Avsnitt

  • Et geet dës Kéier ëm al Déieren an den Ursprong vum Wuert Veterinär.

    S: D’Caroline Döhmer ass Proff fir lëtzebuergesch Grammaire an Orthografie op der Uni Lëtzebuerg an erzielt eis – wéi den Numm vun der Emissioun et scho verréit – „e puer Wierder iwwer Wierder“. Gudde Mëtteg Caroline!
    C: Moien alleguer, moie Simon!
    S: Haut dréit sech alles ëm de Veterinär.
    C: D'Wuert vun haut ass Veterinaire. Veterinaire ass och e Synonym vun Déirendokter oder, wéi d'Leit och heiansdo soen, Véidokter, just dass Déirendokter a Véidokter vill méi transparent ass vun der Wuertbildung.
    S: Wéi mengs de ‘transparent’?
    C: Also ech hunn eemol Véi plus Dokter an eemol Déier plus Dokter, sou dass ganz kloer gëtt, et ass en Dokter, dee sech ëm d'Déieren oder ëm d'Véi këmmert.
    S: Ass Véih net en negativen Term?
    C: Véi ass hei net pejorativ gemengt, mee dat war haaptsächlech fir Notzdéieren oder fir Déieren um Haff zum Beispill.
    S: A wou kënnt d’Wuert Veterinär lo hier?
    C: Veterinaire huet witzegerweis eppes mam Veteran ze dinn. Zwar lo net mat de Mënschen, mee ‘vetus’ heescht op Latäin einfach ‘al’ an de Genitiv dovunner ass ‘veteris’. Dat ass also fir déi eeler Déieren, déi warscheinlech no hirem Asaz am Krich als Zuchdéiere benotzt gi sinn, also déi net méi fit genuch waren, fir geridden ze ginn, awer dofir nach als Laaschtendéiere gutt waren.
    Ech fannen et awer besonnesch léif, dass ‘vetus’ am Latäin net just fir ‘al’ stoung, mee och fir ‘mat Experienz’. Dat heescht ‘al’ huet net just bedeit al am Alter, mee och déi, déi besonnesch vill Erfarung hunn a scho besonnesch laang do sinn an dat waren eeben oft Déieren, déi dann och roueg genuch waren, fir als Zuchdéieren ze agéieren, well di jonk Wëll, déi wëlls de net virun dengem Plou hunn. Mat deene bass de léiwer duerch de Bësch galoppéiert.
    S: Also goufe just eeler Déiere behandelt?
    C: Am Ufank jo, jonk Déiere si méi selte krank. An et muss ee soen, dass wann däi jonkt Päerd schlëmm krank war, dann huet ee kuerze Prozess gemaach, well dat wier ze deier an ze ëmständlech ginn, dat laang ze pfleegen. E Päerd huet misse fonctionéieren.
    An elo gi mer vu ‘veteris’ (al) bei d'Wuert ‘veterina’ an dat ass ‘Zug- oder Lastvieh’ – also net just Päerd, mee och Ochsen zum Beispill. Dat ass eeben d'Substantivéierung vun Veterinus an dat war eeben dat Déier, wat fir ze zéie benotzt ginn. An du mierks awer vun Veterina/Veterinae komme mer méi séier bei den Veterinarius, de Véidokter. A vun do ass d’Form da just nach mat der franséische Endunge -aire komm.
    S: A wéi schreift een dat?
    C: Ech kann dat Wuert entweeder schreiwen Veterinaire mat A-I-R-E hannen, wéi am Franséischen, woubäi een oppasse muss, dass een net d'Accent aiguë setze wéi am Franséischen, well mer déi am Lëtzebuergeschen bei deene Wierder net iwwerhuelen, awer et kann een et hannen och ÄR schreiwen. Hei ass einfach eng méi integréiert Schreifweis, déi um Däitschen orientéiert ass.
    S: A wéini huet ee vum Veterinär geschwat? Also säit wéini gëtt et deen?
    C: Hei si mer lo an der zweeter Hallschecht vum 18. Joerhonnert, wou deen Terminus Veterinarius fir de Véidokter opkomm ass. An ech huelen un, dass dat domat zesummenhänkt, dass duerch déi verschidde Kricher an op den Häff immens vill Déireen agesat gi sinn an dass ëmmer besser no deenen Déiere gekuckt gouf oder d'Déieren och ëmmer méi wichteg waren. Awer am Ufank war den Veterinaire haaptsächlech fir d'Zuchdéieren do.
    S: Da soe mer der merci fir haut, Caroline, a freeën eis op déi nächst Kéier!
    C: Merci och! An d’Schlusswuert ass: Äddi!

  • Et geet ëm e Wuert, dat aus dem Däitsche kënnt, mee ganz à la française eriwwerkënnt. Donieft geet et och ëm Konsonanten.

    S: D’Caroline Döhmer ass Proff fir lëtzebuergesch Grammaire an Orthografie op der Uni Lëtzebuerg an erzielt eis – wéi den Numm vun der Emissioun et scho verréit – "e puer Wierder iwwer Wierder“. Gudde Mëtteg Caroline!
    C: Moien alleguer, moie Simon!
    S: Wéi ee Wuert stells de haut vir?
    C: Dat Wuert ‘Rüg’ wierkt immens franséisch, also wéi den déluge, vermifuge oder centrifuge, mee mer schreiwen et net wéi am Franséischen, well mer am Franséischen iwwerhaapt kee Virbild dofir hunn.
    S: Mir fält och keent an.
    C: Dat heescht, dat Wuert existéiert guer net am Franséischen. Dat ass e Wuert, wat mer aus dem Däitschen hunn an him iergendwéi eng franséisch Allure ginn hunn.
    S: Wéi seet een dann eng Rüg op Franséisch?
    C: Dat géif een am Franséische soen als Réprimande. D'Wuert Rüg ass aus dem Däitschen an zwar vun der Rüge, mittelhochdeutsch ‚rüege’, mer kennen haut och nach d’Verb ‘jemanden rügen’. An mir hunn d’Rüge aus dem Däitschen awer esou gekierzt a lautlech verännert (lescht Silb fält ewech, de plosive ‘g’ gëtt e Reiflaut), dass et um Enn wéi e franséischt Wuert kléngt. Awer mat der Schreifweis kënne mer et net no franséischem Virbild schreiwen, well mer et jo aus dem Däitschen hunn an dofir schreiwe mer et R-Ü-G.
    S: Mee do liest ee jo bal ‘Rük’.
    C: Dat geet leider net anescht. Kuck, am Singulier gëtt et hanne mat G geschriwwen, well et och am Pluriel e G huet (Rügen). an zwar hu mer och am Däitschen e Virbildwuert mat G. A bei deene Wierder musse mer eis mat der Schreifweis um Däitschen orientéieren.
    S: an da schreiwe mer et mat G hannen.
    C: Jo, dofir musse mer dann e G schreiwen, mee du hues Recht, theoreetesch kéint een am Singulier Rüg hannen esou schreiwen, wéi een et héiert, mat SCH. Dat ass wéinst der Ennverhäerdung, déi dozou féiert, dass mëll Konsonanten (g) um Enn vum Wuert haart ausgeschwat ginn (sch), also héiere mer e geriwwene ‘g’ wie ‘sch’.
    A bei enger ganz phonologescher Schreifweis, wéi een et eeben héiert, misst et da sinn ‘Rüüsch’, mee am Pluriel dann nees ‘Rügen’ mat G, well en do nees wéi e g als mëlle Reiflaut kléngt: g. Dat ass e bësse wéi mam Wuert ‘Garage’. Dat kéint ech am Singulier och hanne schreiwe wéi ‘Aasch’, well et genee d’selwecht kléngt duerch d’Ennverhäerdung. Mee am Pluriel kënnt eng Silb bäi an dann ass et nees mëll. An do wëll een dann eng Schreifweis, déi am beschte Fall am Singulier an am Pluriel dee selwechte Konsonsant benotzt. Woubäi et do och Ausname gëtt.
    S: Also elo nach eng Kéier d’Kuerzfaassung mat der Rüg, wgl.!
    C: Ganz gär: D'Wuert Rüg kléngt immens Franséisch, mee well mer et vum Däitschen Rüge hunn, schreiwe mer et R-ü-g. Et kënnt keen E hannen, well soss kléngt et sou, wéi wa mer zwou Silbe misste liesen, wéi am Däitschen, wéi Rüge. Mir soen awer Rüg an da maache mer hanne keen E a schreiwen et och mat Ü.
    S: Ok, verstan! Da soe mer der merci, Caroline, a freeën eis op déi nächst Kéier!
    C: Merci och! An d’Schlusswuert ass: Äddi!

  • Saknas det avsnitt?

    Klicka här för att uppdatera flödet manuellt.

  • Et geet ëm Leit, déi näischt foutéieren a franséisch Wierder, déi eigentlech just nogebaut sinn.

