Spelade
-
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!
Haut héiere mir, wéi zwou Persounen iwwer hir Dagesroutinne schwätzen. Vill Spaass beim Nolauschteren!
-
Den Transkript fir dësen Episod fannt dir hei (klick!). Dir braucht kee Kont klickt einfach op ''access as guest''.
-
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!
Haut héiere mir, wéi zwou Persounen eng Rees an eng Stad plangen.
Vill Spaass beim Nolauschteren!
-
Transkript:
Eng Rees an eng Stad plangen
A: Dëst Joer fält däi Gebuertsdag op e Sonndeg, wat géings de gär maachen?
B: Ech weess et net… ech sinn net immens motivéiert.
A: Firwat?
B: Keng Anung... ech ginn net gär méi al!
A: Allez! Dach! Sief frou, dass du kanns méi al ginn. Dat muss ee feieren! Soll ech e puer Proposë maachen? Mir kënnen eis méindes fräihuelen a vu freides bis méindes anzwousch fueren. Wat gefält dir besser? Eng Rees an eng Stad, eng Rees an de Süden oder e Wellnessweekend, hei an der Géigend oder méi wäit fort?
B: Ech wëll net fléien. Fir esou eng kuerz Zäit wëll ech net de Fliger huelen.
A: Ok! Kee Problem! Mir kënne mam Auto, mam Bus oder mam Zuch fueren.
B: Gutt! Eng Stad wier flott...
A: Topp! Nenn mer dräi Stied, déi s de gär besiche géings.
B: Basel, Maastricht, Lille.
A: Flott! Firwat déi dräi?
B: Ech war nach ni zu Basel an zu Lille, an ech war réischt eng Kéier zu Maastricht, virun ... 10 oder 12 Joer.
A: Wat géings de da gär do maachen?
B: Basel huet emol e wonnerbare Konschtmusée mat Wierker vum Rembrandt, Cézanne, van Gogh, Monet, an an an ... waart, ech googelen ... D’Alstad ass immens schéin, d’Iessen ass och super, d’Bierger, an der Géigend sinn och nach flott Stied an Uertschaften am Elsass, wéi zum Beispill Colmar a Freiburg am Breisgau an Däitschland.
A: An zu Lille an zu Maastricht?
B: Ech mengen, ech géing gär op Basel goen. D’Fotoe si sou schéin! A vläicht schneit et, wa mir do sinn!
A: Gutt Iddi! Ech kucken emol, wéini d’Zich fueren. Hei ass en Trajet mat zwee Mol ëmklammen, eng Kéier zu Metz an eng Kéier zu Stroossbuerg. Den Zuch fiert um 13.39 Auer zu Lëtzebuerg fort a mir kommen um 17.38 Auer zu Basel un.
B: Hm... dat ass spéit. Da verléiere mir e ganzen Dag.
A: A waart... Dësen Zuch ass praktesch! Mir fueren um 07.13 Auer hei op der Gare fort, da klamme mir zu Mulhouse ëm a mir kommen um 10.26 Auer zu Basel un.
B: Hm... dat ass fréi. Da si mir freides de ganzen Dag midd.
A: Hei ass een um 9 Auer, mee mat dräi Mol ëmklammen.
B: O Nee, dat ass iwwerdriwwen. Gesäis de! Lo hunn ech scho guer keng Loscht méi. Komm, mir bleiwen heiheem!
A: Lee däi Kapp a Rou! Solle mir mam Auto fueren? D’Faart dauert ongeféier véier Stonnen an da si mir do ënne méi flexibel, fir nach aner Uertschafte kucken ze goen.
B: Dajee alt.
A: Wat fir en Hotel solle mir buchen? Wat gefält dir besser? En Hotel am Zentrum oder e Wellnesshotel?
B: Gëtt et eng Kombinatioun? E Wellnesshotel am Zentrum?
A: Jo, den Hotel Basler. E kascht awer méi deier wéi en Hotel ouni Wellnessberäich.
B: Egal! Et ass mäi Gebuertsdag! Ech bezuelen dat gär. Am Dag kënne mir Tourismus maachen an nomëttes oder owes gi mir an d’Sauna. Huet den Hotel eng Schwämm?
A: Jo. Déi gesäit souguer ganz flott aus. Mee weess de wat?
B: Nee... Wat?
A: Et ass jo däi Gebuertsdag! Ech invitéieren dech! Dat ass mäi Kaddo, fir dech!
B: Wow! Dat ass awer léif! Villmools Merci! Solle mer net awer mam Fliger op Barcelona fléien?
A: Haha. Mee, ech si frou, dass du elo mol besser gelaunt bass.
-
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!
Haut héiere mir, wéi zwou Persoune sech kenneléieren. Dëst ass eng gutt Widderhuelung vum Niveau A1.
Vill Spaass beim Nolauschteren!
-
Transkript:
Widderhuelung A1 : Kenneléiergespréich
A: Moien!
B: Moien! Wéi geet et dir ?
A : Mir geet et gutt, mee ech sinn e bësse erkaalt!
B: O! Gutt Besserung!
A: Merci! Wéi geet et dir ?
B: Mir geet et ganz gutt!
A: Super! Wéi heeschs du?
B: Ech heesche Raïda. An du?
A: Ech heesche Fabio.
B: Et freet mech!
A: Mech och! Vu wou kënns du?
B: Ech kommen aus dem Libanon vu Beirut. Vu wou kënns du?
A: Ech kommen aus Italien vun Turin. Ech sinn Italieener.
B: Ech sinn hallef Libaneesin an hallef Spuenierin.
A: Interessant. Wunns du scho laang zu Lëtzebuerg?
B: Ech wunnen zënter dräi Joer zu Lëtzebuerg. Ech wunnen zu Luerenzweiler. An du?
A: Ech wunnen zanter annerhallwem Joer zu Lëtzebuerg, op der Gare.
B: Wéi al bass du?
A: Ech sinn 42 Joer al. Ech sinn den 12. Januar 1984 gebuer.
B: Ech si 27 Joer al. Ech sinn de 5. Oktober 1998 gebuer.
A: Wat fir Sprooche schwätz du?
B: Ech schwätzen Arabesch, Spuenesch, Franséisch, Englesch an e bësse Lëtzebuergesch. Wat fir Sprooche schwätz du?
A: Ech schwätzen Italieenesch, Franséisch, e bëssen Englesch, e bësse Spuenesch an elo léieren ech Lëtzebuergesch.
B: Flott! Wat bass du vu Beruff?
A: Ech schaffen am Finanzsecteur. A wat schaffs du?
B: Ech sinn Informatikerin.
A: Wou schaffs du?
B: Ech schaffe bei ZYX um Kierchbierg.
A: Ech schaffen och um Kierchbierg.
B: Dat ass praktesch! Mir kënne mam Tram an den INLL fueren. Bass du bestuet?
A: Nee, ech sinn net bestuet.
B: Hues du Kanner?
A: Nee, ech hu keng Kanner. An du?
