Avsnitt
-
Fir déi heiten Episode waren den Elisha an ech am Zuch uechtert Lëtzebuerg ënnerwee. Kënnt dir rode wéi eng Streck mir gefuer sinn? 🚆
Anyways, déi heiten Episode ass bësse méi politesch, mee kenges Falls langweileg! Mir schwätzen ënner anerem iwwert follgend Themen:
➡️ De Rietsruck op Tiktok a wat een dogéint maache kann.
➡️ Mir brauche kee Konsens bei Iddien déi Haass verbreeden. An trotzdeem geschitt dat an der Chamber.
➡️ Wat mécht de CELL? Wéi funktionéieren si?
➡️ Optimismus am Aktivismus: Wéi mëss du dat fir keng Hoffnung fir d'Zukunft ze verléieren?
➡️ Wat ass Petrol Masculinity?
➡️ Wat kann een alles maache fir ee méi nohaltegen Environnement opzebauen?
➡️ Feminismus, Klimaaktivismus, Antirassismus, Antifaschismus, ... ass alles Deel vum selwechte Kampf!
Villmools Merci fir d'Lauschteren! Schreift gäre Feedback ënnert de Kommentarer, oder direkt op der Spotify App. Fir déi déi op aner Plattforme lauschtere roden ech iech un de Video op Youtube ze kucken. https://www.youtube.com/channel/UC3djRrr6mdarLe_V1plY3jw
Déi heiten Episode gëtt ënnerstetzt vum Culture-forest Festival - Méi Infoe & Tickets dozou fannt der hei: https://www.culture-forest.com/
---
Send in a voice message: https://podcasters.spotify.com/pod/show/cecilia-said-vieira/message -
CDYLM ass no enger kuerzer Paus rëm do an zwar mat enger Episode iwwert den Educatiounssystem.
An dëser Episode hu mir de Marvin Caldarella zu Gaascht, deen net nëmmen Enseignant ass mä och ënner anerem Co-Spriecher vun der OGBL an SEW ass.
Mir diskutéieren déi aktuell Problemer vum Lëtzebuergeschen Educatiounssystem, wat d'Erausfuerderungen sinn, wisou sou vill Aspekter ongerecht sinn, wéi de ganze bürokrateschen Behind The Scenes funktionéiert a mir ginn de ganzen Proffe-Clichéen op de Grond.
Déi grouss Fro déi perséinlech fir mech opkënnt: Wisou lauschtert keen op déi Leit déi um Terrain schaffen?
De Grond wisou de Marvin oppen an éierlech iwwert seng Aarbecht schwätzt, ass och well hie bei der OGBL an SEW (Syndicat Erzéiung a Wëssenschaft) vertrueden ass. Et ass also säi Job iwwert d'Probleemer vun den Aarbechter:innen ze schwätzen an hinnen ze hëllefen. Méi dozou gitt dir an dëser Episode gewuer. Vill Spaass beim Lauschteren!
--- Send in a voice message: https://podcasters.spotify.com/pod/show/cecilia-said-vieira/message -
Saknas det avsnitt?
-
Eurovision hin, oder hier: Wéi geet et dem Museker a Performer CHAiLD wierklech?
De Chaild ass ee vun den 8 Finalisten, déi Lëtzebuerg beim Eurovision Song Contest 2024 zu Malmö kéinte representéieren.
An dëser Episode deelt hien seng éierlech Gedanken iwwer déi ganz Mental Loud, deen de Wettbewerb mat sech bréngt, an iwwer de Drock, deen e verspiert.
Lauschtert eran and stay tuned for more!