    S: D’Caroline Döhmer ass Proff fir lëtzebuergesch Grammaire an Orthografie op der Uni Lëtzebuerg an erzielt eis – wéi den Numm vun der Emissioun et scho verréit - "E puer Wierder iwwer Wierder“. Gudde Mëtteg Caroline!
    C: Gudde Mëtteg, Simon!
    S: Iwwer wéi ee Wuert schwätze mer haut?
    C: Iwwer den Nonfoutisme.
    S: Haut gi mer Richtung Franséisch oder wéi?
    C: Et ass am Fong ganz interessant, dass dat Wuert guer net aus dem Franséische kënnt, well am Franséische gëtt et zesummegesat aus ‘je-m’en-foutisme’ oder ‘je-m’en-fous’. A guer net non-foutisme.
    S: Se soen am Franséischen also anescht?
    C: Jo, an déi Quelle si relativ al, well di éischt Virkommnesser vun där Form ginn zréck op 1891. Also dat ass dann och guer net esou nei. Mäi gudde Kolleeg Sam Mersch, deen s de jo och kenns.
    S: Jo.
    C: Dee géif elo soen: dat sinn nei Formen, mee hien ass Sproochhistoriker an eng al Form heescht fir hien dann 500 Joer al minimum. Dofir soen ech lo mol bei 150 Joer relativ al.
    Et ass awer interessant, dass déi Formen am Franséischen eeben anescht sinn. Am Larousse steet zum Beispill: Larousse. je-m’en-foutisme = Familier ou vieilli. Attitude de quelqu’un qui manifeste une indifférence totale à l’égard des événements.
    An da wierken di Wierder esou franséisch, mee mir hu se am Fong aus dem Lëtzebuergeschen e bëssen zesummegesat nom franséische Muster. An de lëtzebuergeschen Non-Foutisme, do hu mer och nach eng weider Variant, déi bal laténgesch wierkt, an zwar den Non-Futismus. Mir maachen also aus engem franséische Wuert eng -isme-Form am Lëtzebuergeschen an dorauser eng Réckbildung zu enger pseudo-laténgescher.
    S: Firwat pseudo?
    C: Well et dat Wuert op -ismus net gouf. Mer hunn dat Wuert réckwierkend latiniséiert. Nom laténgesche Muster gebaut.
    Effektiv hat ech och versicht, den Non-Foutisme an de franséische Quellen ze fannen, mee do fannen ech just den Je-m’en-foutisme oder och als Substantif de je-m'en-fous.
    An den Non-Futisme hunn ech och fonnt, witzegerweis awer ëmmer a lëtzebuergesche Quellen! Dat war dann entweeder op iergendwellechen Noriichtesäiten oder a Foren. An et gouf net ëmmer op Lëtzebuergesch geschriwwen, heiansdo och op Franséisch, mee da schéngt dat eng lëtzebuergesch Variant dovunner ze sinn.
    S: Lëtzebuerger Franséisch souzesoen.
    C: Ganz genee. Dat war och op ganz verschiddene Säiten, also dat war Les Frontaliers, wou Franséisch geschriwwe ginn ass, oder RTL Lëtzebuerg an de Commentairen, wou et an engem lëtzebuergesche Saz war, oder, och interessant, am Luxemburger Wort, wou zitéiert gouf „un non-foutisme général“ an da goung et weider op enger anerer Sprooch. Dat heescht et gëtt interpretéiert wéi eng franséisch Variant, mee a Frankräich selwer hunn ech déi Form net noweise kënnen.
    Vläicht ass dat dann e Mierkmol vum Lëtzebuerger Franséisch, wéi s de richteg gesot hues. Et ass jo viru Kuerzem eng Publikatioun erauskomm am Dudenverlag vum Heinz Sieburg iwwer Lëtzebuerger Däitsch an et gëtt eeben och Saachen, déi markéieren e Lëtzebuerger Franséisch. Donieft gëtt am Lëtzebuergeschen awer och Belgicismen, déi mer am Lëtzebuergeschen iwwerhuelen. Also Varianten aus dem belsche Franséisch.
    S: Hues de do e puer Beispiller?
    C: Mer hätten do och nach de ‘Chicon’ (am Franséischen Endive). Déi sinn an de groussen Dictionnairë wéi dem LeRobert oder dem Larousse als ‘en Belgique’ markéiert.
    S: Vreck, déi Bicher kennen ech nach aus der Schoul …
    C: Déi gëtt et eeben och online an als Linguistin benotzen ech déi haut nach – och wann ech mam Lëtzebuergesche schaffen. An den Tapis plain ass mol guer net an deenen Dictionnairen, well dat fir si am Franséische mol net existéiert! Do muss ech nach bëssi nofuerschen.
    Déi bescht Story an deem Kontext ass d’Wuert ‘Rüg’, mee dat erklären ech an enger anerer Episod
    S: Super, da freeën mer eis op déi nächst Kéier. Merci, Caroline!
    C: Merci och! An d’Schlusswuert ass: Äddi!

  • Dës Kéier geet et ëm Linguistik, Uebst a Kompost.

    D’Caroline Döhmer ass Proff fir lëtzebuergesch Grammaire an Orthografie op der Uni Lëtzebuerg an erzielt eis bei WiWi „e puer Wierder iwwer Wierder“. Gudde Mëtteg Caroline!
    C: Moien alleguer, moie Simon!
    S: Wouriwwer schwätze mer dann haut?
    C: Ech bréngen haut déi gréng Tonn, Linguistik a Kachen zesummen.
    S: A sou? A mat wéi engem Wuert?
    C: Et ass e Grupp Wierder, deen awer inhaltlech a vrun allem historesch méi no zesummenhänkt, wéi ee vläit mengt.
    S: A wat sinn déi Wierder?
    C: Et geet ëm dës dräi Wierder: Kompott, Kompost a Kompositum.
    Fänke mer mol un beim Kompott. Also Kompott ass wéi am Franséische ‘compote’ an dat gëtt et do säit dem 18. Joerhonnert an och schonn am Alfranséischen gouf domat agekachtent Uebst bezeechent. Also du hues jo dann e Mango-Kompott, en Äerdbier- Kompott, wéi och ëmmer. A Kompott kënnt vu Latäin ‘compositum’ an dat heescht su vill wéi ‘zesummegesat, zesummegestallt, zesummegeluecht’.
    S: Wat genee ass e Kompott, also wat muss do ëmmer zesummegestallt ginn?
    C: Kompott ass alles, wou Uebst agekacht ass. Wéi een et akaacht, ass do relativ egal. Dat kann och Ganzt Uebst sinn oder Stécker, déi kënne mat Waasser agekacht sinn oder mat Zocker oder mat Roudem Wäin, also alles, wat iergendwéi en Akache vun Uebst ass, ass um Enn Kompott.
    S: Dat bekanntst ass jo dann d’Äppelkompott.
    C: Genee. Gehéiert dat fir dech bei de Gromperekichelchen? Do hätt ech lo Loscht drop.
    S: __________
    C: Komme mer lo bei de Kompost. Beim Kompost héiers de am Fong déi selwecht Bestanddeeler am Wuert wéi och beim Kompott. Et geet och hei zeréck op Latäin ‘componere’ fir ‘zesummestellen, zesummesetzen’, an doraus gëtt dann de Participe passé ‘compositum’.
    S: Also gëtt och do eppes zesummegesat beim Kompost?
    C: Jo, de Kompost ass eng Mëschung aus verschiddenen Saachen, déi een ewechgehäit huet, also alles, wat organesch ass, dat heescht Uebst an gekacht Saachen, eeben alles, wat souzesoen an déi gréng Tonn kënnt. De Kompost sinn Iessreschter, gemëscht mat Buedem. D’Konzept, Iessreschter mat Buedem ze mëschen, fënnt ee schonn an England am 16. Joerhonnert.
    S: Also einfach fir de Buedem méi fruuchtbar ze maachen?
    C: Genee, do gouf et jo nach keen Industriedünger. Do huet dat gutt geklappt.
    An um Enn komme mer nach bei d'Linguistik, well do gëtt et de Kompositum. An ween sech un d’’Kuriositéiten aus der Lëtzebuerger Sprooch’ erënnert, dee kënnt de Begrëff vläit nach. Do hate mer schonn iwwer d'Komposita geschwat, also iwwert d'Zesummesetzungen, dat sinn lauter Wierder wéi Abrëllsgeck, Boxemännchen, Spullmaschinn, Chrëschtbeemchen, also ëmmer eng Zesummesetzung aus méi Wuertdeeler.
    S: Ech erënnere mech!
    C: Soll ech Iech um Enn nach e Knuet an de Kapp maachen?
    S: Kanns jo mol probéieren!
    C: Wann ech mäi Kompott op de Kompost geheien, dann ass et e Kompostkompott an dat ass e Kompositum.
    S: Sou komplizéiert war et dach mol guer net!
    C: An dann hunn ech nach eppes Witzeges am Larousse gesinn: “En compote” kann heeschen ‘très abîmé, rendu inutilisable’ wéi bei “Voiture en compote” an dat huet mer gutt gefall. Hues du dat schonn héieren?
    S: _____
    Ech géif soen, mer treffen eis deemnächst op Gromperekichelcher mat Äppelkompott!
    C: Deal!
    S: Mir soen dir, léift Caroline, merci fir haut a freeën eis op déi nächst Kéier!
    C: Ech mech och! An d’Schlusswuert ass: Äddi!

  • Et geet ëm deen Allerwäertesten. Donieft gitt Dir och gewuer, wat et bedeit, d’Aaschkaart ze zéien.

    S: D’Caroline Döhmer ass Proff fir lëtzebuergesch Grammaire an Orthografie op der Uni Lëtzebuerg an erzielt eis – wéi den Numm vun der Emissioun et scho verréit – „e puer Wierder iwwer Wierder“. Gudde Mëtteg Caroline!
    C: Moien alleguer, moie Simon!
    S: Wouriwwer schwätze mer dann haut?
    C: Haut geet et ëm den Hënner, anzwar ëm de méi graffen Term ‘Aasch’.
    S: Also Caroline, du weess, dass mer nomëttes lafen an och vläit Kanner nolauschteren.
    C: Ech muss mech elo direkt entschëllegen, dass ech haut e grafft Wuert soen, mee och als Linguistin beschäftegen ech mech mat graffe Wierder a wëll déi och gäre reflektéieren a weisen, wéi hir Bedeitungsnuancë sinn. A wien nach ni ‘Aasch’ gesot oder geduecht huet, der werfe den ersten Stein.
    S: Och wouer, jo.
    C: An wann Der mat deem ellene Wuert net su frou sidd, da stellt Iech einfach vir, ech géif en ‘t’ hanne schwätzen an ech géif vun Beem a vun Äscht schwätzen a vun engem Bam a vun engem Aascht.
    S: E Bam an en Aascht, gotcha. Wat ass dann elo linguistesch intressant?
    C: Och haut hunn ech als éischt e klengen Orthografie-Tipp matbruecht. D'Wuert ‘Aasch’ kann ech entweeder schreiwen A-A-S-C-H oder A-A-R-S-C-H. Hei ginn et zwou Optiounen, well mer et eemol schreiwen, wéi mer et am Lëtzebuergeschen héieren, ouni R. An eemol schreiwe mer mat R, wa mer dat däitscht Wuert als Virbild huelen an do ass et ‘Arsch’.
    S: A wou kënnt dat Wuert eigentlech hier?
    C: Dat geet ganz wäit an d’Zäit zréck an du kanns mer lo bestëmmt soen, wéi dat Wuert am Briteschen heescht.
    S: Arse.
    C: Genee wéi am Engleschen „arse“ an am Däitschen „arsch“ an am Lëtzebuergeschen „Aasch“ ass dat Wuert schonn Dausende vu Joren al an dat geet zréck op eng indoeuropäesch Wuerzel, déi „ers“ oder „ors“ ass. An dat ass vun engem Verb ofgeleet an et heescht ‘sech beweegen’ oder ‘erauskucken’. An elo ass awer onkloer, wéi eng Bedeitung den Ausléiser war. Well esou gesinn ass den Hënner eppes, wat sech esouwuel beweegt wéi och erauskuckt, also béid Erklärunge maache Sënn. An dat huet sech duerch déi ganz germanesch Sproochen an där Form esou erausgebilt.
    S: Ok, intressant.
    An dann hunn ech um Enn nach eng kleng Geschicht iwwer de Begrëff ‘Aaschkaart’.
    S: Du mengs wéi bei ‘d’Aaschkaart zéien’?
    C: Genee. D'Aaschkaart ass eng Bezeechnung aus dem Futtball.
    S: Ech mengen, dat hunn ech schonn eng Kéier héieren.
    C: Also haut benotze mer et zwar meeschtens ausserhalb vum Futtballkontext, soe mer sou, ‘d'Aaschkaart zéien’ bedeit jo su vill wéi ‘keng gutt Affär maachen’ oder ‘Pech hunn’ oder dass et grad net su gutt fir ee leeft. An déi Metapher kënnt aus dem Futtball, an zwar nach méi genee aus där Zäit, wou d'Tëlee nach schwaarz-wäiss war.
    S: A sou, wéinst der Rouder Kaart oder wéi?
    C: Ma, Rout Kaarten a Giel Kaarten sinn am Futtball jo ganz kloer Verweiser. Awer an enger schwaarz-wäisser Opnam gesäis du net, wéi eng déi rout ass a wéini déi giel kënnt. … an déi maache jo fir de Verlaf vum Spill en enormen Ënnerscheed! An dofir ass an der schwaarz-wäisser Tëlee déi Giel Kaart aus der Broschttäsch gezu ginn an déi Rout Kaart aus der Täsch vun der Box.
    Aus deem Grond gouf déi méi krass Rout Kaart aus der Aaschtäsch gezunn a war deementspriechend d'Aaschkaart. Sou gesinn, wann een d'Aaschkaart gezunn huet, dann krut en eng Rout Kaart an et konnt een net méi sou maachen, wéi ee wollt. An ‘d'Aaschkaart zéien’ ass awer aus dem Sportberäich erauskomm a mer benotzen dat haut allgemeng fir ze soen: also do hues de wierklech d'Aaschkaart gezunn. Bedeit: do has de awer lo guer keng Chance.
    S: Et ass zwar cool, dass dat aus dem Futtball kënnt!
    C: Kann ech nach beim Theema Aasch ganz séier eent vu menge Liblingswierder aus dem LOD soen?
    S: Jo, natierlech, lo sinn ech zwar gespaant.
    C: Aaschkréchesch.
    S: Wat e Wuert!
    C: An dat ass och mäi lescht fir haut, obwuel, séier nach: äddi!
    S: Äddi, Caroline, a merci, dass de hei waars!