B: Jo, ech si bestuet. Ech hunn ee Kand, ee Jong. Hien ass fënnef Joer al.
A: Wat sinn deng Hobbyen?
B: Meng Hobbye si molen, schwamme goen, Waassergymnastik maachen, d’Tëlee kucken, Pësele maachen, ... Ech ginn och gär op Concerten. Ech lauschtere gär klassesch Musek, mee och Rock, Pop, asw. Ech spillen natierlech och vill mat mengem Jong. Mir gi gär op d’Spillplaz a mir molen oft zesummen.
A: Wéi oft gees du schwammen?
B: Ech ginn zwee Mol d’Woch schwammen. Mäi Waassergymnastikcours ass ee Mol d’Woch, méindes um 16.30 Auer.
A: Méchs du gär Sport?
B: Et hänkt dervun of. Ech maache gär Sport am Waasser. Am Fréijoer an am Summer fueren ech gär mam Vëlo. Wat méchs du gär an denger Fräizäit?
A: Ech fueren och immens gär mam Vëlo. Ech fuere bal all Weekend. Ech si gär dobaussen an der Natur. Ech ginn och gär spadséieren a wanderen. Zwee Mol de Mount maachen ech eng Aktivitéit mat menge Frënn. Mir ginn an de Restaurant, mir ginn eppes drénken, mir ginn an de Kino, mir ginn an d’Disco, heiansdo gi mir an d’Sauna oder mir maachen eng sportlech Aktivitéit zesummen. Doheem kucken ech gär Serien an ech liesen immens gär.
B: Wéini lies du?
A: Ech liesen all Owend op d’mannst eng Stonn am Bett an de Weekend ginn ech heiansdo an e Café a liesen do wärend e puer Stonnen.
B: Ech liesen och all Owend am Bett!
A: Flott!
-
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!
Haut trainéiere mir den Imperativ. Fir d'éischt héiere mir, wéi zwee Aarbechtskolleegen zesummen eng Presentatioun virbereeden. Duerno héiere mir, wéi eng nei Botzhëllef erkläert kritt, wat se am Stot soll maachen.
Vill Spaass beim Nolauschteren!
-
Den Transkript fir dësen Episod fannt dir hei (klick). Dir braucht kee Kont, klickt einfach op ''access as guest''.
-
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!
Haut héiere mir d'Noriichte vum Radio "Poterkëscht", an duerno lauschtere mir e Gespréich tëschent zwou Persounen, déi iwwer de Contrôle Technique mam Auto schwätzen.
Vill Spaass beim Nolauschteren!
-
Den Transkript fir dësen Episod fannt dir hei (klick). Dir braucht kee Kont, klickt einfach op ,,access as guest''.
-
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut schwätze mir iwwer Kleeserchersdag (de 6. Dezember).
Vill Spaass beim Nolauschteren!
-
Transkript:
A: Moien! Mir si vum Podcast Poterkëscht. Hutt Dir e Moment Zäit, fir op e puer Froen ze äntweren?
B: Jo...?
A: Hutt Dir Kanner?
B: Jo, ech hunn dräi Kanner.
A: De 6. Dezember ass jo Kleeserchersdag an d’Kanner stelle jo schonn e puer Owenter virdrun, de Schong. Maachen Är Kanner dat och.?
B: Jo, natierlech. Si sinn ëmmer immens frou fir dat maachen ze kënnen a wa moies dann eppes Klenges am Schong dran ass, da si se ëmsou méi frou.
A: Wësst Dir eigentlech wou dee Brauch hirkënnt?
B: Nee. Ech hu mer déi Fro nach ni gestallt. Et ass awer eng gutt Fro.
A: Ech soen Iech et. D’Erklärung dofir, kéinte mir am Mëttelalter fannen. Deemools hunn déi einfach Leit hir Schong virun der Kierch stoe gelooss, wa se an d’Mass gaange sinn. A wéi se dunn erauskomm sinn, hu se ganz heiansdo eng Mënz an hirem Schong erëmfonnt. Eng léif Persoun huet iwwert dëse Wee e klengen Don, un déi Leit gemaach, déi vläicht net esou vill haten.
B: A sou? Dat do wosst ech net. Ech fannen dat awer ganz interessant.
A: Gellt? Wat fannen Är Kanner dann esou moies an hirem Schong.
B: Klengegkeeten, wéi zum Beispill e Stéck Schockela, eng Mandarinn oder e puer Stickeren. Keng grouss Kaddoen.
A: A propos Kaddoen. Dir sot, dir hutt dräi Kanner. Wat wënsche sech Är Kanner vum Kleeschen?
B: Ech hunn e Jong, de Fernando, hien ass 5 Joer al, mäi Meedchen, d’Sofia ass 3 Joer al an e Puppelchen, d’Elena, hatt ass 5 Méint al. De Fernando an d’Sofia sinn immens frou mat hirer klenger Schwësterchen, duerfir wënsche si sech allen zwee eng Popp, well si alles kopéiere wëllen, wat mir mam Elena maachen: de Bëbee undoen, e wäschen, asw. Duerfir kréie si dann och nach Kleeder fir hir Poppen, eng Wéi, e Buggy an eng kleng Bidden.
A: Flott!
B: Si kucken och gär Bicher, duerfir kréie si och nach e puer Bicher.
A: Wat kritt d’Elena dann?
B: Hatt kritt en Teddybier an zwee Bicher aus Stoft.
A: Schéin! Wësst Dir, wat d’Kanner generell de Moment flott fannen?
B: Hmm...dem Fernando säi beschte Frënd wënscht sech e Sprangschlass, mee ech mengen, dat ass awer net méiglech. (laacht)
A: (laacht)
B: Soss wënschen d’Kanner sech och nach Autoen, Camionen a Baggeren, Gesellschaftsspiller, Puzzelen, en Zuch aus Holz, hëlzen oder plastiks Bausteng, kleng a grouss Poppen, Kleeder fir sech ze verkleeden, e klenge Buttek oder eng Kichen mat all den Accessoiren, Jicken, Schaukelpäerd, e Sprangseel, Spillsaache fir am Sand ze spillen, e Poppentheater... D’Kanner fannen et ëmmer flott, wa se déi Erwuessen imitéiere kënnen. Duerfir kréien eis Kanner och nach Uebst a Geméis aus Holz, dat duerch Ritschratsch zesummenhält an dat se da mat engem hëlze Messer “schneide” kënnen. Si hu schonn eng Kichen, mat där se gär spillen. Dat passt gutt derbäi. Mir passe souwisou gär drop op, datt eis Kanner net ze vill Spillsaachen aus Plastik hunn a méi aus Holz. Se ginn net esou séier futti a sinn duerfir méi nohalteg.
A: Interessant! Villmools Merci fir déi detailléiert Äntwert!
B: Gär geschitt!
A: Mir wënschen Iech an Ärer Famill e schéine Kleeserchersdag!
B: Merci, dat gëtt bestëmmt rëm flott!
B: Moment Madamm, wéi heescht scho méi Äre Podcast? Poterkëscht?
