Avsnitt
-
1. Am Briefing fir d’Press nom Ministerrot huet den Inneminister Léon Gloden een eenzegt Bautereglement fir d’ganzt Land an Aussiicht gestallt. De Premier Luc Frieden huet iwwerdeems confirméiert, datt de Benoît Elvinger Generaldirekter vun der Spuerkeess gëtt
2. D’USA an den Iran dierfte weider iwwer en Enn vum Krich diskutéieren: Dat huet allzäit den amerikanesche President Donald Trump ugekënnegt. Mam Waffestëllstand wier et awer gedoen
3. Déi 7. Etapp vum Tour de France am Cyclissem war fir de Belsch Tim Merlier, den Ex-Tennisspiller Gilles Müller gëtt techneschen Direkter vun der Federatioun an den Alexander Zverev steet zu Wimbledon an der Härefinall: Dat sinn Iwwerschrëften am Sport -
1. D‘Waasserwirtschaftsamt réit zu engem spuersamen Ëmgang mam Drénkwaasser, d‘Hëtzt an de Mangel u Ree kéinte soss zu Enkpäss féieren2. A Frankräich intensivéiert sech d‘Canicule. Haut gëllt an 9 Departementer eng rout Wiederwarnung wéinst Hëtzt – muer soll dës Zuel souguer op 24 klammen3. Déi groussherzoglech Koppel ass haut op Visitt zu Ëlwen. Am Kader vun der Joyeuse Entree ginn de Grand-Duc Guillaume an d'Grande-Duchesse Stephanie do vun de Gemengenautoritéiten empfaangen4. Op der Fussballweltmeeschterschaft ass et haut déi zweet Véierelsfinall, D‘Belsch trëfft um néng Auer op Spuenien
-
1. Chamber: Strategie fir Talenter unzezéien an ze behalen2. Spuenien: Bëschbrand mat op d'mannst 12 Doudegen3. Washington an Teheran wëlle Gespréicher op techneschem Niveau weiderféieren
-
1. Chamber: Strategie fir Talenter unzezéien an ze behalen2. Spuenien: Bëschbrand mat op d'mannst 12 Doudegen3. Washington an Teheran wëlle Gespréicher op techneschem Niveau weiderféieren
-
1. Staatlech Kompensatioune fir Masutt a Gas goufen an der Chamber gestëmmt
2. Fermeture an Entloossunge bei Indorama: de Moment lafen Diskussiounen tëschent der Direktioun an de Gewerkschaften
3. 20 Asblen hu sech zesummegeschloss an hunn zéng Mesurë géint d’Wunnengsnout virgestallt
4. Wéinst sexuellen Iwwergrëffer a Vergewaltegung: déi siwe Joer Prisong mat fënnef Joer Sursis fir de fréiere Sozialaarbechter vu Suessem am Appell confirméiert
5. Iran: nei Eskalatioun stellt Staatsbegriefnes an de Schiet -
1. An der Chamber goufen de Moien dräi vun den am Ganzen 20 Mesuren aus dem Tripartitesaccord vum 8. Juni iwwer Gesetz ugeholl
2. D‘USA hu gréng Luucht gi fir d‘Vente vun Tomahawk-Rakéiten un Däitschland, dat huet den däitsche Bundeskanzler Friedrich Merz haut matgedeelt
3. D‘USA hunn hënt op en Neits Ziler am Iran bombardéiert, Teheran reagéiert mat Attacken op Militärbasen an an de Golfstaaten
4. Den Owend ass et déi éischt Véierelsfinall vun der Fussballweltmeeschterschaft, Frankräich trëfft op Marokko -
1. Gusty Graas: dem Donald Trump seng Reaktioun wier "infantil"2. Fonction publique: Sproochentester gi moderniséiert3. Copernicus: leschte Juni wäermste Juni dee jeemools gemooss gouf4. WM: Optakt vun de Véierelsfinallen
-
1. Nei Eskalatioun am Konflikt tëschent USA an Iran
2. Fonction publique: Sproochentester gi moderniséiert
