Avsnitt
-
An dësem Podcast gi mer eis emol ganz bewosst wat genee an dësem Moment geschitt. Weieeng Techniken een kann benotzen am privaten oder och am professionellen Liewen fir méi uechtsam ze ginn an deemno och méi bewosst ze handelen.
Uechtsamkeet bezeechent en Zoustand vum Geescht an deem den Mënsch hellwaakreg ass an alles matkritt wat den Moment selwer geschitt souwuel kierperlech wei mental mee ouni Gedankenstreim dei hien op eng aner Platz matrappen, ouni Erënnerungen oder Projektiounen, ouni Phantasmen oder soss eppes wat hien oflenkt, an och ouni den Moment ze bewäerten. D’Marianne Reimann, Uechtsamkeetscoach erklärt äis net just wat et mat Mindfullness op sech huet mee gëtt äis och en klengen Fiergeschmaach mat enger Mikro Meditatiouns-Übung. Lauschter eran! -
D'Cindy Gouden ass Hiewan an Hypnotherapeutin an sëtzt sech virun allem mat den Themen Schwangerschaft, Gebuert, Kannerwonsch mee och traumatesch Gebuerten, Fehlgebuerten, Staerenkanner auseneen an seet selwer : egal wei haart d’Ëmstänn sinn et gëtt ëmmer en Mëttel an Wee fir des ze verschaffen. Et geet drëms den Mënschen ze hëllefen nees an den Aklang mat sech selwer ze kommen duerch d’Hypnose an domat dann och hier eegen Balance zreckzefannen. Lauschtert eran, et ass faszinant wat een alles duerch hynpobalance kann verschaffen léieren.
-
Saknas det avsnitt?
-
An dësem Episode schwätzen mir mat der Tattoo-artistin Sandra Biewers iwwert medizinesch Tättowéierungen. Zanter gudd 25 Joër gëtt et des Spezialisatioun op “3D Areola/Nipple Restorative and Scar tattooing”. D’Patienten kreien heiduerch en ganzt nait Narbenbild an et kann hinnen och hellefen nee zu sech selwer an zu hirem Kierper ze fannen. En faszinant Thema wat dei aktif Kënschtlerin elo och hei am Land ënnert dem Numm “Moldokter” ugefaangen huet.
-
Schamanismus bezeechent un sech eng Traditioun déi aus SIBIRIEN kennt an gëtt dohier och Sibireschen Animismus genannt. D’Heelritualer vun esou Schamanen ginn dobäi net just mam Moment selwer em mee kennen och an d’Vergaangenheet vun der Persoun goen déi bei si geet. Et ass weder eng Relioun nach just eng spirituell Praxis, mee Energieheelen oorientéiert sech awer un dësen Saachen an schafft wei den Numm et schonn seet mat Energien. Klengt vlait op den éischten Bléck bëssi skurril, mee mir wäerten gläich vill méi zu dësem Theme gewuer ginn. Bei mer ass den Frank W. Healer deen aus enger Famill vun Energieheeler kennt awer reicht rezent no enger Carrière am Finanzberaich selwer praktizéiert.
-
Bei Be Well geet et haut em eng ganz besonnesch Zäit an enger Fra (an och engem Mann) hirem Liewen, nämlech wann en neien klengen Mënsch decidéiert huet op des Welt ze kommen. Schwangerschaft, déi eng hunn eng oder méi hannert sech, aner dreemen dovun oder wëllen guer näischt dovun wëssen. D’Schwangerschaft den Ufank vun all Liewen hei op dësem Planéit, an dat an egal wei engem Familiären oder sozialen Kontext. Et ass den Ufank vun engem ganz neien Kapitel, fir den Puppelchen, fir d’Mamm, den Papp ma och fir all déi ronderem. Fir mat mir iwwert dëst schéint an Thema voller Léift ze schwätzen, an wat fir eng Optiounen een wärend dëser extraer Zäit zu Lëtzebuerg ass haut d’Hiewan Danielle Federspiel bei mir am Studio.
Uschléissend schätzen mir mam Stéphanie Fabbri dann och doriwwer wat eng Doula ass an wisou ëmmer méi Fraen och esou eng Berooderin an Begleederin wärend an no der Schwangerschaft huelen. -
Mir sinn äis all bewosst dass äis Ëmwelt an eist Ëmfeld en Afloss kenne hunn op äis Gesondheet an awer faellt et eis dacks schwéier ze gesinn wat iwwerhaapt en Impakt op eis huet an wat vlait net. Weien Elementer vun eisem alldeeglechen Ëmfeld sinn deelweis direkt am Zesummenhang mat eisem Wuel oder eben Onwuelbefannen, oder esouguer eisen Krankheetsbiller oder eiser Péng am Kierper? D’EmweltMedizin, och nach Ursaachen Medezin genannt setzt sech genee domat ausenaner. An fir haut mat mir doriwwer ze schwätzen begréissen ech den Dr Joe Diederich bei mir am Studio. Hien ass Generalist an huet awer och eng Hellewull un aneren Formatiounen.