A: Jo.
B: Dat erënnert mech un dat Lidd, dat mäi Jong grad de ganzen Zäit séngt. Si léieren dat fir Kleeserchersdag an der Schoul. Et heescht: Am Uewe potert d’Feier. -
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut héiere mir, wéi eng Persoun eis erzielt, datt si eng nei Sprooch léiert.
Vill Spaass beim Nolauschteren!
-
Transkript:
Eng nei Sprooch léieren (A1)
A: Wat méchs du do?
B: Ech maachen Exercicen. Ech léieren zënter e puer Méint Koreanesch am INLL. Ech hunn d’nächst Woch en Test an ech wëll nach e bëssen üben.
A: Wow! Koreanesch! Ass et schwéier?
B: Am Ufank war et e bësse schwéier, mee ech sinn immens motivéiert! Ech léieren immens vill!
A: Firwat léiers du Koreanesch?
B: Mäi Virsaz fir d’Joer 2025 war: eng nei Sprooch léieren. Zënter September kann een am INLL Koreanesch, Japanesch an Arabesch léieren. Ech kucken immens gär koreanesch Serien an ech wëll vläicht d’nächst oder d’iwwernächst Joer a Südkorea an d’Vakanz fléien. Da verstinn ech d’Sprooch an ech ka mat den Awunner schwätzen.
A: Cool! Si vill Leit an dengem Cours?
B: Mir sinn zu 17 an der Klass.
A: A wien ass dat?
B: Ech kenne just meng Bänknoperen a Bänknopeschen. D’Emma an d’Marta si Frëndinnen. Si si Lëtzebuergerinnen. D’Marta huet och nach déi portugisesch Nationalitéit. Seng Eltere kommen aus Portugal. D’Emma wunnt an der Stad, an der Millebaach an d’Marta wunnt um Belair. Si léiere Koreanesch, well si Fans vu K-Pop sinn. Si wëllen och a Südkorea reesen.
A: Wat fir Sprooche schwätze si nach?
B: Si schwätzen allen zwee Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch, an Englesch. D’Marta schwätzt och nach Portugisesch an e bësse Spuenesch.
A: Wat schaffe si?
B: Si schaffen nach net, si studéieren op der Uni Lëtzebuerg.
A: Ok.
B: Lénks vu mir sëtzt meeschtens den Arnaud. Hien ass Fransous a kënnt vun Dijon. Hie wunnt säit dräi Joer zu Lëtzebuerg a schafft als Iwwersetzer op der EU-Kommissioun. Seng Fra ass Koreanerin. Si sinn zënter zwee Joer bestuet. Seng Fra ass schwanger an den Arnaud wëll seng Fra verstoen, wa si mam Bëbee Koreanesch schwätzt. Hie wëll awer Franséisch mat sengem Kand schwätzen.
A: Mega!
B: Heiansdo sëtzt d’Stéphanie nieft mir. Hatt ass och Lëtzebuergerin. Hatt wëll vläicht a Südkorea auswanderen. Hatt war schonn oft do an huet d’Land, d’Iessen an d’Kultur immens gär.
A: Wat ass hatt vu Beruff?
B: Hatt ass Architektin vu Beruff.
A: Flott! Do huet hatt bestëmmt flott Méiglechkeete fir ze schaffen. Da kanns du hatt besichen!
B: Genee!
Da kennen ech nach d’Eva, de Lionel, de Maurice, d’Emilia, an d’Olivia e bëssen. Ech maachen heiansdo mat hinnen eng Gruppenaarbecht. Déi meescht an der Klass wëllen eng nei Sprooch léieren an interesséiere sech fir d’Land an d’Kultur. Et ass wierklech praktesch, dass een elo Koreanesch am INLL léiere kann. Vill Aarbechtskolleege léiere Lëtzebuergesch do. Heiansdo gesinn ech si um Gank oder mir fueren zesumme mam Tram vum Büro op de Glacis.A: Da kanns du jo mat hinnen en Tandem maachen!
B: Jo an nee. Si kënne Lëtzebuergesch mat mir trainéieren, mee si schwätze leider kee Koreanesch. Et ass och nach ze fréi. Mäin Niveau ass nach net gutt genuch, fir eng richteg Konversatioun ze hunn.
A: Ok. Du trainéiers dann am Cours. Ass de Cours flott?
B: Jo! D’Stëmmung ass immens a jiddereen ass motivéiert!
A: Dat freet mech! Elo hues du mech och motivéiert eng nei Sprooch ze léieren!
B: Majo perfekt! Dat neit Semester fänkt am Februar un! Op der Internetsäit fënns du déi genee Datumer vun den Aschreiwungen!
A: Merci!
-
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!
Haut héiere mir fir d'éischt, wéi zwou Persoune beim Kaffi matenee schwätzen. Duerno héiere mir eng Deenungsübung, bei där dir och gär matmaache kënnt!
Vill Spaass beim Nolauschteren.
-
Transkript:
E Gespréich beim Kaffi
Persoun A: Gudde Moien! Bass du och scho wakereg?
Persoun B: Hallo, jo, esou hallef. Ech brauch als éischt emol e Kaffi.
Persoun A: Ech och. Ech maachen eis direkt zwou Taasen. Wëlls du léiwer e staarke Kaffi, oder häss du gär léiwer een deen net esou staark ass ?
Persoun B: Definitiv e staarke Kaffi wgl. Hues du och Mëllech?
Persoun A: Natierlech hunn ech Mëllech. Soll ech dir e Cappuccino maachen?
Persoun B: O! Hei ass et jo bal wéi an engem Hotel. Wann s du scho frees, dann huelen ech e Cappuccino wgl.
Persoun A: Nëmmen dat bescht fir meng Gäscht. Da kriss du e Cappuccino an ech maache mir e schwaarze Kaffi. A wat wëlls de iessen?
Persoun B: Wat proposéiers du mir dann?
Persoun A: Also, ech hu frëscht Brout, Botter, Gebeess a Schockelasbotter. Ech hunn awer och Jughurt an Uebst, wann s du dat wëlls. Ech kéint och nach Croissante bei de Bäcker siche goen, deen ass direkt hei ëm den Eck oder eventuell eng Omlette maachen.
Persoun B: Nee, ‘t ass gutt, du muss elo net extra Croissante kafe goen. Et reent jo och grad. Ech iessen eng Schmier mat Botter a Gebeess an huelen och nach en Apel.
Persoun A: Ok. Ech iesse moies net immens vill, ech iesse just eng Schmier mat Kakuettebotter an enger hallwer Banann.
Persoun B: O, dat kléngt jo gesond. Ech gi mir mol d’Gesiicht wäschen.
Persoun A: An der Rei. Ech decken alt den Dësch.
Persoun A: Sou, hei ass däi Cappuccino.
Persoun B: Merci. Mmm, dee richt gutt.
Persoun A: Hei sinn och nach d’Saache fir op d’Schmier an hei ass d’Brout. Ass dat ok, wann ech d’Zeitung liesen?
