lidder geléiert hunn.
-
"The Seed of the Sacred Fig" heescht deen neie Film vum iranesche Cineast Mohammad Rasoulof. Zënter der leschter Woch leeft dee politesche Familljen-Drama bei eis am Kino. De Mohammad Rasoulof war am Mäerz Jurypresident vum Luxfilmfest. De Michel Delage hat d'Geleeënheet genotzt, fir mat him iwwer säi leschte Film ze schwätzen.
-
De Museker Yann Gengler ass Deel vun der beléifter Indie-Band TUYS, mécht Videoe fir seng an aner Gruppen a start dëst Joer säi méi réie Soloprojet, Sunny Gloom. Ee Live-Gespréich iwwer Toun, Bild an Hitt.
-
Den Nicolas Calmes aktivéiert säi Radar a verréit Iech, wat fir eng kulturell Highlighten Dir ënner der Woch net sollt verpassen.
-
Muer den Owend de 5. Abrëll gëtt am CAPE zu Ettelbréck verféiert. Erausgesicht goufen dofir Operenarië vun deene bekanntste Komponisten (Puccini, Mozart, Bizet, Donizetti, Verdi a Gounod). Den Orchestre de Chambre du Luxembourg huet dräi international Solisten invitéiert. D'Dirigentin fir dëse Projet ass d'Camilla Rossetti, déi 2024 zwou Opere mam OCL opgeféiert huet. Si gëtt vun der Associatioun Sequenda Opera Studio gefërdert an de Christophe Mirkes huet bei der jonker Dirigentin nogefrot, wat si zum Opereprojet vu muer den Owend verféiert huet.
-
D'Ausstellung war scho geplangt, mee da stierft de Moler onerwaart. De leschte September war et d'Nouvelle, datt de Max Dauphin mat nëmme 47 Joer d'Suitte vun engem Accident a Südfrankräich net iwwerlieft huet. Hien hannerléisst eng Fra an zwee kleng Kanner. An d'Famill decidéiert fir den Expo-Termin awer bäizehalen. D'Kerstin Thalau war an der Galerie Reuter-Bausch an ass vun der Catherine Dauphin-Decker gewuer ginn, firwat dat fir si, grad elo, esou wichteg ass.
-
Eng Musek fir an iwwer Schildkröte komponéieren? Dat huet d'Catherine Kontz elo gemaach. Net einfach esou, mee fir den Internationale Klarinetteconcours, deen den 11. Abrëll am Kader vum Klenge Maarnecher Festival am Cube 521 zu Maarnech ass. Wéi den Titel "Tortoise: For Mango and Teal" et scho verréit, huet d'Lëtzebuerger Komponistin dëst Wierk fir hir eegen zwou Schildkröte geschriwwen. D'Mango an d'Teal sinn dräi Joer al an hu verschidde Charakteren, déi d'Catherine Kontz och an der Musek verkierpert. Am Gespréich mam Marie Schockmel huet si méi verroden.
-
De Lëtzebuerger Schrëftsteller Pierre Joris ass den 27. Februar gestuerwen. Hie selwer huet sech als Nomad vun der Literatur bezeechent, en Explorateur, deen duerch international Literaturen a Kulturen a ville Sproochen navigéiert. Nieft sëllege Gedichter, Essaien a kuerze Prosatexter, huet de Pierre Joris dem Paul Celan seng Gedichter an d’Englescht iwwerdroen.
Valerija Berdi erënnert dëse Sonnden an hirer Literaturemissioun “Déi wonnerbar Valibrairie” un de Pierre Joris. Mir lauschteren elo en Extrait.
Déi ganz Emissioun, de Sonnden um 11 Auer. -
Mat hirem Roman "Halbinsel“ (Luchterhand) gouf déi däitsch Schrëftstellerin Kristine Bilkau 2025 mam Präis vun der Leipziger Buchmesse ausgezeechent. D'Valerija Berdi mat enger Kritik
-
Dës Serie erzielt d'Geschicht vum Mossad-Spioun Eli Cohen, gespillt vum Sacha Baron Cohen. De Simon Larosche huet se gesinn an erzielt eis seng Impressiounen.
-
Dës Woch ass de Film "La mort viendra“ an eise Kinoen ugelaf. E Thriller, dee sech zu Bréissel ofspillt an dee vun der Lëtzebuerger Filmproduktiounsfirma amour fou mat produzéiert gouf. D‘Valerija Berdi huet mam Regisseur Christoph Hochhäusler iwwer “La mort viendra“ geschwat.
-
A sengem neie Roman beschreift den Antoine Pohu, Joergang 1999, dat komplizéiert Gefillsliewe vun engem Bréisseler Student.
-
All zwee Joer kënnt ... den EMOP, de European Month of Photography. Momentan kollaboréieren dofir déi sechs europäesch Haaptstied Berlin, Bréissel, Lissabon, Paräis, Wien an eebe Lëtzebuerg. Jo: Lëtzebuerg ass esouguer de Siège vun der EMOP ASBL. “Rethinking Photography” ass déi 10. Editioun vum Festival iwwerschriwwen. Mat ee Grond fir d’Kerstin Thalau de Paul Di Felice, Matgrënner vun der Café-Crème-Foto-ASBL a vum EMOP, an de Studio ze invitéieren, fir datt mir, souzesoen als EMOP-Opwiermübung, all zesummen iwwer Fotografie nodenke kënnen.
- Visa fler