  • Et geet dës Kéier ëm random-Froen, Musekslëschten an och d'Siri.


    S: D’Caroline Döhmer ass Proff fir lëtzebuergesch Grammaire an Orthografie op der Uni Lëtzebuerg an erzielt eis – wéi den Numm vun der Emissioun et scho verréit – „e puer Wierder iwwer Wierder“. Gudde Mëtteg Caroline!
    C: Moien alleguer, moie Simon!
    S: Wat hues de eis haut fir e Wuert matbruecht?
    C: D’Wuert vun haut ass random. Et kënnt offensichtlech aus dem Engleschen a bedeit do sou vill wéi zoufälleg, ouni bestëmmten Oflaf oder belibeg.
    S: An dat gëtt et jo och an der Musek bei der Playlist.
    C: Genee, wann ee Shuffle umécht, dann ass d’Offolleg vun de Lidder net eent nom anereren, mee random. Do gëtt et och d’Verb ‘to randomize’ als Synoym vun ‘to shuffle’.
    S: Witzeg, dass dat alles englesch Begrëffer sinn.
    C: Dat ass warscheinlech, well se aus der Musekwelt kommen an déi Tools oft op Englesch agestallt sinn oder bestëmmt Produiten déi Terminologie vermaarten, wéi den iPod Shuffle, oder dass d’Funktioun ‘shuffle’ heescht a mir dat dann einfach iwwerhuelen.
    S: Dat war dee klengen iPod ouni Ecran, gell?
    C: Genee, deen hat ech och a meng Bomi war deemools ganz verwonnert, wou ech do d’Musek dramaachen, well si nach dovun ausgaang ass, dass de souzesoen en ‘Musikträger’ brauchs wéi eng CD oder eng Kassett, fir Musek ofzespillen. An dat ass jo mam ganze Streaming nach e Schrëtt méi wäit. Do ass d’Musek dezentral gespäichert.
    Mee zréck bei random a shuffle: Et ass ganz léif, wann ech am Auto sëtzen a mengem däitsche Siri soen, dass ech gär meng Liblingsongs op Shuffle wëll lauschteren, well dann heescht et: “Ich spiele jetzt deine Lieblingssongs im Zufallsmodus. Do häss de also eng däitsch Entspriechung vum Wuert ‘shuffle’ oder ‘random’. Et gëtt och ‘Zufallswiedergabe’.
    S: Gëtt dat da vill benotzt?
    C: Ech denken, dat gëtt éischter selte benotzt.
    S: A wat wier et am Lëtzebuergeschen?
    C: Ma do ginn ech dovun aus, dass “op random” oder “shuffle” gesot gëtt. Wéi sou oft si mer am Lëtzebuergesche ganz frou mat Friemwierder a loossen se einfach wéi an der Quellsprooch.
    Beim Wuert ‘random’ gëtt et awer nach eng weider Bedeitung, déi grad vu jonke Lëtzebuerger vill benotzt gëtt anzwar am Sënn vu ‘belibeg’. Do komme mer lo wech vun der Musek.
    S: A jo, sou eppes wéi ‘eng random Fro’ oder ‘eng random Persoun’.
    C: Genee, dat ass a Kontexter, wou ee soe wëll x-belibeg. Oder och bei ‘seng Ausso war komplett random’, domat soll ausgedréckt ginn, dass eng Ausso iwwerhaapt kee Bezuch zu eppes hat.
    An dat kann een ënnerschiddlech an de Saz abauen: entweeder wéi en Adjektiv virun engem Nomen: eng random Fro. Oder mam Verb ‘sinn’: Deng Fro ass total random. Oder och als Avderb: Du kanns dat net random decidéieren.
    Gemengt ass domat ëmmer: iergendeng oder iergendwéi. Ouni Plang, einfach sou oder ouni sech virdrunner Gedanke gemaach ze hunn.
    An domat verhält et sech wéi en normaalt Adjektiv, just mat enger Ausnam.
    S: An dat wier?
    C: Et kritt ni eng Endung. Ech soen zum Beispill bei gewéinlechen Adjektiver: mat enger klenger Fro, mee ech soen net: mat enger randomer Fro. An deem Sënn ass d’Adjektiv onverännerbar, et ass ëmmer random: mat enger random Fro.
    S: A mir hale lo leider random op fir haut.
    C: Jo, eis Zäit ass schonn ëm!
    S: Da soe mer der merci, Caroline, an du bass jo geschwënn nees hei!
    C: Dat ass wouer! A mäi Schlusswuert ass wéi ëmmer: Äddi!

  • Ee vu ville Beispiller, bei deenen de Markennumm benotzt gëtt fir e Produit ze beschreiwen.

    S: D'Caroline Döhmer ass Proff fir lëtzebuergesch Grammaire an Orthografie op der Uni Lëtzebuerg an erzielt eis – wéi den Numm vun der Emissioun et scho verréit – "e puer Wierder iwwer Wierder". Gudde Mëtteg Caroline!
    C: Moien alleguer, moie Simon!
    S: Wouriwwer schwätze mer haut?
    C: Ma am Wanter hu vill Leit dréche Lëpsen a benotzen da wat, fir se nees geschmeideg ze maachen?
    S: E Labello.
    C: A muss dee vun der Mark Labello sinn?
    S: Ech mengen net.
    C: Mäi Wuert vun haut ass Labello. E Markennumm, dee mer awer och allgemeng fir de Produit u sech benotzen.
    S: A wouhier kënnt dee Markennumm eigentlech?
    C: Den Numm ass aus laténgesche Wierder zesummegesat, anzwar aus ‘labium’ fir ‘Lëps’ an aus ‘bellum’ fir ‘schéin’.
    S: Ok, also einfach ‘schéi Lëpsen’.
    C: Genee. An dann nach eng Quizfro. Wou hunn ech déi Informatiounen hier?
    S: Aus dem Internet?
    C: Jo, kloer, mee wou genee.
    S: Aus engem etymologeschen Dictionnaire?
    C: Et geet zwar ëm d’Hierkonft vun deem Wuert, mee dee Produit ass grad emol 100 Joer al, erfonnt 1909.
    An all dës Informatiounen hunn ech – pass op – aus der lëtzebuergescher Wikipedia.
    S: Wierklech?
    C: Du wäerts dech wonneren, wat een alles op Wikipedia fënnt, och am Lëtzebuergeschen. Ech huelen zum Deel och gär Wikipedia-Texter, fir a mengen Orthografie-Coursen Dictéeën ze maachen. Lo wéini hate mer en Text iwwer Mëttelalterfester.
    S: Has de net och an eiser Episod am Ufank iwwer de Jang an den Heng eppes bei Wikipedia nogelies?
    C: Jo, genee! Also do hat se mer och schonn déck weidergehollef. Dofir merci un déi Leit, déi déi Säiten an hirer Fräizäit fëllen!
    Zréck bei eise Labello-Stëft. Huele mer lo mol un, du wéilts net de Markennumm benotzen, mee en anere Begrëff fir dee Produit. Ech perséinlech hunn och ëmmer sou ee Stëft dobäi, mee ni vun der Mark Labello komescherweise. Falen dir do Alternativen an, wéi een dat nennt, ouni misse Labello ze soen?
    S: ______
    C: Ech hat lo och nogeduecht: Lëppestëft? Lëpsefettstëft? Bei Wikipedia stoung de Lëpsecrèmestëft, mee spontan hätt ech, mengen ech, Labello gesot. Well de Lëppestëft ass fir mech eppes, wou och Faarf mat dran ass. An net just deen, fir d’Lëpsen ze pfleegen.
    S: Kéints de dat net an denge Quelle fannen? Also aner Begrëffer?
    C: Dat ass leider guer net sou einfach, well déi Texter, déi mir an eise Quelle fannen, handele selte vu Beauty-Produkter.
    A mer hu leider nach keng effikass Manéier, fir lëtzebuergesch Texter vun Instagram oder Facebook erofzezéien an op d’Sprooch hin ze analyséieren. Well do misst an deene Beauty-Bubbles iwwer sou Saache geschwat ginn. An da muss een nach hoffen, dass dat dann op Lëtzebuergesch ass!
    S: Mir soen einfach weider Labello. An domat soe mer der merci, Caroline, a freeën eis op déi nächst Kéier!
    C: Merci och! An d'Schlusswuert ass: Äddi!

  • Dës Kéier geet et ëm de Batti an Ausdréck wéi Tutebatti oder sech de Batti stellen. Donieft geet et awer och ëm Schnësskättien.