--- Send in a voice message: https://podcasters.spotify.com/pod/show/cecilia-said-vieira/message -
An der leschter Episode vun 2023 zu Gaascht ass d'lëtzebuergesch DJ Legende DJ DEE am Start. Opgepasst, déi heiten Episode ass méi relatable, wann een aus dem Norde kënnt, well mir thematiséieren nämlech wat aus dem Café du Gymnase ginn ass 👀
Beisdes that, soll natierlech jiddereen eralauschteren, well mir schwätzen iwwert vill verschidden Themen, ënner anerem doriwwer, wéi et fréier (1999!) war als DJ unzefänken par Rapport zu Hautdesdaags. Wéi wichteg et him gewiescht wier seng Schoul fäerdeg gemaach ze hunn, wéi en als DJ iwwert Ronne kënnt a natierlech och wat sou d'Highlighte a senger Carrière waren. Mir schwätzen och driwwer, wat et bedeit ze diskutéieren an Akzeptanz ze weisen.
Vill Spaass beim Lauschteren a mir gesinn eis nächst Joer!
--- Send in a voice message: https://podcasters.spotify.com/pod/show/cecilia-said-vieira/message -
De Samschden ass Nuit des Musées! Don’t miss out on this.
--- Send in a voice message: https://podcasters.spotify.com/pod/show/cecilia-said-vieira/message
Eng Saach déi d’Muséeë wärend der Nuecht gemeinsam hunn ass de Projet “Coup de Coeur”. All Joers kritt eng Kategorie vu Leit d’Geleijenheet ee Konschtwierk, oder eng Ausstellung a sengen eegene Wierder z beschreiwen.
Dëst Joer sinn d’Podcaster drun! Passend dozou hunn ech och eng Episode opgeholl fir méi iwwert de Background vun der Nuit des Musées ze wëssen. Out now! Grousse Merci un de Germain & d'Ioana :)
🎟️WIN WIN WIN🎟️ Dir hutt och’Geleijenheet zwee Tickets fir d’Nuit des Musées ze gewannen! Méi Infoe fannt dir op Instagram @cecidoyoulove.me -
- De "Wizard" wollt fir dës Episode anonym bleiwen. -
An dëser Episode schwätze mir mam "Grower" Wizard iwwert Cannabis an zwar vun A-Z!
🌿 Schwaarzmaart - Wéi geféierlech ass dat?
🌿 Wéi gesäit d'Gesetzeslag zu Lëtzebuerg aus? Wéi legal ass de Cannabis elo?
🌿 Vu wou kënnt de Verbuet? Wat sinn d'Konsequenzen dovunner?
🌿 Wisou ass et bei den eelere Generatiounen sou verpöhnt?
🌿 Wat sinn d'Vir an Nodeeler vun der Consommatioun?
🌿 Wéi planzt ee säi Cannabis am beschten Doheem un?
🌿 Wat brauch een alles, wat sinn déi perfekt Konditiounen asw.?
Dat an nach vill méi gitt dir an dëser Episode gewuer. Vill Spaass beim Lauschteren!
--- Send in a voice message: https://podcasters.spotify.com/pod/show/cecilia-said-vieira/message -
Zu Gaascht an dëser Episode hu mir d'Musekerin & Astrophysikstudentin Irem Sosay. Dëst Kéier aus menger gemittlecher Stuff!
Wouriwwer schwätze mir?
➡️ De Schrëtt an de Studio: Wéi entsteet dem Irem seng Musek?
➡️ Tëscht ville Männer: Wéi setzt een sech am Astrophysikstudium duerch?
➡️ Et feele u weibleche* Rolemodels an der lëtzebuergescher Musekszeen. Wourunner kéint dat leien?
➡️ Manner Confidence duerch Akne. Irem: "I feel you! Looss dech net vun Akne Doheem asperren."
... a villes méi. Vill Spaass beim Lauschteren!
*jiddereen den sech als Fra identifizéiert
--- Send in a voice message: https://podcasters.spotify.com/pod/show/cecilia-said-vieira/message -
An dëser Episode schwätze mir iwwert een Thema den an der läscht vill an de Schlagzeilen war: Sexuellen Abus an Muechtausnotzung vu Kënschtler:innen a Leit an enger Muechtpositioun.
