Avsnitt
-
E Mëttwoch, wou d’Wieder nach gutt war an d’Welt nach an der Rei war hunn de Serrig an den David de Bobycar zelebréiert, engem Mann seng Zänn no 11 Joer erëm fonnt a si schwätzen iwwert d’Vir- an Nodeeler vun enger 4. Schaffdeeg-Woch. Gutt Laun gëtt et och dës Woch erëm am Juubel Podcast mat 2. Härren, déi och um leschte Streihallem eppes Guddes fannen.
-
De Serrig an den David verstreeën an hierer neier Episod Juuubel immens vill Vitaminn D. Doniewent gitt dir gewuer wie vu béide Bluttspender ass a wéi eng Motivatioun dohannert stécht. Vläicht revolutionéiert jo och eng Iddi aus Schweden d’Bluttspenden op der ganzer Welt? De Serrig an David gleewen emol drun. Och erënneren déi zwee sech drun, datt et virun e puer Joer ëm dës Zäit gutt geschneit hat, a si hallef plakeg dobausse souzen. Och gréifen si d’Theema aus der leschter Juuubel Episod op a knaen dëst gutt duerch.
-
Saknas det avsnitt?
-
De Serrig an den David gréifen an der éischter Sendung d’Radio Comeback vum Joer 2021 op. Si schwätzen iwwerdeems iwwert d’Schéinheet vu Lëtzebuerg, déi de Lëtzebuerger oft net gesäit a si verbesseren Ärt Iessverhalen. Manner Verdauungsproblemer mam Doc. Serrig, gëtt et an der neier Episod Juuubel.
-
De Serrig an David loossen an dëser Episod si kee gutt Hoer um Mount November, deen näischt Guddes huet, oder awer dach? Dir wäert an dëser Episod awer och a Chrëschtdagsstëmmung kommen, dir gitt gewuer, ob si e gréngen Daum hunn an dir léiert dem Serrig säi ganz spezielle grénge Bäifuerer kennen.
-
De Serrig an den David hunn d’Vakanz an déi kulinaresch Lännerspezialitéiten thematiséiert. Op Lëtzebuerg bezunn ass et ëm d’Kniddele a seng vill Facette gaangen. Doniewent ass et ëm den éischte Glüwäin vum Joer gaangen an den David wënscht sech eng Bullisbox fir de Wanter.
-
Wat kéint et mat der Ee Prozent Episod vum Serrig an David opsech hunn? Gi geschwënn d’Luuchte vum Handy aus, hu si eng nei Partei gegrënnt a striewen 2023 ee Prozent un oder geet et ëm e Buch? Gitt dëst a villes méi an der neier Episod Juuubel gewuer. Doniewent geet et awer och ëm eng Pizza, e Béier an e Kondom deen ewéi eng Schwammkap ass.
-
De Serrig an den David si prett fir d’Enn vum Joer, loossen sech hire Räismëllech Mëllechräis awer och net huelen. Doniewent ass den David op der Sich no der Post, de Serrig verréit säin Danzgeheimnis an de Xavier Bettel kritt och seng Plattform an der neister Episod Juuubel.
-
An der éischter Episod no der Summerpaus beschäftegt de Serrig & David virun allem een Theema, d’Theema vum Summer: dat kackt Wieder zu Lëtzebuerg. Donieft geet et extra op Namur fir déi beschte Fritten aus der Belsch z’iessen, just fir eraus ze fannen, datt déi guer net esou besonnesch sinn. De Serrig erzielt iwwerdeems vu sengem neien Iessensexperiment a senge positive Konsequenzen. Alles dozou, a wat hie mat Lachgas wëlles huet, héiert dir an der neier Episod Juuubel.
-
De Serrig & David wiere keng gutt Synchronsprénger, do sinn si sech eens. An der neister Juuubel Episod gitt dir iwwerdeems gewuer wien vun deenen Zwee beim Kappsprong wuel éischter mam Bauch opkomme géif.