    S: D'Caroline Döhmer ass Proff fir lëtzebuergesch Grammaire an Orthografie op der Uni Lëtzebuerg an erzielt eis haut nees "e puer Wierder iwwer Wierder". Gudde Mëtteg Caroline!
    C: Moien alleguer, moie Simon!
    S: Nom Jang an nom Heng geet et haut nees ëm e Virnumm?
    C: Genee, haut schwätze mer iwwer de Batti. Kenns de e puer Ausdréck mat Batti?
    S: ______________
    C: Et gëtt vil Persounebezeechnunge mam Batti: Den Tutebatti, de Fuerzbatti, de Schwäibatti asw. Mee et kann ee sech och einfach de Batti stellen.
    S: A wien ass dee Batti?
    C: Dat ass am Fong einfach eng lëtzebuergesch Form vum Numm ‘Baptiste’. An dat sinn dann Nimm, déi sech verselbststännegen. An deem Sënn, dass se benotzt ginn, fir een ze vernennen (Wat bass du e Batti!) oder fir e Kompositum ze bilden (Tutebatti).
    Dat muss awer net ëmmer de Batti sinn. Aner Sproochen hunn dat och: Am Däitschen häss de zum Beispill den ‘Horst’ wéi bei ‘sich zum Horst machen’. Dat ass jo dann emol guer net sou wäit ewech vum ‘sech de Batti stellen’.
    Kenns du do vläit nach sou Ausdréck mat Nimm am Engleschen?
    S: ___________
    C: Ech hat elo mol just un d’Karen geduecht fir de Stereotyp vun enger wäisser, mëttelaler Amerikanerin aus der Mëttelschicht.
    Bei der männlecher Versioun vum Karen sinn ech mer net sécher. Anscheinend konnt ee sech ni op ee Slang-Term fir Männer eenegen, mee Ken a Kevin ware wuel ënnert anerem am Rennen.
    Am Lëtzebuergeschen hues de do op alle Fall de Batti – och wann dat elo éischter kee Slang-Term ass.
    S: Do gëtt et dach och e weibleche Pendant fir de Batti, oder?
    C: Jo, de Mann ass an deem Fall jo de Schnëssbatti an d’Fra ass d’Schnësskätti. Ech hat fir eng Publikatioun eng Kéier missen dës Begrëffer op Däitsch iwwersetzen an do hunn ech awer laang gesicht, fir do eppes ze bastelen.
    S: A wéi hues de se genannt? Steet dann am LOD keng Iwwersetzung?
    C: Do steet just ‘Schwätzer’ resp. ‘Schwätzerin’, mee ech wollt am Fong ervirhiewen, datt se mat engem Numm zesummegesat sinn an dat Muster wollt ech och am Däitsche replizéieren.
    S: A wat hues de schlussendlech geholl?
    C: Laberfritz a Laberliesl. Mee ech muss soen, dass de Fritz och bekannt ass an Däitschland, mee d’Liesl ass vläit éischter regional – Süden hätt ech elo gesot. Kleng Klamer: Dat wat bei eis Pitti-Witzer sinn, sinn an Däitschland Fritzchen-Witzer. An et ass wéi beim Batti, et weess keen, wien dee Pitti oder dee Fritz ass. Et sinn einfach random Nimm fir e stereotypesche Mann an deem Fall.
    S: An d’Kätti?
    C: Dat leet sech of vum Numm Catherine oder Katharina. An dat kann dann och agesat ginn, fir eng belibeg Fra ze beschreiwen: e Schnësskätti oder (och ouni -i) e Schnësskätt.
    Ech kéint eng Kéier eng ganz Episod maachen iwwer déi Verlëtzebuergeschung vun Nimm. Do gëtt et och de Fléipéiter oder de Vullemätti an nach vill anerer.
    Ech hunn awer d’Gefill, wéi wann dat éischter vun eelere Spriechergruppe benotzt gëtt. Hunn dat elo manner bei deene Jonken ënner 30 héieren. Déi hunn dann aner Methoden, fir Leit ze vernennen.
    S: Da soe mer der merci, Caroline, a freeën eis op nei Wierder an nei Geschichten!
    C: Merci och! An d'Schlusswuert ass: Äddi!

  • Dës Kéier geet et ëm d'Negatioun an ëm e Phenomeen, dee Skopus heescht.

    S: D'Caroline Döhmer ass Proff fir lëtzebuergesch Grammaire an Orthografie op der Uni Lëtzebuerg an erzielt eis bei der Emissioun WiWi "e puer Wierder iwwer Wierder". Gudde Mëtteg Caroline!
    C: Moien alleguer, moie Simon!
    S: Haut dréit sech alles ëm ‘net’.
    C: Richteg, haut erzielen ech eppes iwwer Negatioun. A wien nach eis Emissioun ‘Kuriositéiten aus der Lëtzebuerger Sprooch’ kennt a gutt nogelauschtert huet, deen erënnert sech vläit. Haut geet et nämlech ëm e Phenomeen, wat Skopus heescht.
    S: Skopus? Lo muss de eis nees bëssi weiderhëllefen, wgl.
    C: Hokus Skopus! Mmm, vläit kenns de jo dat englescht Wuert ‘scope’?
    S: _____
    C: Do heescht et dann ‘the scope of my possibilities’, also den Ëmfang dovunner, alles, wat dorënner fält. A genee sou verhält sech eng Negatioun och, se kann e Skopus op bestëmmt Wierder hunn, also d’Negatioun ‘net’ kann eenzel Wierder beaflossen a de Sënn vun engem Saz komplett veränneren, je nodeem wou se steet.
    Normalerweis setzt een den ‘net’ virun dat Wuert, wat soll negéiert ginn. An dat huet oft eng kontrastiv Bedeitung: net DU, mee dat anert, net HEI, mee do.
    S: Häss de do nach e Beispill?
    C: Naturellement! Huele mer mol d’Beispill: Ech hunn dech gär.
    Sou, an elo maache mer e Skopusspill. Ech kann nämlech den ‘net’ op verschiddene Plazen asetzen an dann negéiert en ëmmer eppes aneres.
    Net ech hunn dech gär.
    Ech hunn net dech gär.
    Ech hunn dech net gär.
    S: A jo, dat ass ëmmer liicht anescht. Mee och vun der Betounung.
    C: Genee. An ech hat dat lo grad kontrastiv genannt, well déi eenzel Sätz sinn dann: Net ech hunn dech gär, mee den Tun huet dech gär. Do ass dann och e Wiessel vun der Betounung, dee mam Skopus zesummenhänkt.
    Oder: Ech hunn net dech gär, mee den Tun.
    Oder: Ech hunn dech net gär – do ass dann déi ganz Aktioun negéiert.
    S: Dat ass zwar en haarde Beispillsaz.
    C: Jo, ech weess, et sollt och keen emotionalen Trauma sinn, mee un deem Saz léisst sech ganz schéi weisen, dass den ‘net’ einfach e Skopus kann hunn iwwer bestëmmt Sazdeeler.
    Sou, an um Enn nach e bëssen Orthografie. Den ‘net’ gehéiert nämlech zu de sou genannte Funktiounswierder a gëtt esou einfach wéi méiglech geschriwwen.
    S: Wat si scho méi Funktiounswierder?
    C: Dat si kleng grammatesch Wierder, déi heefeg benotzt ginn. An dësem Fall ass ‘net’ eng Negatiounspartikel.
    S: A wéi ass elo déi richteg Schreifweis vun ‘net’?
    C: n e t.
    S: Ouni Treema?
    C: Jo, ganz einfach n e t. Ech weess awer, wat s de mengs, well d’Wuert ‘Mëtt’ zum Beispill, dat bis op de Laut am Ufank ganz änlech kléngt, schreiwe mer M ë t t. Awer ‘Mëtt’ ass en normaalt Substantiv – en Inhaltswuert – a gëtt dofir no den normale Reegele geschriwwen.
    Den ‘net’ kënnt awer sou heefeg vir, dass en eng vereinfacht Schreifweis huet. An et gëtt eng Rumeur, dass de Josy Braun sech virun 30 Joer staark gemaach huet fir dës vereinfacht Schreifweis ouni Treema, well et op der Schreifmaschinn net sou evident war, fir séier mol en Treema op den ‘e’ ze tippen. An d’Wuert ‘net’ gehéiert zu de frequente Wierder. Dat kënnt einfach richteg heefeg vir.
    S: Also kënnt do säit 30 Joer keen Treema drop?
    C: Bal, säit 1999, also säit 25 Joer.
    S: Net ouni Treema, ech versiche mer dat ze verhalen! Villmools Merci, Caroline, a bis déi nächst Kéier!
    C: Merci och! An d'Schlusswuert ass: Äddi!

  • An dëser Episod kucke mer eis de Shampooing un an d’Caroline Döhmer erkläert, wéi dat Wuert zu senger Schreifweis kënnt, a wat säin Ursprong ass. Donieft geet et och ëm den No-Poo-Trend.


    S: D'Caroline Döhmer ass Proff fir lëtzebuergesch Grammaire an Orthografie op der Uni Lëtzebuerg an erzielt eis – wéi den Numm vun der Emissioun et scho verréit – "e puer Wierder iwwer Wierder". Gudde Mëtteg Caroline!
    C: Moien alleguer, moie Simon!
    S: Bei WiWi schwätze mer jo ëmmer iwwer de Gebrauch an d’Geschicht vu bestëmmte Wierder, wéi ee Wuert hues de eis haut matbruecht?
    C: Et geet ëm e Wuert mat enger – wéi ech fannen – total mëller Schreifweis. Anzwar schwätze mer iwwer de Shampooing. Schéngt wéi en normaalt Alldagswuert, mee wéi schreift een et? Also wéi häss du et zum Beispill geschriwwen?
    S: _____
    C: Am Fong ass et sou verréckt, dass et komplett englesch ausgesäit a mir et awer aus dem Franséischen iwwerhuelen. An do gëtt et zwou Schreifweisen, well ech kann den ‘o’ am Wuert verduebelen oder net: Shampooing oder Shampoing. Et gesäit also einfach aus wéi dat englescht Verb ‘to shampoo’ am Present continuous: Shampooing. Awer mer schwätzen et Franséisch: Shampooing. An d’Schreifweis ass dann effektiv déi aus dem Franséischen, also och mat deene Variante mat engem oder zwee ‘o’.
    S: A wouhier kënnt de Shampooing eigentlech? Aus dem Engleschen?
    C: Et ass am 19. Joerhonnert aus dem Englesche geléint ginn, mee et ass u sech keen englescht Wuert, mee et kënnt aus dem Hindi!
    S: Also aus dem Indeschen?
    C: Jo, an do ass d’Form geschwat champo an dat ass den Imperatif vum Verb ‘champana’ an dat heescht ‘drécken’ oder ‘masséieren’. Et geet also manner ëm d’Proppermaache vun den Hoer, mee éischter de Fait, dass d’Hoer mat deem Produit um Kapp zesummegedréckt a masséiert ginn. Woubäi ech soe muss, wann de Coiffer beim Hoerwäschen déi richteg Technik huet, dann deet dat scho richteg gutt um Kapp.
    S: Jo, de Lien mat Hoerwäschen a Massage ass fir mech och kloer.
    C: Gell? Kucke mer mol an aner Sproochen: Am Däitschen ass et jo och ‘Shampoo’, zwar geschriwwe wéi am Engleschen, mee relativ Däitsch gelies. An hei gefält mer d’Spuenescht am beschten, well déi hunn eng richteg Liesaussprooch dorauser gemaach: champú.
    An a propos ‘poo’. Kenns de den No-poo-Trend?
    S: ____
    C: No poo steet fir ‘no shampoo’.
    S: Dat kléngt am Engleschen zwar lo net sou super mat Poo …
    C: Ech hat mech och gewonnert, wou ech dat als éischt gelies hat. Dat ass en Trend, fir kee Shampooing ze benotzen, well do anscheinend esou vill schlecht Saache fir d’Hoer an d’Kapphaut dra sinn, dass een e besser soll ewechloossen.
    S: A wat benotzt een amplaz?
    C: Dat geet vu Bakpolver bis bei Apelesseg oder Kokosueleg. An do gëtt et Tonne Videoen a Fore mat Leit, déi sech iwwer Alternativen austauschen.
    S: Hues de dat scho getest?
    C: Nee, dat ass net sou menges. Ech si scho Fan vun normalem Shampooing. A wann Dir elo fir d’nächst en Akafsziedel schreift an do Shampooing drop stoe kënnt, dann denkt bei der Schreifweis einfach un d’Aktivitéit: Shampoo-ing – a scho steet et richteg do!
    S: Gudden Tipp, merci, Caroline. Da bis déi nächst Kéier!
    C: Ech soen dir och Merci! An d'Schlusswuert ass: Äddi!

