Avsnitt
-
De Viktor Orban rifft dozou op, Urteeler vum Europäesche Geriichtshaff ze ignoréieren, wa se eng Regierung drun hënneren, hir Politik ëmzesetzen. ONGen awer, déi sech an Ungarn fir Mënscherechter asetzen, zielen eben op déi Europäesch Geriichter, well dat dacks hir lescht Chance ass, zu hirem Recht ze kommen.
D'Danièle Weber huet zu Budapest mat Vertriederinne vun ONGe geschwat. -
Éischte Sommet vun de 27 EU-Staats- a Regierungscheffen no der US-Presidentschaftswal
-
Saknas det avsnitt?
-
Gëschter Owend huet den däitsche Bundeskanzler Olaf Scholz säi Finanzminister Christian Lindner entlooss. Wei koum et dozou a wéi geet et elo weider? Dozou eisen Däitschland-Korrespondent Matthias Kirsch
-
Et gëtt als ee vun de wichtegste Momenter fir d’Europaparlament ugesinn: Déi 27 nominéiert EU-Kommissäre mussen den Europadeputéierte Ried an Äntwert stoen. Gepréift gëtt d’Kompetenz, mee parteipolitesch Interête spillen traditionell och eng Roll.
-
C’est une expérience qui a secoué le monde de la culture et des médias en Pologne la semaine dernière. La présentation des émissions de la station régionale Radio Off Krakow a été confiée à des journalistes … créés par intelligence artificielle. Le passage de la station aux mains de l’IA a occasionné une levée de boucliers en Pologne, forçant la station à renoncer à son expérience après seulement une semaine. Adrien Sarlat
-
C’est une expérience qui a secoué le monde de la culture et des médias en Pologne la semaine dernière. La présentation des émissions de la station régionale Radio Off Krakow a été confiée à des journalistes … créés par intelligence artificielle. Le passage de la station aux mains de l’IA a occasionné une levée de boucliers en Pologne, forçant la station à renoncer à son expérience après seulement une semaine. Adrien Sarlat
-
Mir hu bei eiser England-Korrespondentin Marie Billon nogefrot.
-
Duerch de staarke Reen an Iwwerschwemmunge sinn op d'mannst 95 Mënschen a Spuenien ëm d'Liewe komm. Déi Zuel riskéiert haut nach ze klammen, mengt eis Spuenien-Korrespondentin Aurélie Chamerois.
-
Et gëtt Diskussiounen am Europaparlament iwwer dee sougenannte Cordon sanitaire oder d’Brandmauer, déi pro-europäesch Parteie géintiwwer deene vum riets-extreeme Bord opbaue wëllen.
No engem Vott déi lescht Woch wier d’Konditioun, net mat Extreemriets zesummenzeschaffen net méi erfëllt - dat misst politesch Konsequenzen hunn - fuerdert zum Beispill den Nach-EU-Kommissär Nicolas Schmit op Twitter.
Wat genee huet et mat deem Vott op sech - ass do wierklech eng Mauer agebrach - wéi ass déi Aktioun vun der EVP anzeschätzen? Doriwwer schwätze mir mat eiser EU-Korrespondentin Danièle Weber. -
Den Ament suergt e Vott vun där leschter Woch fir gréisser Diskussiounen. E Vott, bei deem déi gréisste Fraktioun am Parlament, d’Europäesch Vollekspartei, Amendementer vun der riets-extreemer Fraktioun, an där déi däitsch AFD vertrueden ass, matgedroen huet. An domat dofir gesuergt huet, datt dee ganzen Text verworf gouf. Souwuel d’Sozialiste wéi déi Liberal, Grénger a Lénker hunn duerno nämlech dogéint gestëmmt.
Si si rosen a soen d’Brandmauer no riets wier duerchbrach ginn. Ganz anescht d’Reaktioun um rietse Bord: D’Resultat vun deem Vott wier e Beweis fir déi ëmmer méi grouss Onstëmmegkeeten, an där “informeller Koalitioun vu Chrëschtdemokraten, Sozialisten a Liberalen”, huet sech e Freideg den ADR-Europadeputéierte Fernand Kartheiser an engem Communiqué gefreet.
Mee wat heescht dat dann elo fir d’Koalitioun, déi hanner der zukünfteger Kommissiounspresidentin steet? D’Danièle Weber mat Reaktiounen -
A Portugal kann ee zanter dësem Mount fir 20 Euro en Zuchbilljee kafe, mat deem een da während engem ganze Mount quasi op deem ganze Réseau zirkuléiere kann, mat just e puer Aschränkungen. Deen Ticket ass souzesoen “d’Kinneksmesure” vun engem ganze Pak Moossnamen, mat deenen déi portugiesesch Regierung déi gréng Mobilitéit fördere wëll.
-
E Bäitrag vun eiser Korrespondentin Marie-line Darcy
-
... dat verréit den Olivier Hanrion vun der belscher RTBF a senger Europachronik vun dëser Woch.
-
D’Migratioun war um EU-Sommet gëschter dee Sujet iwwert deen “extrem intensiv” diskutéiert gouf - dat sot de Premier Luc Frieden no der Reunioun vun den 27 Staats- a Regierungscheffen.
D’Erwaardung war jo, datt een op deem Sommet Iddie fir “nei Léisungen” géif diskutéieren.
Wat genee gouf dann elo festgehalen? Koum et zu konkreten Decisiounen? Dat froe mer eis EU-Korrespondentin Danièle Weber. -
D'Debatt um EU-Sommet dierft kontrovers ginn. Trotzdeem kommen sech d'Länner op verschiddene Punkte méi no. Flüchtlings-Campe baussent der EU fir Retouren oder awer fir regulär Asylprozeduren ofzewéckelen, gi vun ëmmer méi Länner akzeptéiert oder esou guer gefuerdert. Lëtzebuerg ass och elo op fir déi Diskussioun. Haut gëtt doriwwer um EU-Sommet diskutéiert.
-
A Portugal setzt d'Regierung vum Premier Luis Montenegro op Steiererliichterunge fir Jonker ënner 35 Joer am Land ze behalen. Et gëtt nämlech geschat, datt den Ament ee vun dräi Jonken, déi a Portugal gebuer sinn, am Ausland liewen. An och d'Sondage weisen, datt déi Jonk auswandere wëllen.
-
D'Claire Barthelemy, 100,7-Korrespondentin zu London, zitt en éischte Bilan no 3 Méint Labour-Regierung.
-
Et war een hëtzegen Debat am Europaparlament, bei dem d'Kommissiounscheffin ongewéinlech däitlech Kritik um ungaresche Premier Viktor Orban senger Politik geüübt huet. Deen kann allerdéngs aner Victoirë feieren, well seng Iddie sinn deels "salonfäeg" ginn.
- Visa fler