-
D’Element Waasser ass net aus dem Liewen net ewechzedenken, an an dësem Podcast beschäftegen mer äis mat Aktivitéiten déi een an oder um Waasser maachen kann. Waassersport ass grad am Summer och hei am Land op villen Platzen ugesot. Wat gëtt et iwwerhaapt fir Waassersportaarten? An wiefern ass et anescht um Waasser wei un Land an weieng Beneficer hunn Aktivitéiten an an ronderëm d’Waasser? Fir doriwwer ze schwätzen ass den Vincent Villain haut mäin Invité. Hien huet eng Formatioun als Sozialpedagog an säit 11 Joer ass hien Coordinateur an Responsabel vun den Aktivitéiten op der Base Nautique vu Lëlz beim SNJ an kënnt sech mat allen Waassersportaarten aus.
-
Lavendel fir ze entspanen, Eukalyptus wann een erkaalt ass, Rosen fir gutt Laun… dat huet een alt schonn emol op mannst héieren oder gelies mee wat genee stécht hannert dem Begrëff Aromatherapie? Wou an wei gëtt se agewennt, wat genee sinn ätheresch Ueleger an op wat muss een oppassen? Doriwwer schwätzen mer Haut mam Catherine Ludivig ,geleiert Gäertnerin an Assistante en Pharmacie. Hirem éischten Kontakt mat den Ueleger war an der Apdikt an zanterhier si mat vill Passioun déi 2 Beruffer. Virun 10 Joer koum dunn déi éischt Aféierung an 2013 dann eng méi déif Ausbildung vun 200 Stonnen zu Köln. Haut schafft si och zesummen mat Hiewanen, Dokteren an Psychologen.
-
Schlof ass un sech en Zoustand vun absolutter Rou bei Mënsch an Deieren. Den Puls, d’Noutfrequenz an och den Bluttdrock veränneren sech an eisem Schlofphasen an schlof ass wichteg fir en gesond an equilibréiert Liewen, ma weder ze vill nach ze mann Schlof ass gutt fir äis.
Wéi mir kennen besser schlofen, méi ausgeglach rouen an am Gesamtbild méi balancéiert kenne sinn dat ass der Masa Nobilo hier Aufgab. Dei fréier Interpretin an Iwwersetzerin ass haut als Coach Actif. Sie ass Embodied Facilitator, Sleep Coach and Movement an Acro Yoga Enseignant an verreit ais an dësem Podcast wéi mir all besser kënnen schlofen. -
Allergien sinn en Phänomen vum Occident, wisou dat esou ass an wat een preventiv kann maachen, dat beliichten mer an dësem Episode vum Be Well Podcast. Pollen, Liewensmëttel, Fell vun Deieren oder Milben… et ginn eng hëllewull un Saachen op déi déi Erwuessen ma och d’Kanner allergesch reagéieren an déi puer awer och heiansdo ganz vill Auswierkungen op den Alldag hunn. Mee wat genee ass iwwerhaapt eng Allergie, wei entstinn se an wei kann een se evitéieren oder esouguer heelen?
Doriwwer schwätzen ech haut mat der Allergologin Dr Francoise Morel -
Trisomie 21 ass déi heefegst genetesch Anomalie. 1 op 1000 Gebuerten getraff ass. Sie exiléiert op der ganzer Welt an dat schonn zanter ëmmer. Un sech enthalen Zellen vun engem Mënsch mat Down Syndrom eng zousätzlech Kopie vum Chromosom 21 also hunn si der am ganzen 3 puer an dohier och den Numm Trisomie 21. Mee wei ass d’Liewen mat deem “Chromosome en plus” an wei ass d’Situatioun haut . Doriwwer schwätzen mer mat der Presidentin an Fondatrice vun der Asbl Trisomie 21 am Kader vum Weltdaag vun der vun der Trisomie 21 den 21 Mäerz. Hei am Land ginn et em déi 250 betraffen Famillen.
-
Danz, dat sinn un sech eng Serie vun Mouvementer déi dacks ästhetesch oder symbolesch gemengt sinn, et ass d’Beweegung vum Kierper ouni Wierder, et ass quasi eng Zort Sprooch vum Kierper. Wat fir eng Auswierkungen huet Danzen op eis? Kann eigentlech jiddereen Danzen? Wei kann Danzen eis als Erwuessenen mee och als Kand positiv beaflossen an eventuell zu engem ganz neien Kierpergefill hëllefen. Doriwwer schwätzen mer mat der Danzpädagogin Kamille M. an naitsten Podcast Be Well, de gesonde Podcast zu Lëtzebuerg.
-
An dësem neien Episode beschäftegen mer eis haut mam Sprit vum Kierper, nämlech eisem Iessen an eisen Iessgewunnechten. Mindful Eating: wei kann ech méi bewosst an méi intuitiv Iessen an weieng ganz einfach Saachen kann ech an mengen Alldag ëmsetzen fir dass d'Iesssaachen déi ech zou mer huelen mir och an Leif an Séil gutt dinn. Doriwwer schwätzen mer mam Tammy Diderich, Diététicienne am Sportslycee. Sie ass spezialiséiert op Sporternährung an Intuitiv Iessen.