  • An dëser Episod geet et ëm de Schantjen an d’Chrëschtkëndchen a firwat dat eent souzesoen eng falsch Verklengerungsform ass. Donieft schwätze mir och iwwer Orthografie an de Pluriel.S: D'Caroline Döhmer ass Proff fir lëtzebuergesch Grammaire an Orthografie op der Uni Lëtzebuerg an erzielt eis – wéi den Numm vun der Emissioun et scho verréit – "e puer Wierder iwwer Wierder". Gudde Mëtteg Caroline!C: Moien alleguer, moie Simon!S: Wat hues de eis haut fir e Wuert matbruecht?C: Haut dréit sech alles ëm de Schantjen.S: A wat ass dorunner sou speziell?C: Dass mer et hannen héieren, wéi wann et de -chen vun engem Diminutiv wier, et awer mat geschriwwe gëtt.S: Wat ass scho méi en Diminutiv?C: Dat ass eng Verklengerungsform wéi Apel > Äppelchen, Bam > Beemchen oder Kand > Këndchen.S: Bei Beemchen a Chrëschtkëndchen denken ech direkt u Chrëschtdag.C: Jo, et ass wouer, mat der Zäitëmstellung an der Keelt ass et scho bal Dezemberfeeling. Mee zréck bei d’Orthografie vu ‘Schantjen’. Obwuel ech hannen ‘chen’ héieren, schreiwen ech et: S c h a n t j e n.S: A firwat mat ‘j’?C: Dat ass eng allgemeng Reegel am Lëtzebuergeschen, dass mer Wierder, déi am Franséischen -ier oder -illet hunn, am Lëtzebuergesche mat ‘j’ geschriwwe ginn.S: Hues de do e puer Beispiller?C: Ma aus dem ‘billet’ gëtt de Billjee, B i l l j e e. Aus dem ‘pompier’ gëtt de Pompjee, P o m p j e e. Do ass am Lëtzebuergeschen ëmmer de ‘j’.S: A wann ech ‘Chantier’ soen an net ‘Schantjen’?C: Dann ass dat och iwwerhaapt kee Problem an du kanns et schreiwe wéi am Franséischen: C h a n t i e r.Et ass am Fong intressant, dass beim Wuert ‘Schantjen’ och sou eng Mëschform tëscht enger integréierter franséischer Form an engem Diminutiv ass. Well, wéi ech scho sot, kléngt et wéi de ‘chen’ beim Këndchen. An dass de ‘Schantjen’ awer iergendwéi als Diminutiv traitéiert gëtt, gesäit een och am Pluriel! Et ass ee Schantjen, zwee …S: … Schantercher.C: Richteg. A wann ech mer dee Pluriel do ukucken, dann ass et keen normale Pluriel, wou eng Endung -en oder -er bäikënnt, mee et ass en typeschen Dimininutivpluriel wéi bei Beemchen > Beemercher. Déi ercher-Form fënnt een am Fong just am Diminutiv.S: A wéi schreift een de Pluriel elo?C: S c h a n t e r c h e r. Hei da mat ‘ch’, well ech fir dee Pluriel kee franséischt Virbild méi hunn an hei éischter no deem ercher-Pluriel am Lëtzebuergesche kucken, dee mat ‘ch’ geschriwwer gëtt.Mee sou gesinn, kann een och einfach Chantier soen. Oder Baustell. Mer hu jo oft de Choix am Lëtzebuergeschen.S: Dat ass wouer. Da soe mer der merci, Caroline, a freeën eis op déi nächst Kéier!C: Merci och! An d'Schlusswuert ass: Äddi!

  • An dëser Episod geet et ëm Jofferen, Jongfraen a Weltbiller aus de 50er-Joren. Mir schwätzen iwwer jonk Fraen, Titelen an de Beruff vun der Enseignante an der Primärschoul.

    S: D'Caroline Döhmer ass Proff fir lëtzebuergesch Grammaire an Orthografie op der Uni Lëtzebuerg an erzielt eis – wéi den Numm vun der Emissioun et scho verréit – "e puer Wierder iwwer Wierder". Gudde Mëtteg Caroline!
    C: Moien alleguer, moie Simon!
    S: Haut ass schonn d'Episod 17!
    C: Komm, ech huelen d'17 mol als Stéchwuert fir mäin Theema vun haut. Ass eng weiblech Persoun vu 17 Joer fir dech eng Joffer?
    S: ____
    C: Also ech sinn tatsächlech déi lescht Jore vun der Lycéeszäit als ‘Joffer’ bezeechent ginn, also sou 16-19, wann ech mech richteg erënneren. Mee änlech wéi de Begrëff ‘Fräulein’ am Däitschen hunn ech d’Gefill, dass dat als Bezeechnung fir eng jonk Fra ëmmer manner benotzt gëtt.
    S: A firwat ginn déi manner benotzt?
    C: Well d’Net-Bestuetsinn am Fong keen Afloss op eng Bezeechnung sollt hunn. An et ass wéi sou oft: bei Männer ass et schliisslech och egal, ob se bestuet sinn oder net.
    Bei ‘Fräulein’ war et d’Fraebeweegung aus den 68er, déi dozou gefouert huet, dass den Titel ‘Fräulein’ aus den offiziellen Dokumenter, also aus dem Beamtendeutsch verschwonnen ass. Wat awer net heescht, dass et net nach weider benotzt ginn ass op verschiddene Plazen.
    S: An am Lëtzebuergeschen?
    C: Soe mer sou, d’Lëtzebuergescht war jo bis an d’2000er Joren net vill geschriwwe ginn an och offiziell Dokumenter ware bis zu där Zäit éischter selten op Lëtzebuergesch.
    S: A jo.
    C: An d’2000er an déi Zäit dono ass einfach eng aner Zäit fir Fraen, mee ech wëll nawell e puer Saachen iwwer d’Joffer soen. Well bis elo hu mer just vum Aspekt ‘jonk onbestuet Fra’ geschwat. Hei muss ech direkt och dat aalt Luxemburger Wörterbuch aus de 50er-Joren zitéieren: erwachsenes, reifes, heiratsfähiges Mädchen.
    Mee, ‘Joffer’ ass jo och eng Bezeechnung fir eng Enseignante an der Primärschoul.
    S: An dat ass och einfach eng jonk Fra dann?
    C: Souzesoen. Et war en typeschen Job fir jonk Fraen, déi aus der Schoul eraus waren an awer nach net bestuet a keng eegen Famill haten. An du weess jo, an der traditionell kathoulescher Welt vun deemools war eng onbestuete Fra net sexuell aktiv, mee ...
    S: ... eng Jongfra!
    C: Maja an do kommen dann déi Elementer beieneen: eng Joffer ass eng jonk Fra am heiratsfäegen Alter, wéi et heescht, mee ass nach net bestuet an dofir tendenziell Jongfra. Dofir hänken den Term Joffer a Jongfra vrun allem historesch zesummen, och wann de Lien haut net méi transparent ass.
    S: Wat heescht genee ‘transparent’?
    C: Ma dass eng Joffer an der Primärschoul net méi Jongfra muss sinn, well déi zwee Begrëffer sech ënnerschiddlech entwéckelt hunn.
    S: War eng Joffer an der Schoul da fréier ëmmer eng Jongfra?
    C: Soe mer sou: eng 100 % Garantie konnts de natierlech net hunn. Mee de Lien tëscht der Jongfra an der Schouljoffer ass ëmmer méi schwaach ginn, soudatt d’Iddi vun der Jongfralechkeet och net méi domat verbonnen ass. Ech hunn am Luxemburger Wörterbuch aus de 50er-Joren zum Beispill gelies, dass een d’Enseignante an der Schoul och da Joffer genannt huet, wa se bestuet war oder scho méi al.
    S: Also war de Begrëff ‘Joffer’ do schonn als Beruff etabléiert?
    C: Méi oder manner, jo. Haut ass et haaptsächlech de Beruff a manner déi jonk Fra. Wéi ech um Ufank scho sot mam Term ‘Fräulein’, déi kommen hautzudaags ëmmer manner vir. A well vill vun eis an de 60er a 70er nach net do waren, nach eng kleng Anekdot zu den Zäiten, wéi se fréier waren. Wat een nämlech och berücksichtege muss, ass, dass eng Fra zu Lëtzebuerg bis an d’70er-Joren en offiziellen Accord vun hirem Mann gebraucht huet, wann se nieft der Famill nach wollt schaffe goen. An dat weist einfach, wéi ee Status eng bestuete Fra hat: d’Organisatorin vum Haus. A wa se keen Haus a kee Stot hat – als Joffer – da konnt se an der Primärschoul eng Hand mat upaken.
    S: Mee dat ass haut glécklecherweis anescht.
    C: Jo, mer sinn do op alle Fall um richtege Wee. Mee ech maachen elo keen Ausfluch op d’Wuert Mental Load. Dat ass da fir eng aner Kéier!
    S: Ech verstinn, wat s de mengs. Da merci fir haut, Caroline, a freeën eis op déi nächst Kéier!
    C: Merci och! An d'Schlusswuert ass: Äddi!

  • An dëser Episod geet et ëm d'Landkaart an och ëm Päiperleken. Donieft schwätze mir och iwwer Betounungen a Flilleken. Wéi dat alles zesummepasst, erkläert eis d'Caroline Döhmer.