Doriwwer eraus huet dem Serrig seng Impfsaga en Enn. Den Handykomsun, de Feeling vum Summer, deen an der Loft läit an natierlech och d’Fussball Europameeschterschaft si weider Theemen. Lauschter eran, wann dir wësse wëllt wien hir Favoritte sinn. -
De Serrig an den David schwätzen iwwert Iesskulturen, den David a säi Fësch, d’Iwwerschwemmungen am Land an ee vu sengem Serrig sengen absolute Liblingsfilmer. Och hir lescht Radiosendung zesummen ass en Theema.
-
De Serrig erzielt vu sengem éischten Erliefnes am Restaurant a senge Schwieregkeete mam Schnelltest, wärend den David e Fazit aus senger éischter Impfung zitt. Doniewent froen déi Zwee sech op d’Impfung iwwerhaapt wierkt, wann een op déi obligatoresch Impf-Foto dono verzicht?
-
Wann de Serrig an den David iwwert Dokter Sommer, d’Barbie an de Ken an d’Melusina schwätzen, dann ass et genee esou verréckt wéi an ale Radioszäiten. Doniewent schwätze si vun hirem éischte Besuch op der Terrass, d’Impfung an iwwert d’Léift, déi wéi eng Drog ass.
-
De Serrig an den David feieren d’Ouverture vun den Terrassen, verbonne mam Schnéi an der äiseger Keelt zu Lëtzebuerg. Si schwätzen iwwert d’Gesondheet vun der Gesondheetsministesch. Doniewent kommen Auswandergedanken op, a si froen sech wat e Schwangerschaftstest bei engem Mann kann ausléisen.
-
De Serrig an David schwätzen iwwert hir Concertserfarungen, grouss Nimm déi si interviewt a live gesinn hunn. Ma och déi fuerchtbar séier Impfcampagne zu Lëtzebuerg, wéi och e Geheimtipp fir méi séier un d’Rei ze kommen, sinn en Theema. A si Zwee maachen eng Doftanalys an erklären Iech wisou äre Parfum Geldverschwendung ass!
-
De Serrig an den David schwätzen iwwert eng Lëtzebuerger Ikon, déi eis verlooss huet an erzielen hir Fausti-Anekdot.
Doniewent lafen d’Orangen iwwert de Maart an et geet bis op Randschelt meditéieren. Och eng Oktopus-Doku - wien wonnert et - an den neien Obama-Podcast sinn Theema. -
De Serrig war an d’Sonn an den David freet sech op de Super Bowl. Dat hält déi Zwee awer net dovun of an hirem Podcast iwwert fléiend Hënn, Oktopussen, eng Banannerepublik, e Corona-Anal-Test an eng Nuddel-Chartbreaker-Traditioun ze schwätzen.
-
An hirer éischter Episod vum neie Joer schwätzen de Serrig an den David iwwert Silvester am Bett, Leit déi mam gudde Beispill misste virgoen, 10 Liter Glühwäin an den eelste Bam vu Lëtzebuerg!
-
An hirem leschte Podcast vum Joer kucken de Serrig an den David op déi Spréch zeréck bei deenen ee net weess, ob Chrëschtdag oder Sex gemengt ass.
Ma och d'Aweiung vum Tram, eng Wëndel an d’Thema Ersetzen an de Schoule ginn ugeschwat. -
De Serrig an den David bréngen de Fitnessstudio bei Iech heem. Donieft ënnerhale si sech iwwert hire Moien um Maart, Star Wars ass en Thema wéi och d’Disko, déi mam Alter zu Apdikt gëtt. A wann dir da nach net genuch sollt hunn, da lauschtert dem David senger Bluttspender-Panne no. Um Enn dierf dir dann och de Kleesche matsangen.
-
De Serrig presentéiert d’Erfindung vum Joer, wärend den David wéi den Donald Trump ass a seng Néierlag - am Schnick-Schnack-Schnuck - net wëll agesinn!
Si diskutéieren iwwert d’Stonnen déi Männer op der Toilette verbréngen, wullen a Vinyls-Placken an eng al Radio-Geschicht iwwert en Espresso an e Feieralarm ass och Thema..! - Visa fler