Persoun B: Wie liest hautdesdaags nach d’Zeitung?
Persoun A: Firwat dann net? Ech fannen dat iergendwéi relax. Ech liese gär d’Noriichte beim Kaffi.
Persoun B: Ech si léiwer um Handy. Ech liesen d’Noriichten online an ech sinn e bëssen op de Soziale Medien.
Persoun A: Ech weess net.. Um Handy kommen dann ëmmer rëm Messagen oder et ass een ofgelenkt. Esou kann ech mech just op dat konzentréieren, wat ech grad liesen.
Persoun B: Hmm..jidderee huet seng Gewunnechte moies.
Persoun A: Genee. Wa mäi Moien net gutt ufänkt, da weess ech, dass mäin Dag och net gutt wäert sinn.
Persoun B: Bei mir ass dat och esou. Hues de dann eng Iddi, wat mir nom Kaffi maache kënnen?
Persoun A: Ech hu mir iwwerluecht, datt mir an de MUDAM kéinte goen, do hu si eng nei Ausstellung a wann s du nach net am Musée Dräi Eechele waars, da kënne mir och dohinner.
Persoun B: Jo, firwat net! Wier dat ok, wann ech nom Kaffi just e puer Deenungsübunge géing maachen. Däi Canapé-lit war e bëssen ze haart fir mäi Réck.
Persoun A: O, dat deet mer leed. Deen ass schonn zimmlech al. Ech ginn der dono eng Matt, da kanns du deng Übunge maachen an ech ginn an der Tëschenzäit an d’Dusch.
Persoun B: Top! Da kann ech och dono séier duschen an da si mer prett fir an d’Muséeën.
Persoun A: Tipptopp.
-
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!
Haut héiere mir, wéi eng Persoun e Rendez-vous an enger Klinick huet an den Dokter sicht.
Vill Spaass beim Nolauschteren!
-
Transkript:
An der Receptioun vun enger Klinick
A: Moien!
B: Moien! Sidd Dir d’Nummer 147?
A: Jo.
B: Dir kënnt den Ziedel mat der Nummer an de Kierfche leeën. Wéi kann ech Iech hëllefen?
A: Ech hunn um 09.45 e Rendez-vous bei der Dr. Jentgen.
B: Kann ech Är Identitéitskaart an Är Krankekeesskäertche kréien, wannechgelift?
A: (gëtt d’Käertercher)
B: Merci.
(kleng Paus)
B: Ass Är Telefonsnummer nach ëmmer korrekt?
A: Ech mengen, jo.
B: Kënnt Dir se widderhuelen, wannechgelift?
A: 021 89 14 53.
B: Merci! An Är Adress?
A: 327, am Duerf ; 8363 Houschent, also “Hoscheid”.
B: Tipptopp, ‘t ass alles korrekt.
Är Doktesch ass viru siwe Méint op en anere Stack geplënnert. Ech erklären Iech de Wee. Dir gitt elo fir d’éischt no lénks bis bei de Lift oder bei d’Trapenhaus. Hir Praxis ass elo um drëtte Stack. Beim Lift oder bei den Trape gitt Dir no riets an dann direkt no lénks. Da gitt Dir ongeféier zéng Meter riichtaus. Do ass nach eng kleng Receptioun. Sot dem Receptionnist Bescheed, datt Dir do sidd. Vis-à-vis ass d’Salle d’attente. D’Dr. Jentgen kënnt Iech da sichen. Si huet leider e bësse Verspéidung. Vläicht musst Dir 15 bis 20 Minutte méi laang waarden.A: Ok. Hutt Dir eng Kantin oder eng Cafeteria?
B: Jo, eis Cafeteria ass hei um Rez-de-chaussée, no riets an dann um Enn vum Gank. Et ass awer gutt, wann Dir Iech fir d’éischt erop umelle gitt, fir dass si wëssen, datt Dir do sidd. Am Waardezëmmer gëtt et och e Kaffisautomat an e Gedrénksautomat. De Kaffi an der Cafeteria ass, menger Meenung no, besser wéi deen aus dem Automat.
A: Dat gleewen ech. Villmools Merci fir all déi detailléiert Informatiounen!
B: Ganz gär geschitt! Schéinen Dag nach!
A: Merci gläichfalls. Äddi!
-
Wëllkomm an der Poterkëscht!
Haut héiere mir fir d'éischt, wéi eng Persoun e Rendez-vous beim Zänndokter hëlt. Duerno héiere mir, wéi si mam Zänndokter schwätzt.
-
Transkript:
Beim Zänndokter
Um Telefon
A: Gudde Moien, Praxis Dr. Fernandes, wéi kann ech Iech hëllefen ?
B : Gudde Moien. Mäin Numm ass Leni Wagener. Ech hu meng Zänn immens wéi an ech brauch dringend e Rendez-vous.
A: Ee Moment, ech kucken. Sidd dir scho Patient bei eis?
B: Nee, nach net. Ech hu bei mengem Zänndokter ugeruff, mee do ass de Repondeur gelaf. Deen ass dës Woch am Congé. Ech hunn dunn online no engem aneren Zänndokter a menger Géigend gesicht an Dir krut gutt Kriticken. Hutt Dir haut vläicht nach eppes fräi wgl.? Ech hu wierklech vill Péng.
A: Dir hutt Chance. Virun enger hallwer Stonn, huet een anere Patient säi Rendez-vous vun de Mëtteg annuléiert. Hutt Dir haut um 15:00 Auer Zäit, fir ze kommen?
B: Jo. Dat geet! Villmools Merci. Ech sinn Iech wierklech dankbar!A: Kee Problem. Mir hëllefe gär, wa mir kënnen. Da bräicht ech elo nach Är Donnéeë wgl. Wéi ass Ären Numm an Är Adress wgl.?
B: Leni Wagener. Leni mat i, a Wagener – W-A-G-E-N-E-R. Meng Adress ass 27, rue Laurel Hardy zu Rolleng.A: Merci. Dat ass notéiert! Kënnt Dir mir och nach Är Matricule soe wgl.?
B: Jo, natierlech: 1995 02 30 67 800.A: Merci. An Är Telefonsnummer? Ech gesi se hei op mengem Telefon: Ass dat d’Nummer 681 27 48 92?
B: Jo, genee. Dat ass richteg.
A: An der Rei, Äre Rendez-vous ass notéiert. Dir kritt och nach eng Confirmatioun per E-Mail geschéckt. An elo fält mir op, dass ech Iech nach net no Ärer E-Mail Adress gefrot hunn.
B: Meng E-Mailadress ass: [email protected]
B: Ok, villmools merci.
A: Merci och, äddi.
An der Praxis
C: Gudde Mëtteg Madamm Wagener, entschëllegt fir de Retard. Mee haut ass eng méi lass. Wéi geet et Iech?
B: Gudde Mëtteg. Dat ass kee Problem. Ech si frou, dass ech haut nach e Rendez-vous bei iech krut. Mir geet et net immens. Ech hu meng Zänn immens wéi. Ech mengen, ech hunn e Lach.