Mi wäerten eis mat der Sexologin Laura Hendriks 3 Usoen ulauschteren, déi een Abléck an d’Realitéit vum Abus ginn. D’Laura analyséiert a diskutéiert déi: Wat sinn déi déifgrënneg Ursaache vum Abus? Wat geschitt am Kapp vum Täter an Affer? Wéi erkennt een potentiell Täteren?
Ech krut vill Aussoen era geschéckt, mee et géing de Kader sprengen wann ech alles géing an eng Episode dramaachen. Ech hu mech also fir 3 spezifescher entscheet. Villmools Merci fir déi Leit déi oppe waren fir hier Geschichten ze deelen. Dir sidd staark!
De Bewosstsinn vu Muechtmëssbrauch muss gestäerkt ginn, dofir ass mäin Zil mat dëser Episode d'Präventioun ze fërderen an net "victim blaming" ze bedreiwen. Sou Themen musse méi vun de Medien ugeschwat ginn a sollen op kee Fall rofgeschwat ginn.
Du bass Affer vu Gewalt ginn? Hei fënns du all d’Organisatiounen déi dir hëllefen kënnen: https://violence.lu/liste-des-contacts/
________________
Prod. & Edit: Cecilia Said Vieira
Camera & Sound: Yann Gengler & Shade Cumini @twostepstwicetwo
Lights: Tierry Cumini
Location: CID Fraen & Gender
Support: Ministère de la culture
--- Send in a voice message: https://podcasters.spotify.com/pod/show/cecilia-said-vieira/message -
An hei? Eng ganz spontan Episode! An zwar mam Kënschtler Jeremy Palluce. D'OG's vun dësem Podcast kennen hien schonn!
De Jeremy huet den 6. Juli eng Vernissage fir seng nei Ausstellung zu Esch an der Galerie Schlossgoart. An dem Kader hu mir eng Episode opgeholl an dat dëst Kéier net an engem Studio, oder Café, mee beim spadséiere am Gronn. D'Ambience ass also aanechters wéi soss :)
Mir schwätzen ënner aanerem iwwert folgend Themen:
- Wat ass alles geschitt seitdem mir eis eicht Episode opgeholl hunn?
- Dem Jeremy seng Nonna erklärt him wat Léift ass
- Fontana Di Lussemburgo - kënne mir eis iwwerhaapt eppes leechten?
- Wisou ass dem Jeremy d'ARBED sou wichteg?
- Generationsdiskussioun: Mir si méi fräi wéi eis Elteren
- Wisou feiert de Jeremy keng Molerei?
- LOVE: Wat ass the Key to the perfect Relationship? Mir verrooden ich et!
Vill Spaass beim Lauschteren a gitt op seng Ausstellung.
--- Send in a voice message: https://podcasters.spotify.com/pod/show/cecilia-said-vieira/message -
An dëser Episode schwätzen ech mat der Gamerin, Tiktokerin an Influencerin Claire aka Cloe Von Van iwwert seng Erfarung op Social Media an an der ganzer Gamingwelt.
Mir diskutéieren och iwwert E-sports zu Lëtzebuerg, iwwert d'Ugesinn als Fra an der Welt an och iwwert schwiereg Zäiten déi hat an deene leschte Méint misst duerch maachen. E bedeitende Punkt schwätzt d'Claire och un: d'Wichtegkeet vu Selbstliebe.
Iwwerzeegt iech selwer! Vill Spaass beim Lauschteren :)
Villmools Merci un de Sponsor vun dëser Episode:
CULTURE FOREST FESTIVAL
MAY 13, 2023—
PARK CLAIR-CHÊNE - ESCH-SUR-ALZETTE
Tickets fannt der ënnert: https://www.culture-forest.com
--- Send in a voice message: https://podcasters.spotify.com/pod/show/cecilia-said-vieira/message -
An dëser Episode schwätzen ech mam Almin Hrkic aka “De Wollef” aka Blogger vun der Page “Mood Luxembourg” op Instagram a Tiktok.