    S: D'Caroline Döhmer ass Proff fir lëtzebuergesch Grammaire an Orthografie op der Uni Lëtzebuerg an erzielt eis – wéi den Numm vun der Emissioun et scho verréit – "e puer Wierder iwwer Wierder". Gudde Mëtteg Caroline!
    C: Gudde Mëtteg.
    S: Wéi ee Wuert hues de haut fir eis?
    C: Haut dréit sech alles ëm d'Landkaart.
    S: A wat ass dorunner sou speziell? Well do gesinn ech elo iergendwéi guer näischt Spezielles. Mee dat wäert sech sécher gläich änneren.
    C: Fir mech ass d'Wuert an deem Sënn speziell, well et eng besonnesch Betounung huet. Et gëtt am Lëtzebuergeschen nämlech zesummegesate Wierder, déi vir oder hanne betount sinn. Ech nennen elo e puer Wierder, déi och aus zwee Deeler bestinn, déi alleguer vir betount sinn: Wäiglas, Spullmaschinn, Téitaass, Sim-Kaart, Iessdësch.
    S: An du héiers direkt eraus, dass se vir betount sinn?
    C: Ma ech ka se jo mol hanne betounen, well da kléngen se net richteg: WäiGLAS, SpullmaSCHINN, TéiTAASS, Sim-KAART, IessDËSCH. Mer hunn also Wierder, déi vir musse betount sinn: SIM-Kaart. An d'Landkaart ass do e Spezialfall, well ech et awer hanne betounen: LandKAART.
    S: A firwat just dat Wuert?
    C: Et ginn nach eng Rei aner Wierder wéi KachDËPPen oder KierchTUERM. Et ass en aalt Betounungsmuster, wat een eebe bei e puer Wierder nach fënnt, wéi och bei der Landkaart. Am Däitschen zum Beispill ass d'Betounung vill méi streng gereegelt, do ass se bei Zesummesetzungen ëmmer vir: LANDkarte, KOCHtopf, KIRchturm.
    An elo maachen ech en Trick. Anzwar verbannen ech d'Wuert Landkaart mat engem Päiperlek.
    S: A wéi méchs de dat?
    C: Wann ech der d'Äntwert soen, dann ass se immens offensichtlech. Et gëtt nämlech e Päiperlek, dee 'Landkärtchen' heescht.
    S: Wierklech?
    C: An den däitschen Naturschutzbund huet dee souguer als Insekt vum Joer 2023 geküürt.
    S: A wéi gesäit deen aus? Gëtt et deen och zu Lëtzebuerg?
    C: Ech sinn éierlech gesot drop komm, well ech eng total onheemlech Raup gesinn hunn bei eis um Haus: Schwaarz, ganz pickeg, a souguer d'Picken haten nach Picken. An dunn hunn ech recherchéiert, wat dorauser gëtt, an d'Äntwert ass: Landkärtchen, eng Zort Falter.
    S: A wéi gesäit de fäerdege Päiperlek aus?
    C: Live kann ech der et net soen, well ech just déi Gothic-Raup gesinn hat, mee op de Fotoen, déi ech gesinn hunn, ass e schwaarz mat orange a wäiss, a ganz schéi gemustert.
    S: An huet en den Numm, well dat ausgesäit wéi eng Landkaart?
    C: Ma dat hat ech och gemengt, mee witzegerweis huet en deen Numm, well d'Ënnersäit vu senge Flilleken ausgesäit wéi eng Landkaart, déi ass guer net faarweg, mee iwwerzunn mat hellen Netzlinnen a klenge gro-bronge Felder, et gesäit wierklech e bëssen aus wéi e Stroossennetz oder eeben eng Landkaart.
    A weess de, wéi déi jonk Leit haut fir eng Landkaart soen?
    S: Nee.
    C: Google Maps. Nee, mee seriö, eng Landkaart ass einfach eppes, wat e bëssen aus der Moud komm ass, well et duerch digital Formater ersat gouf. Ech froe mech do, ob op d'mannst an de Schoulklassen nach déi Landkaarte gëtt, déi am Klassesall hänken. Oder ob een am Auto nach eng Landkaart leien huet.
    S: Am Auto vläicht éischter net. Mee ech googelen elo mol nach deng Gothic-Raup.
    C: Einfach aginn: Landkärtchen Raupe, da gesäis de se bei de Biller.
    S: Mir soen dir op alle Fall merci fir deng Erklärungen a freeën eis op déi nächst Kéier!
    C: Merci och! An d'Schlusswuert ass: Äddi!

  • Dës Episod ass vläicht ganz no Ärem Goût, well d'Wuert vun haut ass "Goût". Et geet ëm Inselen, Reformen a franséisch Hittercher.

    S: D'Caroline Döhmer ass Proff fir lëtzebuergesch Grammaire an Orthografie op der Uni Lëtzebuerg an erzielt eis – wéi den Numm vun der Emissioun et scho verréit – "e puer Wierder iwwer Wierder". Gudde Mëtteg Caroline!
    C: Gudde Mëtteg Simon!
    S: Wéi ee Wuert hues de haut fir eis?
    C: Haut dréit sech alles ëm de Goût.
    S: Du mengs sou wéi Museksgoût. Oder de Goût vu Schockela.
    C: Ganz genee. A schonn direkt intressant, dass de Goût am Fong eppes mat schmaachen ze dinn an een awer och e Goût an der Musek kann hunn, obwuel een se net schmaache kann.
    Gi mer mol eriwwer bei d'Schreifweis: Wann Dir dat elo am Radio héiert, da kléngt et wéi G-U. Sou wéi dat bekannt gielt Kachbuch resp. dee Verlag, kenns de dat?
    S: ___
    C: Mir schreiwen et awer net G-U, mee G O U (mat Hittchen) T, well mer déi Schreifweis aus dem Franséischen iwwerhuelen.
    S: Firwat steet eigentlech deen Hittchen?
    C: Den Hittchen am Franséischen ass e Reflex vun enger aler Form mat 's', also op de Plazen am Wuert, wou lo en Hittchen ass, stoung fréier en 's'. Dat erkennt een heiansdo nach, wann ee Sprooche matenee vergläicht.
    Also wann ech mer e puer franséisch Wierder ukucke mat Hittchen, da fannen ech oft ee Parallelwuert mat engem 's'.
    S: Du hues eis bestëmmt e puer Beispiller matbruecht.
    C: Ma sécher dat! D'Parallelwierder sinn zum Deel aus dem Spueneschen oder dem Engleschen. Hei hätte mer île – isla, intérêt – interest, hôpital – hospital.
    S: An de Goût?
    C: Do hätt ech nach de Gusto.
    S: Gouf et net och eng Reform am Franséische mam Hittchen?
    C: 2016 gouf decidéiert, dass den 'u' an den 'i' keen Hittche méi musse kréien, de Circonflexe ass also fakultativ ginn. Et gëtt e puer Ausnamen, mee déi kann een einfach online noliesen. Den Hittchen ass awer och net ëmmer den historeschen 's', op verschiddene Plazen huet en och mat der Aussprooch ze dinn.
    Mee zréck bei de Goût. Vill Leit schreiwen en ouni Hittchen, well et praktesch ass. Wa mer lo bedenken, dass vill Leit mam Handy oder mam Clavier tippen, dann ass de Circonflexe souzesoen en Ëmwee, bëssen ustrengend.
    S: An ech perséinlech liesen d'Wuert d'selwecht, egal ob mat oder ouni Hittchen.
    C: A genee dat ass de Punkt. E spillt keng Roll an da gëtt en einfach op der Säit gelooss.
    S: Mee dat ass awer falsch am Lëtzebuergeschen?
    C: Wann een orthografesch korrekt wëll schreiwen, muss een den Hittchen do setzen. Mee vill Leit schreiwen et ouni a sou gewinnt ee sech och heiansdo un e vereinfacht Schrëftbild.
    S: Mee sos de net, dass den Hittchen um 'u' am Franséischen säit e puer Joer fakultativ ass?
    C: Dach, mee hei kann een elo iwwerleeën, wéi séier een am Lëtzebuergeschen adaptéiere muss, wann eis Nopeschsproochen, vun deene mer Schreifweise geléint hunn, eppes reforméieren. An déi Schreifweis mam Hittchen ass jo och nach do.
    Ech hat souguer extra am Larousse gekuckt: do sti béid Schreifweisen, mat an ouni Circonflexe. Bei där ouni steet dann och als Remark: réf. ortho. Déi mam Hittchen ass och déi méi prominent, also et schéngt awer nach hir Haaptform ze sinn.
    S: Da soe mer der merci, Caroline, a freeën eis op déi nächst Kéier!
    C: Merci och! An d'Schlusswuert ass: Äddi!

  • En Hittchen ass e klengen Hutt, mee ass eng Zäitchen och eng kleng Zäit? An dëser Episod geet et ëm d'Zäitchen an aner Wierder, déi just sou maachen, wéi wa se kleng a léif wieren.


    S: D'Caroline Döhmer ass Proff fir lëtzebuergesch Grammaire an Orthografie op der Uni Lëtzebuerg an erzielt eis – wéi den Numm vun der Emissioun et scho verréit – "e puer Wierder iwwer Wierder". Gutte Mëtteg Caroline!
    C: Moien alleguer, moie Simon!
    S: Wéi ee Wuert hues de eis haut matbruecht?
    C: Ech hat lo wéini gesot, dass d'9. Joerhonnert schonn "eng Zäitchen hier" wier an do hunn ech mer Gedanke gemaach iwwer d'Wuert 'Zäitchen'.
    Weess de nach, wéi een déi Formen nennt mam -chen hannen?
    S: ___
    C: Et ass en Diminutiv, eng Verklengerungs- oder Vernidlechungsform. An d'Zäitchen ass e schéint Beispill dofir, dass net all Diminutivform eng Verklengerung ass, well sou gesinn sinn iwwer 1000 Joer eng zimmlech laang Zäit, wann s de mech frees! An dofir wierkt esou eng chen-Form hei e bësse komesch, fënns de net?
    S: A firwat steet do deen Diminutiv?
    C: Ech denken, dass et eng Stilfigur ass: sou wéi ee just eng Stënnchen um Telefon ass oder just eng Schlippche vun eppes drénkt oder Saachen eeben eng Zäitchen hier sinn. Et ass eng spilleresch Aart a Weis, fir eng Mooss unzeginn, wou et dann och net op Prezisioun ukënnt. Du weess jo, wann een nach eng Stënnchen op der Party bleift, da kann dat och sinn, dass et déck iwwer eng Stonn ass.
    S: Jo, dat kënnt mer bekannt vir. Wat wier dann eng richteg Verklengerung, also en anert Beispill, wou et dann och konkreet méi kleng ass?
    C: An der Theorie kann ech all Objet, deen ech upake kann, an den Diminutiv setzen: Ziedel > Ziedelchen, Schwäin > Schwéngchen, Bam > Beemchen.
    S: A firwat just an der Theorie?
    C: Ma et gi Wierder, déi stinn einfach net oft an der Verklengerungsform oder wéi oft héiers de eng chen-Form mat Bic oder Bläistëft?
    S: ___
    C: Oder wéi géifs de déi bilden?

  • D'Caroline Döhmer erkläert, wat hanner de Wierder mat -istik steet, wéi si an der Luxemburgistik gelant sinn an zanter wéini ee Lëtzebuergesch ka studéieren.