C: Dann huelt Iech emol Plaz. Ech kucke mir dat dann emol un. Wou hutt Dir wéi?
B: Uewe lénks.
C : Maacht wgl. Äre Mond grouss op. O jo, Dir hutt hei eng kleng Karies an ech gesinn, dass Äert Zännfleesch och e bëssen entzünt ass. Dréckt Dir vläicht e bësse fest, wann Dir Iech Är Zänn wäscht?
B: Ech weess et net. Ech muss mir all 3 Wochen eng nei kafen, well se da schonn immens ofgenotzt ass.
A: O mei, jo. Ech mengen, dass Dir da wierklech mat e bëssen ze vill Effort Är Zänn botzt. Aner Patienten hunn ech elektresch Zännbiischt recommandéiert an dës weist mat Hëllef vun enger Luucht, wéi fest Dir grad Är Zänn wäscht. Wann d’Luucht wäiss blénkt, dréckt Dir net fest genuch, wa se rout blénkt, dréckt Dir ze fest a wa se gréng liicht, ass et genau gutt!
B: A sou? Dat hunn ech nach ni héieren. Ech huelen un, dass een déi online oder an engem Elektrobuttek kritt?
A: Jo, genee. Et dierft kee Problem sinn, fir esou eng ze fannen.
B: Merci. Mee Här Dokter, kënnt Dir mäin Zant nach haut flécken?
C: Jo, normalerweis schonn. Ech maache just fir d’éischt eng Rëntgen, fir ze kucken, wéi déif d’Lach ass.
B: Ok.
C: Dir hutt Chance, d’Lach ass relativ kleng. Ech kann et elo flécken an Iech e Plomb maachen.
B: Kréien ech eng Sprëtz? Ech hunn e bëssen Angscht.
C: Jo, wann Dir wëllt, maachen ech Iech eng kleng Lokalanästhesie, da spiert Dir guer näischt.
B: Merci.
C: Voilà, d’Lach ass elo gefléckt. D’Anästhesie kann nach e puer Stonnen unhalen, mee Dir hutt normalerweis duerno keng Péng méi. Kommt wannechgelift awer a sechs Méint nach eng Kéier an d’Kontroll, da maache mir och en Détartrage.
B: An der Rei, merci! A wat soll ech elo maachen, dass mäin Zännfleesch sech erhëlt?
C: Wéi gesot. Kaaft Iech esou eng elektresch Zännbiischt a gitt an d’Apdikt a kaaft Iech do eng speziell Zanpasta. Sot der Apdiktesch einfach, dass Äert Zännfleesch entzünt ass. Si hëlleft Iech da weider.
B: Villmools Merci, Här Dokter!
C: Gär geschitt. Nach e schéinen Dag!
-
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!
Haut héiere mir fir d'éischt, wéi zwou Persoune Kleeder an d'Material vergläichen. Duerno héiere mir, wéi e Léierbouf nei an engem Kleederbuttek ufängt an d'Tâche vun der Cheffin erkläert kritt.
-
Den Transkript fir dësen Episod fannt dir hei (klick). Dir braucht kee Kont, klickt einfach op ,,access as guest''.
-
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!
Haut héiere mir, wéi eng Persoun mat hirem Chef e Kënnegungsgespréich féiert. Duerno erzielt si enger Frëndin an engem Voicemessage, wéi d'Gespréich gelaf ass.
Vill Spaass beim Nolauschteren!
-
Transkript:
E Kënnegungsgespréich (B1)
A: Gudde Moien, Madamm Da Costa. Dir wollt mat mir schwätzen?
B: Gudde Moien, Här Braun. Jo, Merci, datt Dir Iech Zäit geholl hutt. Et fält mir net einfach, mee ech hunn haut e wichtegt Theema mat Iech ze beschwätzen.
A: Natierlech. Ëm wat geet et?
B: Ech hu mech déi lescht Wochen intensiv mat menger berufflecher Situatioun beschäftegt an ech hu mech och extern op e puer aner Plaze gemellt. Elo hunn ech eng Offer kritt, déi interessant fir mech ass.
A: Ech verstinn. Heescht dat, Dir wëllt eis Firma verloossen?
B: Jo. Ech hu mech entscheed, d’Offer unzehuelen a géif dofir gär der Kënnegungsfrist geneem meng Aarbecht hei an der Firma kënnegen.
A: Dat iwwerrascht mech, éierlech gesot. Däerf ech froen, wat Äre Grond fir dës Entscheedung ass?
B: Jo, natierlech. Ech krut eng Plaz ugebueden, op där ech méi Verantwortung kann hunn an déi mir besser Entwécklungsméiglechkeeten ubitt. Ausserdeem passt se och besser bei meng laangfristeg Ziler.
A: Gëtt et eppes, wat Iech hei gestéiert huet?
B: Nee, net wierklech. Ech hu mech hei ëmmer wuelgefillt. D’Ekipp an d’Zesummenaarbecht hunn ech immens geschat. Meng Entscheedung huet näischt mat der Firma u sech ze dinn, mee éischter mat menger perséinlecher Weiderbildung.
A: Ech verstinn. Natierlech bedaueren ech Är Decisioun. Wéini wier dann Äre leschte Schaffdag?
B: Laut Kontrakt hunn ech eng Kënnegungsfrist vun dräi Méint, also wier mäi leschten Dag hei an der Firma den 31. Mee.
A: An der Rei. Wiert Dir bereet, an där Zäit Är Tâchen un eng aner Kolleegin ofzeginn, respektiv en neie Mataarbechter oder eng nei Mataarbechterin unzeléieren?
B: Jo, selbstverständlech.
A: Däerf ech och froen, ob mir eppes hätten anescht maache kënnen, fir Iech ze halen?
B: Ech hunn doriwwer nogeduecht, mee de Moment ass eng aner Plaz fir mech déi nächst logesch Etapp.
A: Da respektéieren ech Är Decisioun. Ech soen Iech Merci fir Är Éierlechkeet an Är Aarbecht déi lescht Joren.
B: Merci. Ech soen Iech och Merci fir Är Ënnerstëtzung an Äert Vertrauen. Ech hunn hei vill geléiert.
A: Da wënschen ech Iech vill Erfolleg op Ärer neier Plaz.
B: Merci, Här Braun.
Voicemessage:A: Hallo, sou, ech wollt dir just kuerz erziele wéi et haut mat mengem Chef gelaf ass. Ech war wierklech mega nervös, et ass mir schwéiergefall, d’Theema unzeschwätzen. Mee schlussendlech ass et besser gelaf wéi erwaart. Ech hunn him direkt gesot, datt ech eng Offer krut, an datt ech mech entscheed hunn, se unzehuelen.
Hie war fir d’éischt zimmlech iwwerrascht, an ech mengen och e bëssen enttäuscht. Hien huet gefrot, firwat ech ginn, an ob et eppes gouf, wat mech gestéiert huet. Ech hu probéiert, ganz éierlech ze sinn an ze erklären datt et näischt mat der Firma ze dinn huet, mee datt ech d’Gefill hat, mech do berufflech net esou gutt wieder ze entwéckele kënnen wéi op enger anerer Plaz.