Mir schwätzen iwwert ganz vill interessanten Themen:
Wéi geet ee viral op Tiktok/Instagram? Influencer: Moral vs. Image Mood Luxembourg: Wat ass déi bescht Pizza am Land? Dubai: Ass et ok, do Vakanz ze maachen? Deep Talk: Themen déi gemilkt (am bsp. vu Feminismus) a villes méi!Lauschtert eran a gitt mir gäre Feedback zu dëser Episode!
_____________________________
Villmools Merci un de Sponsor vun dëser Episode:
CULTURE FOREST FESTIVAL
MAY 13, 2023—
PARK CLAIR-CHÊNE - ESCH-SUR-ALZETTE
Tickets fannt der ënnert: https://www.culture-forest.com
--- Send in a voice message: https://podcasters.spotify.com/pod/show/cecilia-said-vieira/message -
Ceci, Do You Love Me? ass rem back on track! An dëst kéier hunn ech mech mam Kënschtler Julien Hübsch am Konrad Café an der Stad getraff. Et war Sonndegmëttes, d’Bud war voll an dat héiert een och. Mais ech denken, dass dat der ganzer Episode ee Charme gëtt.
Ech schwätze mam Julien iwwert d’Bedeitung vun onkonventioneller Konscht, Behind the Scenes vun der Scene a wat den Julien gären an der ganzer Konschtwelt ännere wéilt. Ween huet Berechtegung ze soen, wat gutt Konscht ass? Wat ass normal? Wat ass onkonventionell? Wat misst een änneren fir de Jonken een realistescht Bild ze weisen, wéi et ass Konscht als Beruff ze wielen? Dat a vill méi gitt der hei gewuer. Vill Spaass beim lauschteren!
Dëst Episode gëtt #gesponsert vum Culture Forest Festival. Tickets fir de Festival a méi Infoe zum Line-up fannt der ënnert https://www.culture-forest.com .
--- Send in a voice message: https://podcasters.spotify.com/pod/show/cecilia-said-vieira/message -
An der Staffelfinal vu Kulturpur, hunn ech de Sumo an de Studio agelueden. De Sumo ass ee vun de bekanntsten Urban Art Kënschtler aus Lëtzebuerg a säit Joren an der Kënschtlerzeen aktiv. An dëser Episode schwätze mir iwwert folgend Themen:
- Graffiti vs. Streetart: De Sumo huet scho Streetart gemaach, wou et nach kee Streetart gouf.
- Wa grouss Marke mat engem schaffe wëllen: wéi entstinn sou Kooperatiounen?
- De Sumo gesäit seng Aarbecht net wierklech als Aarbecht un: Huet ee säi Liewenszil erreecht, soubal ee vu sengem Hobby liewe kann?
- Wat sinn NFT's a wisou spillen se sou eng grouss Roll an der Kënschtlerzeen?
- Ai - Wéi steet de Sumo zu Konscht déi duerch kënschtlech Intelligenz generéiert gëtt?
Lidder déi gefeatured gouffen:
7:23 Mos Def - Mathematics
16:03 Bobby Womack Across 110th Street
30:03 Jackie Stoudemire - Flying High
__________________
Note: Dat heiten ass déi läscht Episode vu Kulturpur. An der nächster Staffel vu CDYLM dréint sech rëm alles ëm Tabu Themen, aussergewéinlech Perséinlechkeeten a Jobs a natierlech spicy Themen! Freeë mech schon op déi 4. Staffel <3
--- Send in a voice message: https://podcasters.spotify.com/pod/show/cecilia-said-vieira/message -
Zu Gaascht an dëser Episode ass d'multidisziplinär Kënschtlerin Katharina Bintz . Hat ass Schauspillerin, Schrëftstellerin, produzéiert seng eege Filmer a mécht och Synchronisatiounsaarbechten. Mir schwätzen an dëser Episode iwwert folgend Themen:
➡️ Bedeitung sech mat senger Stëmm a verschidden Aart a Weisen auszedrécken
➡️ Prozess rauszefanne wat een am Liewe maache well
➡️ Schicksalsschlag: Multipel Sklerose
➡️ Wisou gouf et keng Me Too Beweegung zu Lëtzebuerg?