    S: D'Caroline Döhmer ass Proff fir lëtzebuergesch Grammaire an Orthografie op der Uni Lëtzebuerg an erzielt eis – wéi den Numm vun der Emissioun et scho verréit – "e puer Wierder iwwer Wierder". Gutte Mëtteg Caroline!
    C: Moien alleguer, moie Simon!
    S: Wéi ee Wuert hues de eis haut matbruecht?
    C: Haut geet et ëm meng Hausdisziplin, anzwar d'Luxemburgistik.
    S: Dat héiert zwar net oft als Begrëff, éierlech gesot.
    C: Dat läit natierlech och dorunner, dass et e klengt a vrun allem en éischter neit Fach ass, an deem d'Leit vrun allem hei zu Lëtzebuerg fuerschen an ausgebilt ginn, fir zum Beispill Lëtzebuergeschproff am Lycée ze ginn.
    S: A, do ginn et carement Proffen, déi genee dat studéiert hunn?
    C: Jo, et ass e Fach fir sech, eis Luxemburgistik, an där – wéi an anere Sproochen och – Literatur, Linguistik an och Kultur enseignéiert ginn, vun de klasseschen Auteure bis bei grammatesch Analysen.
    S: An du hues dann och Luxemburgistik studéiert?
    C: Net ganz, ech hu Germanistik studéiert, well et an der Zäit dat méi bekannt Fach war an ech och deemools net wosst, dass ech da géif an der lëtzebuergescher Linguistik landen. Ech sinn ausgebilt Germanistin mam Schwéierpunkt Variatioun a Wandel vun der däitscher Sprooch an ech hu mech, och schonn deemools am Studium, ëmmer méi intensiv mat der lëtzebuergescher Grammaire, vrun allem mam Sazbau auserneegesat. An dat hunn ech dann och a menger Dokteraarbecht am Detail analyséiert.
    S: A wéi war do den Titel?
    C: Aspekte der luxemburgischen Syntax. Kann ee fir näischt als PDF downloaden! Mee zréck bei eist Wuert 'Luxemburgistik'. Do ass de Wuertdeel -istik dran. Kenns de vläit nach e puer Wierder, déi hannen -istik hunn?
    S: ___
    C: Déi sinn einfach oft an engem wëssenschaftleche Kontext. Et ass einfach eng generell Wëssenschaftsbezeechnung fir alles, wat mat deem Fach zesummenhänkt. Dat kenne mer vrun allem aus de Sproochefächer op Universitéiten: Spuenesch ass Hispanistik, Däitsch ass Germanistik, Englesch ass Anglistik. Mee och Saache wéi Komparatistik.
    S: A kënnt dat aus dem Latäin?
    C: Do gëtt et verschidde Pisten, also keng eendeiteg Erklärung. Warscheinlech huet d'Lëtzebuergescht déi Formen aus dem Däitschen, an d'Däitscht huet déi Formen aus dem Franséischen, wat aus dem Latäin kënnt an déi hunn et warscheinlech aus dem Griicheschen. Du gesäis, et si méi Sproochen a méi Etappe bedeelegt, dofir ass et hei schwéier soen.
    S: Ech mengen, oft erwaart een eng eendeiteg Äntwert, mee um Enn ass et awer méi komplizéiert.
    C: An dat Komplizéiert gesäit een am Fong dann eréischt richteg, wann ee sech mat de Saache beschäftegt. De Studium vun der Lëtzebuerger Sprooch a Literatur ass op alle Fall d'Luxemburgistik. Fënns de dat e gudde Begrëff?
    S: ____
    C: Mer haten och schonn driwwer nogeduecht, wat alternativ Begrëffer wieren an do hätt e vläit eng Form wéi Lëtzebuergistik? Mee iergendwéi rëtscht dat net sou gutt. An en Iwwerbegrëff wéi 'Lëtzebuerger Studien' wierkt sou onprezis.
    S: Mee et ass jo och e jonkt Fach.
    C: Genee. A mer bilde réischt säit 2006 Luxemburgisten a Luxemburgistinnen aus, déi dat dann am Haaptfach studéieren.
    S: An do kann ee sech normal aschreiwen?
    C: Du muss just eng Première hunn, da kanns de dech an eise Bachelor mat der neier Filière Luxemburgistik aschreiwen oder du hues schonn e Bachelor of Arts, da kanns de direkt mam Master starten. Virausgesat, et huet een eng mammesproochlech Kompetenz am Lëtzebuergeschen.
    S: An da gëtt e wat?
    C: Lëtzebuergeschproff am Lycée, am INL, Wëssenschaftler oder et schafft een am Kulturberäich. Méi Informatiounen iwwer de Studium fënnt een op der Säit vun der Uni Lëtzebuerg.
    S: Da soe mer dir, als Vertriederin vun der Luxemburgistik, e grousse Merci a freeën eis op déi nächst Kéier!
    C: Merci och! An d'Schlusswuert ass: Äddi!

  • Haut dréit sech alles ëm den Uhrzeigersënn a Wierder, déi mer aus anere Sproochen iwwerhuelen. Donieft gitt Dir och gewuer, firwat d'Fransousen et immens komplizéiert maachen a se am Québec méi kreativ sinn, wann et ëm d'Richtung vun der Auer geet.


    S: D'Caroline Döhmer ass Proff fir lëtzebuergesch Grammaire an Orthografie op der Uni Lëtzebuerg an erzielt eis – wéi den Numm vun der Emissioun et scho verréit – "e puer Wierder iwwer Wierder". Gutte Mëtteg Caroline!
    C: Moien alleguer, moie Simon!
    S: Haut geet et ëm e Wuert, dat ech selwer wollt erkläert kréien.
    C: Ganz genee. Mer hate virun e puer Wochen driwwer geschwat.
    S: Ech hat driwwer nogeduecht, wéi een am Fong 'clockwise' oder 'counterclockwise' op Lëtzebuergesch seet, an ech sinn einfach net dropkomm.
    C: An do hues de mech als däin Telefonjoker benotzt.
    S: Wéi sou oft, jo.
    C: Lo kënnen eis Nolauschterer an Nolauschterinnen sech emol iwwerleeën, wéi si géife soen … Ech ginn dovun aus, dass déi meescht elo un den Uhrzeigersënn oder méi no um Däitschen den Uhreigersinn denken.
    S: Dat ass also aus dem Däitschen, mee gëtt et och nach aner Bezeechnungen dofir?
    C: Lo muss ee soen, dass mer jo och oft aus dem Franséische Wierder léinen. An elo nees d'Fro zréck: Wéi heescht 'clockwise' op Franséisch?
    S: ___
    C: Éierlech gesot, sinn ech selwer guer net op déi franséisch Form komm. Wou ech se nogelies hunn, wousst ech och firwat, et ass nämlech einfach eng Ëmschreiwung, et gëtt kee kompakten Ausdrock. Et seet een: dans le sens des aiguilles d'une montre oder eeben deen anere Wee: dans le sens inverse des aiguilles d'une montre.
    S: Also do muss ech soen, dass et am Engleschen awer vill méi einfach ass: clockwise; counterclockwise.
    C: Absolut. Mee dofir sinn ech am Franséischen net drop komm, well ech gemengt hat, et misst ee kompakte Begrëff ginn, dee mer einfach net afält. An dofir ass d'Franséischt dann hei och keng gutt Virlag, fir et am Lëtzebuergeschen ze iwwerhuelen. Wier et en eenzelt Wuert gewiescht, da wier et méi evident gewiescht, fir et vläit 1:1 aus dem Franséischen ze iwwerhuelen. Intressant war och d'Informatioun um Site vum Office québécois de la langue française. Do stoung als Alternativ och 'dans le sens horaire' oder 'sens antihoraire'. An hei géif ech bal mengen, dass dat nom englesche Prinzip gebaut ass. Ech hunn dee Begrëff och am europäesche Franséische fonnt, mee éischter am Beräich Mathé a bei der Rotatioun vu Maschinnen.
    S: Kënne mer da keent am Lëtzebuergesche bauen?
    C: Komm mer kucken eis mol déi eenzel Bestanddeeler un. Fir d'Bezeechnung bräichte mer dës Bausteng: Auer, Zär a Sënn.
    S: Zär?
    C: Dat ass dat traditionellt Wuer fir den 'Zeiger'. Ech perséinlech benotzen 'Zeiger', dat ass da schonn eng Léinform aus dem Däitschen. Oder wéi nenns du dee laangen an dee kuerzen Zipi op der analoger Auer?
    S: ____
    C: Op alle Fall ass mir nach kee Wuert am Lëtzebuergesche begéint, wou de 'clockwise' mat deene Wierder ëmschriwwe gëtt.
    S: A wa mer sou eent erfannen? Am Auersënn? Géint den Auersënn?
    C: Dann ass dat zwar sproochlech kreativ, mee et brauch scho méi wéi kreativen Input vun enger Persoun, fir dass nei Wierder entstinn oder sech de Sproochgebrauch ännert. Dat ass sou, wéi wann eng Persoun eppes undeet an domat e ganzen Trend ausléist. Dat gëtt et zwar, mee déi Persoun brauch da vill Afloss a vill Leit, déi et nomaachen. Well Sproochwandel geschitt 'vu bannen', also dat mussen déi individuell Spriecher a Spriecherinne spieren, gutt fannen an et dann nach selwer benotzen, fir dass et sech als Muster etabléiert.
    Mee du kanns jo mol kucken, ob s de als Radiospriecher e sproochlechen Influencer kanns sinn.
    S: Vläicht! Mir soen dir elo op alle Fall merci fir haut, Caroline, a freeën eis op déi nächst Kéier!
    C: Merci och! An d'Schlusswuert ass: Äddi!

  • Haut geet et ëm d'Fro, wien eigentlech de '-bold' am 'Witzbold' ass. Donieft schwätze mer och iwwer de Leopold, d'Härgottsblieschen a Leit, déi gär Sträit sichen.


    S: D'Caroline Döhmer ass Proff fir lëtzebuergesch Grammaire an Orthografie op der Uni Lëtzebuerg an erzielt eis bei WiWi e puer Wierder iwwer Wierder. Gutte Mëtteg Caroline!
    C: Moien alleguer, moie Simon!
    S: D'lescht Kéier goung et ëm de Witz an haut dréit sech alles ëm de Witzbold.
    C: Jo, ech koum schonn nees vun engem spannende Wuert bei dat nächst. An d'Fro, mat där mer déi lescht Episod opgehal haten, ass: Wien ass eigentlech de -bold am Witzbold?
    S: A wien ass et?
    C: Dee selwechte wéi am Sigibald an am Willibald oder Leopold.
    S: An dat heescht?
    C: De Wuertdeel -bold oder och -bald kennt ee vläit aus dëse germaneschen Nimm. Dës Forme ginn zréck op d'Wuert 'bald'.
    S: 'Bald' fir 'geschwënn'?
    C: Ganz fréier, also virun 1000 Joer, do huet 'bald' an der deemoleger Form 'baldo / balde' einfach 'kühn' geheescht, also couragéiert. An dat ass du weider entwéckelt ginn zu 'bald, schnell, entschlossen'. Et war eng positiv Charaktereegenschaft, fir séier a kéng kënnen ze reagéieren. Dofir war et dann och Bestanddeel vun deenen Nimm: dee mat Courage a Wëllenskraaft, de Willibald, deen, dee couragéiert gewënnt, de Sigibald.
    S: An de Witzbold?
    C: Tatsächlich ass dat eng Ofleedung aus männleche Virnimm! Duerch de Gebrauch an den Nimm wéi Willibald oder Sigibald ass de Wuertdeel -bald dann un aner Elementer drugehaange ginn, fir eng Persoun ze bezeechnen, déi eng Eegenschaft huet oder mat eppes an Zesummenhang bruecht gëtt. De Witzbold ass een, dee mat vill Witz a Verbindung bruecht gëtt. An dann hues de och Wierder wéi Raufbold, Lügenbold, Streitbold …
    S: Déi hunn dann awer näischt méi mat Courage ze dinn?
    C: Neenee, déi Bedeitung ass da mat der Zäit ofgeschwächt ginn. Et geet da just nach drëm, dass eng Persoun mat eppes opfält oder fir eppes bekannt ass.
    S: Dass se da gär léien, streiden oder Witzer erzielen?
    C: Genee. Mee och beim Wuert 'bald' huet et am Däitschen haut näischt méi mat Courage ze dinn an ass am Fong just nach temporal ze verstoen. Eng Persoun kann also net méi 'bald' sinn, mee Saache geschéie 'bald'.
    S: Do hunn ech dann direkt nach eng Fro: Hänkt dat dann och mam lëtzebuergesche 'bal' zesummen?
    C: Jo, well 'bal' gouf viru 50 Joer och nach anescht benotzt. Haut huele mer et éischter, fir ze soen, dass et nach net ganz sou wäit ass: 'bal' fir 'almost', 'fast'. Ech si bal laanschtgefuer, et ass bal 4 Auer, hien hätt sech bal vertuddelt.
    S: Hues de och e Beispill fir deen eelere Gebrauch vu 'bal'.
    C: Ech si sou frou, dass de frees, well lo kann ech aus léiwer Härgottsblieschen zitéieren: Kommt der net bal, d'Féiss ginn ons kal. An do ass et de Sënn vun "geschwënn", wéi een et aus dem Däitsche kennt: bald kommen.
    Mee et gëtt och nach sou Ausdréck haut wéi: Hues de et bal? Bass de da bal fäerdeg? Dat ass och nach méi staark am Sënn vu 'geschwënn'. An dat huet insgesamt dann näischt méi mat der Notioun vu Courage a Kühnheit ze dinn.
    S: Wouhier weess de déi Saachen eigentlech ëmmer?
    C: Et gëtt ee Saz aus der Wëssenschaft, an deen ass: Et muss een net alles wëssen, et muss ee just wëssen, wou et steet.
    S: A wou stinn déi Saachen?
    C: Do kuckt een an en etymologeschen Dictionnaire, dat si Bicher, an deene Leit zesummendroen, wat d'Wuerzelen an d'Bedeitungsverännerunge vun deenen eenzelne Wierder iwwer déi lescht 100 bis 1000 Joer sinn.
    S: An dat gëtt et fir d'Lëtzebuergescht?
    C: De Sam Mersch, deen s de jo aus dem ZLS kenns, schafft den Ament un engem etymologeschen Dictionnaire fir d'Lëtzebuergescht, mee dat ass eng Risenaarbecht, well een awer vill Quelle kucken a vergläiche muss, éier ee schlau Saachen iwwer e Wuert ka soen, déi wëssenschaftlech fundéiert sinn. Dat ass also nach an der Maach.
    S: A wou kann een dann den Ament Saachen nokucken?
    C: Do gëtt et verschidde Bicher, jee no Wuert kucken ech dann an engem däitschen oder franséischen etymologeschen Dictionnaire. Oder och op Sitte wéi dwds.de oder cnrtl.fr. Etymologesch Erklärunge sinn allerdéngs net ëmmer evident ze verstoen, dofir kucken ech ëmmer, dat méi einfach a kompakt ze erklären.
    S: Mir sinn och ëmmer frou, wann s du eis déi Saachen dann erziele kënns. Da merci fir haut a bis déi nächst Kéier!
    C: Merci och! An d'Schlusswuert ass: Äddi!