Zum Gléck huet hien dat awer verstan. Hien huet meng Decisioun respektéiert an esouguer gesot, datt hien et schued fënnt, datt ech ginn, mee mir awer vill Erfolleg wënscht. Mir huet et gutt gedoen, dat ze héieren.
Jo, elo sinn ech total erliichtert. Et ass nach ëmmer e komescht Gefill, mee ech sinn awer stolz, dee Schrëtt gemaach ze hunn.
Mir héieren herno nach vun eneen, ok? Ciao!
-
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut héiere mir, wéi eng Persoun eis iwwer hire Beruff als Aide-soignante erzielt an d'Ënnerscheeder tëscht den Tâchen am Altersheem an am Spidol erkläert.
Vill Spaass beim Nolauschteren!
-
Transkript:
Persoun A: So, du schaffs jo als Aide-soignante, richteg?
Persoun B: Jo, dat ass richteg.
Persoun A: Wou schaffs du am Moment?
Persoun B: Ech schaffen an engem Fleegeheem.
Persoun A: A wat méchs du do am Alldag?
Persoun B: Ech hëllefen den eelere Leit opzestoen, sech ze wäschen an unzedoen. Ech hëllefen hinnen deelweis och beim Iessen a beim Drénken.
Persoun A: Schwätz du och vill mat de Leit?
Persoun B: Jo, natierlech, ganz vill. Ech fannen et wichteg, sech Zäit fir d’Leit ze huelen.
Persoun A: Selbstverständlech. Hues du da virdrun eppes Aneres geschafft?
Persoun B: Jo, virdrun hunn ech an engem Spidol geschafft.
Persoun A: A! Wat war dann do anescht?
Persoun B: Do ass alles vill méi séier gaangen. Et goufe vill Patienten an et hat een net ëmmer vill Zäit fir déi.
Persoun A: Hues du do och d’Leit gewäsch an hinne gehollef?
Persoun B: Jo, mee ech hat manner Zäit fir all Patient. Ech hu vill technesch Saache gemaach.
Persoun A: Wat heescht dat?
Persoun B: Zum Beispill d’Better nei opgezunn, Patienten transportéiert an no den Operatioune gehollef.
Persoun A: A wéi ass et am Fleegeheem am Verglach?
Persoun B: Do ass et méi roueg. Déi Persoune wunne jo do eng länger Zäit an dofir kennen ech se och besser.
Persoun A: Also hues du méi Kontakt mat de Leit?
Persoun B: Jo, vill méi. Ech schwätze mat hinnen, lauschteren hinnen no a kennen hir Geschicht.
Persoun A: Dat kléngt ganz interessant.
Persoun B: Jo, d’Aarbecht an engem Fleegeheem ass méi perséinlech, mee och emotional.
Persoun A: Ech verstinn. Wat hues du da léiwer: Spidol oder Fleegeheem?
Persoun B: Ech hu béides gär, mee do wou ech elo schaffen, hunn ech méi Zäit fir d’Mënschen, dofir gefält mir dat besser.
Persoun A: Bass du och nach an der Schoul?
Persoun B: Jo, ech ginn nach an d’ENSA. Dat ass d’Ecole nationale de la santé.
Persoun A: Wat léiers du do?
Persoun B: Vill Basis-Saache wat d’Fleeg ugeet.
Persoun A: Kanns du e puer Beispiller ginn?
Persoun B: Ma mir léiere vill iwwer d’Hygiène, zum Beispill Hänn richteg wäschen, Händchen undoen a Material propper halen. Dat ass alles wichteg an der Praxis. Mir léieren awer och wéi de mënschleche Kierper funktionéiert, z.B. d’Muskelen, d’Schanken an d’Organer.
Persoun A: Léiert dir och, wéi een de Leit hëlleft sech ze beweegen?
Persoun B: Jo, mir léieren, wéi een eng Persoun richteg hieft fir eng Positioun am Bett ze wiesselen, opzestoen oder sech an de Rollstull ze setzen, ouni sech oder de Patient ze verletzen.
Persoun A: Interessant.
Persoun B: Mir léieren och wéi ee mat eeleren oder kranke Leit schwätzt. An nach eppes, wat mir manner Spaass mécht, dat ass Rapporte schreiwen.
Persoun A: Jo, dat ass sécher net ëmmer esou interessant, mee bestëmmt wichteg.
Persoun B: Jo, effektiv!
Persoun A: Ech gesinn, datt s du dech wierklech net op der Aarbecht langweils.
Persoun B: Jo, definitiv an ech sinn zum Schluss vum Dag oder no enger Schicht och immens midd, mee ech ginn awer zefridde schlofen, wann ech weess datt ech de Leit hëllefe konnt.
-
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!
Haut héiere mir fir d'éischt, wéi zwou Persounen eng Kichen nei ariichten. Duerno heiere mir, wéi zwou Persounen iwwer eng Renovatioun vun engem Buedzëmmer schwätzen.
Vill Spaass beim Nolauschteren!
-
Den Transkript fir dësen Episod fannt dir hei (klick). Dir braucht kee Kont, klickt einfach op ,,access as guest''.
-
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut héiere mir, wéi eng Persoun vun hirem Alldag am Altersheem erzielt.
Vill Spaass beim Nolauschteren.
-
Transkript:
Alldag am Altersheem
B: Moie Bopa, wéi geet et? Ech wollt dir just eng kuerz Noriicht schécken. Ech schreiwen elo nach meng lescht Examen an da kommen ech zeréck op Lëtzebuerg an da kommen ech dech direkt e Samschdeg géint 15:00 Auer besichen. Wann d’Wieder gutt ass, kënne mir zesummen an de Gaart spadséiere goen. Wann et kal ass, drénke mir dobannen e Kaffi. Ech bréngen e Stéck Kéistaart mat an da weisen ech dir e puer Fotoe vun der Uni a wat et hei zu Innsbruck nach esou gëtt. Ech freeë mech schonn! Pass gutt op dech op, a bis e Samschdeg, décke Kuss!