➡️ Erzielung: Valley Girl
Lidder déi an dëser Episode gefeatured gi sinn:
14:15 Laikipia - Down Down
36:02 Sasha Ley - In Between
Vill Spaass beim Lauschteren!
https://anchor.fm/cecilia-said-vieira
--- Send in a voice message: https://podcasters.spotify.com/pod/show/cecilia-said-vieira/message -
An der Episode 10 vu KulturPur hu mir den Ornello an de David vun der Heavy Metal Band Blanket Hill zu Gaascht.
--- Send in a voice message: https://podcasters.spotify.com/pod/show/cecilia-said-vieira/message
Themen vun der Episode:
➡ Ass et schwéier Musek ze maachen, wann ee Problemer huet mam Gehéier?
➡ Een Thema de mir am Summer all um Schierm haten: Shitstorm "Metal ass keng Musek"
➡ Wéi "aggressiv" ass een Heavy Metal Concert a wéi vill Verantwortung stécht dohannert?
➡ Wat waren hier gréissten a klengste Concerten?
➡ Anekdote vun der Tour a Bonding tëscht de Band Memberen "Och eng Famill huet Ups and Downs"
➡Upcoming Japan Tour!
Lidder déi an dëser Episode gefeatured goufen:
14:59 50 Cent - Many Men
32:37 Blanket Hill - Neighbourhood
Vill Spaass beim Lauschteren! -
Zu Gaascht an dëser Episode ass de jonken an erfollegräiche Cellist Benjamin Kruithof. Mir fänken dëst Episode direkt mat engem aktuellen Thema un: Luxembourg Music Awards. De Benjamin huet de Präis an der Kategorie Nowuesstalent gewonnen a mir schwätze bëssen doriwwer wéi iwwerraschend dat fir hie koum. Ausserdeem kläre mir iwwert d'Klischeeë vun der klassescher Musek op, schwätzen iwwert Tabuthemen an der Branche an och iwwert säi Cello den iwwer 300 Joer al ass. De Benjamin wënscht sech, dass Leit Musek rëm schätze sollen an sech mol dohinner sëtze sollen an d'Musek mat alle Sënner genéisse sollen. Vill Spaass beim Lauschteren!
--- Send in a voice message: https://podcasters.spotify.com/pod/show/cecilia-said-vieira/message -
D’Sarah Bergdoll schafft als General Director bei der Fondation EME. Hat erkläert eis an dëser Episode déi wichteg Aarbecht déi d’Fondatioun leescht an wéi d’Projete bei hinnen ausgesinn. Zum Beispill erzielt hat eis iwwert Museksprojete mat Flüchtlingen, Projeten a Psychiatrien an a Prisongen. Eng Initiativ déi zemools elo an der Chrëschtzäit erausstiecht, ass de “Musek Schenken” Projet, wou d’EME Privatconcerte fir defavoriséiert Leit organiséiert. Een Thema wouriwwer mir och schwätzen ass de Fait, fir eng Fondatioun ze schaffen een ganz vill Satisfactioun am Liewe gëtt. Méi dozou gitt der an dëser Episode gewuer.
Ech wënschen iech all vill Spaass beim Lauschteren a schéi Feierdeeg! Mir héieren eis am Januar!
--- Send in a voice message: https://podcasters.spotify.com/pod/show/cecilia-said-vieira/message -
An dëser Episode schwätzen ech mat der Kënschtlerin Sarah Mandres @sarah_mandres_art iwwert de Prozess an d'Hannergrënn vu senger Konscht 🎨
--- Send in a voice message: https://podcasters.spotify.com/pod/show/cecilia-said-vieira/message
➡ Wéi schwéier ass et "wéi ee Kand" ze molen? D'Konscht vu Kanner ass fräi vun all Jugement vun der Gesellschaft a gëtt als "reng" Konscht bezeechent, déi Erwuesse Leit oft net hikréien.