  • Dir kennt bestëmmt deen een oder anere Witz, mee wësst Der och, wouhier d'Wuer 'Witz' kënnt? Mir maachen haut e klengen Tour duerch fréier Bedeitungen a entdecken de Lien tëscht Wëssen a Witz. An e Witz gëtt et och – versprach!


    S: D'Caroline Döhmer ass Proff fir lëtzebuergesch Grammaire an Orthografie op der Uni Lëtzebuerg an erzielt eis – wéi den Numm vun der Emissioun et scho verréit – "e puer Wierder iwwer Wierder". Gutte Mëtteg Caroline!
    C: Gudde Mëtte Simon!
    S: Haut dréit sech alles ëm de Witz. Erziels de eis haut e Witz?
    C: Ech wollt just eppes iwwer d'Wuert 'Witz' soen, mee ech starten och gär mat engem.
    S: Lo sinn ech awer gespaant.
    C: Wat ass den Ënnerscheed tëscht engem Bäcker an engem Teppech?
    S: ______
    C: De Bäcker muss moies opstoen an den Teppech ka leie bleiwen.
    Mee lo mol ënnert eis, fënns de net, dass d'Textzort Witz an och d'Konzept vum Witzerzielen e bëssen aus der Moud komm ass? Ech hunn d'Gefill, dass dat fréier méi präsent war, dass ee sech Witzer erzielt oder dass Leit op Familljefester oder Partyen ee Witz nom aneren zum beschte ginn hunn.
    S: ___
    C: An ech fannen et och iergendwéi intressant, dass de Witz déi eenzeg Textzort ass, déi op Plagiat opbaut.
    S: Wéi mengs de dat?
    C: Ma wann ech e Witz erzielen, dann ass A) kloer, dass ech deen net erfonnt hunn, mee e kopéieren a B) ech am Fong och net soen, wou den Ursprong vum Witz ass, also wien den Auteur ass. Et seet een héchstens eppes wéi "dee Witz hunn ech vu mengem Brudder" an och deen huet e vun anzwousch noerzielt.
    S: Jo, et ass wouer.
    C: A vum Plagiat an der Propriété intellectuelle, déi beim Witz awer guer keng Roll spillt, komme mer da bei d'Wuert 'Witz', wat am Kär mat 'Wëssen' zesummenhängt. Gi mer mol zréck an d'Alhéichdäitscht, wou d'Wuert nach 'wizzi' geheescht huet.
    S: Alhéichdäitsch – vu wéi engem Joerhonnert schwätze mer do eigentlech?
    C: 9. Joerhonnert, also schonn eng gutt Zäitchen hier. Déi deemoleg Form 'wizzi' stoung fir Verstand, Wëssen, Wäisheet, Bewosstsinn. An do gesäit een och méi däitlech d'Verwantschaft mam engleschen 'wit' oder 'witty'.
    S: Déi Verbindung hunn ech zwar nach net kannt!
    C: Méi spéit, also mer sinn elo am 17. Joerhonnert, kënnt d'Form witz resp. witze dann ënnert den Afloss vun de Bedeitunge vun 'esprit' am Franséischen a 'wit' am Engleschen
    S: Wéi koum et eigentlech, dass bei 'wizzi' deen 'i' hanne verluer gaang ass?
    C: Dat ass e Lautwandel, dee vill Wierder betrëfft, generell si vill Niewesilben ofgeschwächt ginn, also du hues eng betount Silb an donieft onbetounter. A mat der Zäit kann et sinn, dass déi onbetount ganz verschwënnt. Dat gesäit een haut nach, wann een däitsch Wierder mat lëtzebuergesche vergläicht: Tasse – Taass; Spritze – Sprëtz; Tonne – Tonn, Hürde – Hürd asw.
    S: Ech verstinn. Zréck bei de Witz.
    C: De Witz war dann ëmmer méi benotzt ginn am Sënn vun engem intelligente Commentaire, eng Ausso, déi weist, dass en eng clever Vue op eppes huet oder wéi et am Däitsche beschriwwen ass "dichterisches Einfindungsvermögen".
    A mat der Zäit huet sech dat ëmmer méi zougespëtzt op Anekdoten, iwwer déi ee laache muss oder eng Iddi, déi gläichzäiteg intelligent an och fir ze laachen ass, als "geistreicher Einfall" souzesoen. An esou lande mer da beim Sënn vum Witz, wéi mer en haut kennen: eng kleng Geschicht, iwwer déi ee laache muss.
    S: A soss huet et keng aner Bedeitung méi?
    C: Eventuell fënnt een nach sou eppes wéi 'mat vill Witz a Charme'. Hei ass 'Witz' dann nach am Sënn vun Esprit, also dass eng Persoun schlagfäerdeg ass an treffend op eppes reagéiere kann – alles op eng lëschteg Manéier.
    S: An de Witzbold?
    C: Do ass et och eng cool Geschicht, wou dee -bold hierkënnt, mee dat erzielen ech léiwer an der nächster Episod.
    S: Da freeë mer eis schonn a si ganz frou, dass de esou vill Witz a Wëssen fir eis hues.
    C: Dat ass ganz léif, merci, Simon! An och alleguer merci fir d'Nolauschteren! An d'Schlusswuert ass: Äddi!

  • Zwielef Stéck sinn eng Dosen, mee wouhier kommen d'Wierder Dosen an Zwielef eigentlech? Et geet op eng Rees duerch verschidden europäesch Sproochen.


    S: D'Caroline Döhmer ass Proff fir lëtzebuergesch Grammaire an Orthografie op der Uni Lëtzebuerg an erzielt eis bei WiWi "e puer Wierder iwwer Wierder". Gutte Mëtteg Caroline!
    C: Moie Simon!
    S: Haut schwätze mer iwwer eng "Dosen".
    C: Genee. Eng Dosen heescht jo sou vill wéi 12 Stéck. An der Zäit huet een da keng 6 Eeër kaaft, mee eng hallef Dosen. Dat leet sech of aus dem Alfranséischen "dozaine", wat am moderne Franséisch "douzaine" ass.
    S: Do erkennt ee jo och "douze".
    C: Richteg, an "douze" ass aus dem Latäin, an hei gouf eng Form brachial gekierzt, well "douze" kënnt vu lat. "duodecim": duo fir 2 an decim fir 10, dat ass eng normal Additioun.
    S: Okay, dat ass elo Franséisch a Latäin, mee wat ass da mam Wuert "zwielef"? Dat gesäit jo ganz anescht aus.
    C: Déi Fro hat ech mer och gestallt an déi éischt Äntwert ass: Dat ass eng germanesch Form. Wann s de der déi verschidde Sproochen ukucks, déi germanesch sinn, da gesäit een, dass dat schonn eng gemeinsam Geschicht ass. Hei hu mer dann Englesch …
    S: Twelve.
    C: An Hollännesch twaalf, Däitsch zwölf an Dänesch tolv. An d'Etymologie ass super, well hei huet e keng Additioun wéi am Latäin (duo an decim), mee eng Subtraktioun. Et heescht sou vill wéi: dat wat iwwereg bleift, wann een 10 ofzitt. Am Wuert Zwielef erkennt een nach "zwee" oder am "twelve" den "two", an dee leschten Deel ass – an do ass ee sech net ganz sécher – warscheinlech sinn et zwou parallel Wuerzelen *leik (léinen) a *leip (bleiwen), wat dann haut als -lef nach do steet. Also bësse wéi haut am Engleschen: left fir "iwwereg".
    S: There are two left: zwie-lef.
    C: Sou ongeféier. Et ass einfach en dominante 10er-System beim Zielen an deen huet verschidden Zuelwierder mat beaflosst. An dat léisst sech och op d'Eelef iwwerdroen: ee-lef. Wann ech bis 10 zielen, da bleift een iwwereg: ee-lef.
    S: Mee ab 13 sinn d'Zuelen awer nees anescht
    C: Jo, do ass et nees eng méi klassesch Additioun: 3 an 10 = dräizéng. Hei hu mer bei den 10er just e puer lautlech Verännerungen, dass mer zum Beispill net soen sechszéng, aachtzéng oder néngzéng, mee siechzéng, uechtzéng oder nonzéng.
    S: A wat ass d'Hallschent vun 18?
    C: 9.
    S: An dat war et da mat der Episod 9.
    C: Fir dës Episod kënne mer eis verhalen, dass d'Dosen e romaneschen Ursprong huet an d'Zwielef e Germaneschen. Mee béides ass am Lëtzebuergeschen etabléiert! Woubäi ech net méi ka soen, ob déi jonk Leit iwwerhaapt nach vill vun der Dose schwätzen, ob se do net einfach 12 soen.
    S: Dat ka gutt sinn. Ma mir soen der merci, Caroline, a freeën eis op déi nächst Kéier, wann s de eis nees eng Dose Wierder fir WiWi matbréngs.
    C: Merci och! An d'Schlusswuert ass: Äddi!