A: Moie Elisabeth. Héiers de mech? Ech hoffen dat geet elo. Merci fir däi Message. Ech sinn net gewinnt eng Sproochnoriicht ze maachen, mee ech probéieren dat dann och emol. Et soll ee jo mat der Zäit goen. Deng Mamm huet dir jo scho Bescheed gesot, dass ech elo zënter engem Mount an engem Altersheem an der Stad wunnen. Mäin Zëmmer ass kleng, mee gemittlech. Ech hunn e Bett, en Dësch an eng Fënster mat Vue op de Gaart. Moies erwächen ech normalerweis fréi, dacks schonn éier de Wecker rabbelt. Da bleiwen ech nach kuerz am Bett leien an héieren e puer Geräischer a Stëmmen um Gank. Dat si meeschtens Infirmièren, oder d’Personal aus der Kantin, wat de Kaffi bréngt. No enger hallwer Stonn stinn ech op an doe mech lues un. Haut geet alles e bësse méi lues wéi fréier. Mee dat ass net schlëmm, ech hu jo genuch Zäit. Fir de Kaffi drénken ech eng Taass Téi an iessen e Bréitche mat Kéis oder Ham. Ech sëtze gär bei der Fënster a kucken eraus. Am Gaart gesinn ech Beem a Blummen. Heiansdo schéngt d’Sonn. Am spéide Moie kënnt meeschtens en Infirmier oder eng Infirmière laanscht. Si froen, wéi et mir geet. Mir schwätzen e puer Minutte mateneen. Dat ass flott. Virum Mëttegiesse sinn ech oft am Openthaltsraum. Do sëtzen aner Matbewunner aus dem Altersheem. Heiansdo spille Kaarten oder kucken de Fernsee. Zwee Mol d’Woch kënnt eng Persoun fir Aktivitéite mat eis ze maachen. D’lescht Woch ass den Edouard komm an huet mat eis geboxt. Dat war wierklech flott. Déi Leit déi nach gutt zu Fouss sinn, maachen dat am Stoen an déi manner gutt zu Fouss sinn, maachen dat am Rollstull. Mir krute Boxhändchen un an hunn du mam Edouard trainéiert. Natierlech hu mir eis net richteg geschloen. Mir hunn eis richteg gutt ameséiert a gutt gelaacht. Duerno war ech awer och nawell midd.Nom Moiesprogramm gi mir mëttes zesummen iessen. Mir sëtzen op groussen Dëscher. Heiansdo schwätze mir vill, heiansdo si mir méi roueg. D’Iessen ass net onbedéngt mäi Liblingsiessen, mee ech iesse genuch. Wann emol en extra Dag ass, kréie mir och e spezielle Menü. Am Ufank vum Mount hu mir e Stéck Dräikinnekkuchs kritt. Dee war richteg gutt.
Nomëttes raschten ech. Ech liesen e Buch oder schlofen e bëssen. Dat deet gutt. Owes denken ech oft u fréier, u mäin aalt Doheem a meng Famill. Si feele mir. Mee ech freeë mech op de Weekend, wann s du mech besiche kënns.
-
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!
Haut lauschtere mir fir d’éischt dem Aicha no. Hatt erzielt eis eppes iwwer sech. Duerno héiere mir en Dialog tëscht zwou Persounen, déi sech kenneléieren an e Rendez-vous ausmaachen.
Vill Spaass beim Nolauschteren!
---
Transkript:
Monolog
Moien!
Mäin Numm ass Aicha Ismaali. Ech kommen aus Tunesien, vu Monastir. Ech schwätzen Arabesch, Franséisch an e bëssen Englesch. Zënter dräi Méint léieren ech dräi Mol d’Woch, vun 10.10 bis 11.50, am INLL Lëtzebuergesch.
Ech si bestuet an hunn zwee Kanner, zwee Meedercher. Mäi Mann ass och Tuneesier. Hien ass Kach an engem Restaurant um Knuedler an der Stad. Ech sinn Informatikerin vu Beruff, mee de Moment sinn ech am Congé de maternité. Ech sinn de 24. Abrëll 1987 gebuer.Meng Adress ass 15, Millewee, 7661 Miedernach. Meng Handysnummer ass 671 07 02 95. Meng Hobbye si spadséiere goen, schwamme goen, Piano spillen, liesen a baken.Dialog
Tom: Moien! Ech sinn den Tom. Wéi heeschs du?
Lisa: Salut Tom! Ech sinn d’Lisa. Et freet mech, dech kennenzeléieren!
Tom: Et freet mech och! Studéiers du och hei?
Lisa: Jo, ech studéiere Psychologie. An du?
Tom: Ech studéieren Informatik. Vu wou kënns du, Lisa?
Lisa: Ech kommen aus der Belsch, vun Arel. An du, vu wou kënns du?
Tom: Ech kommen aus England, vu Manchester.
Lisa: Dat ass awer wäit!
Tom: Dat stëmmt. Mee et ass flott, nei Leit kennenzeléieren. Wunns du scho laang zu Lëtzebuerg?
Lisa: Ech wunnen net zu Lëtzebuerg. Ech wunnen zu Arel. Ech kommen all Dag mam Zuch op d’Uni. An du?
Tom: A sou! Ech wunnen eréischt zënter dräi Méint hei zu Lëtzebuerg. Et ass nach alles ganz nei fir mech.
Lisa: Ech gleewen! Wann s de wëlls, kann ech dir e puer flott Plazen hei an der Géigend weisen.
Tom: Dat wier flott, Lisa! Komm, mir maachen dat!
Lisa: Super! Wéini hues du Zäit?
Tom: Wéi wier et e Samschdeg um 14 Auer?
Lisa: Perfekt! Treffe mer eis hei bei der Uni?
Tom: Jo, dat kléngt gutt. Ech freeë mech!
Persoun B: Ech mech och! Bis e Samschdeg, Tom!
Persoun A: Bis e Samschdeg, Lisa!
-
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!
An der Emissioun vun haut schwätze mer iwwer Transportmëttelen zu Lëtzebuerg.
Vill Spaass beim Nolauschteren!
---
Transkriptioun:
Speakerin: Wëllkomm an eiser Emissioun „Op der Rull“. Mir hunn haut dräi Persounen am Studio, fir iwwert d'Transportmëttelen zu Lëtzebuerg ze schwätzen.
Julie, du bass haut mam Tram an de Studio komm. Ass dat richteg?
Julie: Jo. Dat stëmmt. Ech fuere ganz gär mam Tram. Den Tram kënnt all 5 Minutten an ech muss ni am Stau stoen. Dat ass super!
Ayesha: Jo. Dat ass wierklech immens positiv. Ech fueren all Dag mam Zuch schaffen. Ech sinn och frou fir kee Stau ze hunn. Den Zuch kënnt awer leider oft ze spéit. A moies si ganz vill Leit am Zuch. Dat ass net esou flott.
Speakerin: Thierry, wéi fiers du dann op d'Aarbecht?
Thierry: Ech wunnen zu Réimech. Do hu mir keen Zuch an d'Busverbindunge sinn och net immens. Ech kréie just all hallef Stonn e Bus fir an d'Stad.
Speakerin: Dat heescht... Du fiers da meeschtens mam Auto.
Thierry: Jo. Dat ass definitiv méi praktesch fir mech.
Speakerin: Hues du dann oft Stau?
Thierry: Jo. Owes ass ëmmer ganz vill Trafick. Heiansdo schaffen ech just bis 15:30 Auer. Da kommen ech ouni vill Stau heem.
Ayesha: All Dag am Verkéier stoen ass schrecklech! Am Zuch sëtzt ee gutt an ech si frou, dass ech all Moien e Buch ka liesen.