➡ Du muss dech am Ufank als Kënschtlerin beweisen - wéi ass dat zu Lëtzebuerg?
➡ Kënschtlerfaktor: Wéi rechne Kënschtler:innen hier Präisser?
➡ Konscht als Selbsttherapie
Lauschtert erann: Link in Bio!
Lidder déi an dëser Episode gefeatured sinn:
11:48 Grossstadtgeflüster - Fickt-Euch-Allee
23:39 The Rolling Stones - Paint It Black
Photo Credits: © @anoukflesch -
Zu Gaascht an dëser Episode hu mir d'Grafikdesignerin Sarah Vermeulen. Hat erzielt eis iwwert d'Insights vun der Aarbecht als selbstständeg Graphikdesignerin. Folgend Themen schwätze mir ënner aanerem un:
- Fiver: Blessing oder curse? Wat sinn d'Virdeeler vun der weltwäiter Freelance Platform?
- Wéi a wou mecht ee richteg Werbung fir sech als Kënschtler:in z'etabléieren?
- Social Media: Wéi gëtt ee mam Drock eenz?
- Wéi een Afloss huet d'Politik op d'Konschtzeen? Lëtzebuerger hunn Haudesdags extrem vill Réckewand fir Projeten ëmzesetzen!
Vill Spaass beim Lauschteren! A vergiesst net fir "Ceci, do You Love me" ze voten an de Podcast Awards :)
Lidder déi an dëser Episode gefeatured gouffen:
10:09 Luk - Traureg Mee Et Geet
21:33 Sixo ft. Irem - Gold
31:58 Turnup Tun ft. Lilou - De Gudden
--- Send in a voice message: https://podcasters.spotify.com/pod/show/cecilia-said-vieira/message -
Zu Gaascht an dëser Episode vu KulturPur ass d'Sandra Biewers vun Inktologie. Hat ass säit 20 Joer Tattooartistin an huet déi ganz Entwécklung vun der lëtzebuergescher Tattoo-Scene matgemaach. Dat heiten ass eng mega informativ Episode, lauschtert onbedéngt era falls dir méi iwwert d'Tattoowelt gewuer wëllt ginn.
Dat heiten sinn d'Themen déi mir an dëser Episode uschwätzen:
➡ Wéi huet d'Tattoowelt zu Lëtzebuerg viru 20 Joer ausgesinn an ginn et grouss Ënnerscheeder zu Haut?
➡ Burnout bei Kënschtler:innen - D'Wichtegkeet "Nee" zu Opträg kënen ze soen.
➡ Gesetzer déi Tattoofaarwen verbidden: Wat ass genau do lass?
➡ Instagram Q&A: D'Sandra beäntwert är Froen!
➡ Medizinesch Tattoos: 🎗Wéi profitéiere Broschtkriibs Patient:innen oder Persounen déi eng Geschlechtsëmwandlung kruten dovun?
Lidder déi an dëser Episode gefeatured sinn:
33:22 Xavier Rudd - Follow The Sun
45:59 The Doors - People Are Strange
___________
KulturPur ass ee Podcast vu culture.lu an Zesummenaarbecht mam Radio ARA & Podcast Host Cecilia Said Vieira. Et ass eng Plattform fir Kënschtler a Kënschtlerinnen zu Lëtzebuerg z’ënnerstëtzen. An dësem Podcast gitt der gewuer, wéi vill Kreativitéit hannert eisem onscheinbare Land stécht – Heiduerch kritt dir een aaneren Abléck an eis lokal Kulturzeen. Vill Spaass beim Lauschteren!
Fir méi Input, Feedback oder Ideen: schreiwt dem Ceci op Instagram.
--- Send in a voice message: https://podcasters.spotify.com/pod/show/cecilia-said-vieira/message - Visa fler