-
Osteopathie ass eng eegestänneg Form vun Medezin an där mat den Hänn geschafft gëtt. Den Mënsch gëtt an senger Gesamtheet behandelt. Vill Leit ginn mat Neigebueren bei den Osteopath oder z-B wann se Péng am Kierper hunn oder aner Problemer. Wat genee ass Osteopathie? Wou hëlleft se an wat ënnerscheet Osteopathie, vun Kiné, Chiruparktiker oder MikroKiné? Vir doriwwer ze schwätzen ass haut den Laurent Devalet bei mir. Hien schafft 2015 als Osteopath an enger pluridisziplinär Praxis.
-
Emotional exhaustion syndrome oder och Burn Out genannt huet een op 10 Employéen an Europa. Am Grand-Duché geet des Zuel souguer nach an d’Lut mat 2 Persounen op 10 déi sech op der Aarbecht gestresst fillen, an chroneschen Stress ass den gréissten Risikofacteur fir en Burn Out. Haut schwätzen mer mam Violaine Neuser , Psychologin am Gesondheetszentrum. Sie ass spezialiséiert am Stress Management an Biofeedback Therapy.
-
Hypnotherapie baséiert op Psychotherapie an schafft mat verännertem Bewosstsinn déi ënnert dem Begrëff „Trance“ zesummegefaasst ginn. Dëst passéiert duerch Techniken mat Suggestiounen an Formuléieren an sollen et erméiglechen un Partien vun Ennerbewosstgsinn ze kommen op déi mir soss am alldeeglechen liewen keen Accès hunn. Fir mat äis doriwwer ze schwätzen accueilléieren ech haut d’Vanessa Grandjean, si ass Psychotherapeutin am Centre Hospitalier de Luxembourg
-
Microkinesitherapie ass eng douce an manuell Therapie wou mat Beréierung geschafft gëtt fir am Organismus déi Platzen ze fannen wou Wonnen nach net geheelt sinn. D'Microkiné, wéi se kuerz genannt gëtt kann Irritatiounen oder Trauma opschaffen déi engem un sech net vlait guer net wierklech bewosst ass. Fir doriwwer ze schwätzen ass haut den Kiné Christophe Radek bei mir am Studio deen zanter 30 Joer als Kiné schafft ma haut quasi just nach Microkiné praktizéiert zu Lëtzebuerg an an Frankräich.
-
Yoga gëtt et an den ënnerschiddlechste Varianten an déi al Léier aus Indien ass scho laang e weltwäiten Trend. Et ass eng Antik Praxis fir den Kierper an den den Geescht ze harmonéieren an dat mat Otem Exercicer, Übungen an Meditatioun. Yoga Therapie ass wann een des Prozesser ganz bewosst a säin deeglecht Liewen abaut an applizéiert. Mir schwätzen mam Helder de Graça deen schonn méi wei 10 Joer Yoga an och Yoga Therapie enseignéiert an praktizéiert.
-
Wat ass déi bescht Ernierung, eng Fro déi d'Leit schonn zanter laangem iwwerall op der Welt hunn. Eng kloer Aenwert gëtt et net, mee ech gëtt sécherlech Richtungen déi méi gesond sinn wei anerer. Wouropper kann een an sengem Alldag oppasse, an wat duerch wat ersetzen. Wei schiedlech ass Zocker an wei schwéier wichteg ass et sech bewosst ze ernären an net just einfach all puer Stonne eppes iessen. Iessen kann een gesond, mee eben och krank man. An net all Kierper brauch genee déi selwecht Närstoffer. Wat ass äis Bezéiung zum Iessen an wei kann se besser ginn? Doriwwer schwätzen ech haut mam Isabel Galiano, Cancer Coach mä och Nutritioun Expert, Yogainstructeur & Yogatherapeut, och doheem am Reiki an den Moment am gaangen Naturopathie ze leieren. Baséiert ass d'Isabel zanter laangem zu Singapur an Asien.
-
Sie waren virun allem am leschten Joer déi absolut Helden vum Alldag! Infirmieren an Infirmiere, Dokteren, Aide Soignanten… dat ganzt medezinescht Personal an dat weltwäit. Wei wichteg et ass dass vill Leit der Beruffung als Fleeger noginn hunn mer alleguerten spéitstens do verstanen. Fir iwwert d’Passioun vun den Gesondheetsberuffer schwätzen ass haut d’Elsa Do Carmo, Directrice vum Pôle Centre Mère-Enfant aus dem CHL bei Be Well am Gespréich. Mir schätzen iwwert den Alldag an den Klinicken ma och iwwert d’Situatioun vun den Gesondheetsberuffer zu Lëtzebuerg par Rapport zum Ausland, an wei et mam Nowuess steet. Wat gëtt et neits am Beruff an wei wichteg ass et mat der Zäit ze goen an och nei Technologien mat afléissen ze loossen. Hei ass Be Well mam Thema - Gesondheetsberuffer, am Kader der Journée internationale des infirmières, den 12 Mee 2020
- Visa fler