Julie: Dat ass flott. Meng Distanze mam Tram sinn ëmmer kuerz an ech kann net ëmmer sëtzen, wa vill Leit matfueren. Ech hunn awer all Dag meng Kopfhörer un an ech lauschtere Musek oder en neie flotte Podcast.
Speakerin: Thierry, wéi ass et da mam Parking? Du fiers jo mam Auto schaffen.
Thierry: Dat ass kee Problem. Ech fannen ëmmer eng Parkplaz um Glacis. Just am Summer, wann d'Schueberfouer ass, ass et komplizéiert mam Parking. Da fueren ech meeschtens mam Bus op d'Aarbecht. Dann ass jo och Grouss Vakanz an et ass vill manner Trafick. Da brauch de Bus och net esou laang bis an d'Stad.
Julie: Am Summer fueren ech och heiansdo mam Vëlo schaffen. Ech maachen dat gär.
Speakerin: Villmools Merci dir dräi fir är Temoignagen! Ech mierken, dass jidderee vun iech vum ëffentlechen Transport profitéiert. Mir hu wierklech Chance, dass den ëffentlechen Transport hei zu Lëtzebuerg zënter Mäerz 2020 gratis ass.
-
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!
Haut héiere mir, wéi zwou Persounen iwwer eng nei Spillplaz an hirem Quartier schwätzen. Duerno lauschtere mir eng Sproochnoriicht, an där eng Persoun enger anerer e Rendez-vous op der Spillplaz ofseet.
Vill Spaass beim Nolauschteren!
-
Den Transkript fir dësen Episod fannt dir hei (klick). Dir braucht kee Kont, klickt einfach op ,,access as guest''.
-
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Am Episod vum haut héiere mir, dass d'Lara geschwënn an en Tiny House plënnert. Duerno héiere mir, wéi eng Frëndin där anerer hëlleft, fir hire Kleederschaf auszeraumen.
---
Transkript
Tiny House
A: Hallo Lara! Deng Mamm seet, dass du geschwënn an en Tiny House plënners! Wéi flott!
B: Jo, ech wëll elo net méi bei menger Mamm wunnen an de Moment fannen ech zu Lëtzebuerg keng aner Wunneng.
A: Jo...a wéini plënners de?
B: Ech plënneren d’nächst Woch, mee d’Miwwele si schonn all do.A: Cool! Wéi gesäit et dann aus?
B: Majo, et ass natierlech kleng, also 20 Meterkaree. Wann een erakënnt, da steet een direkt an der Stuff. Ech hunn e klenge Kannapee, e klengt Regal an eng Tëlee. Et gëtt och en Dësch mat zwee Still. Riets ass d’Kichen. Se ass wierklech kleng, mee et gëtt eng Kachmaschinn mat engem Schäffchen, e Frigo, e Spullsteen an eng kleng Mikrowell. Am Fong ass dat alles, wat ech brauch. Bei der Kichen ass eng Dier an déi féiert op eng kleng Terrass. Do stinn och en Dësch an zwee Still.
Uewe si mäi Schlofzëmmer an d’Buedzëmmer. Fir eropzekommen, klammen ech eng Leeder erop. Ech hunn e Bett vun 1m40, en Nuetsdësch, eng Komoud an e Kleederschaf. Am Buedzëmmer gëtt et eng Dusch, eng Toilette an e Lavabo mat engem Spigelschaf driwwer.A: Wow, du hues jo wierklech alles, wat ee brauch! Ass et da wierklech net ze kleng?
B: De Moment nach net. Ech muss awer soen, datt ech och just néideg Saache mathuelen a minimalistesch liewe wëll. All meng aner Saache stinn elo bei menger Mamm um Späicher.
A: Dat ass gutt! Wéi flott, ech freeë mech fir dech! Vill Courage da beim Plënneren.
B: Merci! Dat wäert goen, et ass jo net esou vill!
De Kleederschaf ausraumen
A: Hallo! Villmools Merci, dass du mir hëllefs, meng Kleeder auszeraumen!
B: Ganz gär geschitt! Ech hëllefe gär!
A: Wann dir eppes gefält, da schenken ech dir et!
B: Merci! Wéi praktesch!
A: Solle mir beim Kleederschaf ufänken? Hei sinn esou vill Saachen, déi ech net méi undinn. Wéi decidéiers du, wat s de häls a wat s de ewechgëss?
B: Saachen, déi ech méi wéi zwee Joer net unhat, ginn ech ewech!
A: Ok...dëse Rack ass immens schéin, mee ech hat e bestëmmt schonn dräi Joer net méi un. Fort dermat!
B: Bass de sécher? Mir kënnen och dräi Kéip maachen: ee Koup mat Kleeder, déi s de sécher hale wëlls, ee Koup mat Kleeder, déi s de sécher wechgëss an ee Koup mat Kleeder, déi s de vläicht häls oder vläicht wechgëss. Da kanns de zum Schluss nach eng Kéier kucken...
A: Ok, da leeën ech en op de Koup VLÄICHT.
B: Wéi ass et mat dësem Kleed?
A: Nee, dat hat ech virun e puer Wochen un. Dat halen ech sécher. O jee, mee firwat hunn ech dëse Rack dann nach? Dee passt mir bestëmmt säit 5 Joer net méi! Merci Rack, mir haten eng schéin Zäit zesummen, mee elo kanns de eng aner Persoun glécklech maachen!
B: O wéi léif, dass de dat sees! Mir passt e leider och net, soss hätt ech e matgeholl.
A: O mei, ech hunn esou vill T-Shirten! A ganz vill T-Shirten hu Lächer a si futti!
B: Déi, déi s de nach flécke kanns, kanns de nach halen. Déi aner dees de dann entweeder an denger Fräizäit un oder du méchs Fatze fir ze botzen draus.
A: Ok. Dee ka fort, dee ka fort, deen halen ech, deen halen ech och, dee ka fort...kleng Paus] Wow, lo ass scho vill méi Plaz am Schaf! Mee elo zu menger “Haass-Kategorie”: d’Boxen.
B: Leider muss du se umoossen, fir ze kucken, wéi eng Boxen nach passen.
A: Jo, a genee dat haassen ech...
B: Maja, déi meescht passe jo nach. Wa se der gefalen, da kanns de se jo halen.
A: Mee ech brauch Plaz am Schaf an ech brauch och keng 5 Boxe vun all Faarf. Déi dräi Boxen halen ech, mee déi zwou komme fort! An déi do ass guer net méi an der Moud. Déi ginn ech ewech!
B: Waart, déi gefält mir! Ech moosse se mol un. Wa se mer passt, dann huelen ech se mat heem.
A: Gutt! Hues de och nach Zäit, fir meng Schong auszeraumen?
B: Majo natierlech!
-
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!
Dës Woch presentéiere mir iech déi verschidde Formater vu Coursen am INLL. Haut héiere mir en éischten Deel. Den zweeten Deel héiert dir am nächsten Episod.
-
Dir fannt de kompletten Transkript fir dësen Deel an den zweeten Deel hei (klick). Dir braucht kee Kont, klickt einfach op ''access as guest''.
- Visa fler