3. Copernicus: leschte Juni wäermste Juni dee jeemools gemooss gouf
4. WM: Optakt vun de Véierelsfinallen -
1. Wéinst der aktueller Dréchent ass et verbueden, Waasser aus de Flëss a Baachen ze huelen
2. An der Chamber gouf iwwer d‘Hëtztwell debattéiert an de Platzverweis renforcé gouf gestëmmt
3. D‘Stad Lëtzebuerg huet hire Begréngungsplang presentéiert
4. Um NATO-Sommet zu Ankara hunn d‘Staats- a Regierungscheffen der Ukrain weider Militärhëllefen a Milliardenhéicht versprach
5. Den US-President Trump ass zu Ankara nees op Konfrontatioun mat den NATO-Partner gaangen -
1. Donald Trump um NATO-Sommet: Wafferou mam Iran ass eriwwer
2. Debatt an der Chamber: Aarbechtszäite solle méi flexibel ginn
3. Chamber rejetéiert Publikatioun vu Rapport iwwer ALPHA-Projet
4. Lydie Polfer presentéiert Stater Begréngungskonzept -
1. Journaliste sollen an Zukunft e besseren Accès zu Informatioune kréien, e Gesetz an deem Sënn gouf gëschter an der Chamber gestëmmt
2. Am Mëttleren Oste stinn d‘Zeechen nees op Stuerm, hënt goufen et nees amerikanesch Attacken op iranesch Ziler, Teheran huet doropshin de Bahrain a Kuwait bombardéiert
3. Zweeten Dag haut vum NATO-Sommet zu Ankara, do steet d‘Fro am Raum, wéiwäit den amerikanesche President nach hanner der Allianz steet
4. Argentinien an d’Schwäiz stinn an de Véierelsfinalle vun der Fussball-WM -

1. Gréisser Justiz-Enquête wéinst méiglechem Bedruch a Saachen Immigratioun: Et gouf Perquisitiounen ënner anerem bei der Direction generale de l‘immigration am Inneministère a beim Héichschoulministère. Béid Ministèren hu schrëftlech reagéiert
2. D‘Marine Le Pen kéint bei de Presidentiellen d‘nächst Joer a Frankräich untrieden – allerdéngs mat enger elektronescher Foussfessel, esou d‘Urteel vum Appell-Geriicht. Ob si dat wëlles huet, soll si den Owend op der franséischer Tëlee soen
3. De Premier Luc Frieden packt et och am neie Politmonitor net an d‘Top 10 vun de beléifsten a kompetentste Politiker -
1. Lutte géint organiséiert Kriminalitéit: d‘Schnellprozedur fir Persounen, déi a flagranti erwëscht ginn, kënnt op den Instanzewee
2. De Grand-Duc ass haut zu Bordeaux, wou déi éischt Euromënz mat sengem Portrait gedréckt gëtt
3. Haut den Owend fänkt den NATO-Sommet zu Ankara an der Tierkei un
4. Bommenexplosioun zu Damaskus wärend der Visitt vum Macron, de franséische President gouf net blesséiert
5. D‘Bëschbränn a Südfrankräich breede sech weider aus, dobäi kënnt déi nächst Canicule -
1. An der Strooss vun Hormus gouf hënt op en Neits en Tanker getraff, offiziell heescht et, datt net bekannt wier, wien op d‘Schëff geschoss huet2. D‘USA hunn de chineesesche Rakéitentest gëschter iwwer dem Pazifik schaarf kritiséiert. China hat gëschter vun engem U-Boot am Pazifik aus eng Rakéit getest, déi och mat engem nukleare Sprengkapp kann ekipéiert ginn3. Op der Fussballweltmeeschterschaft verléieren d‘USA kloer 1-4 géint d‘Belsch. Virdru schonn hat Spuenie Portugal duerch e Gol an der 91. Minutt geklappt4. D'FIFA gëtt detailléiert Erklärungen zum Fall Balogun, de Verdacht vun der politescher Amëschung bleift awer

1. Den Donald Trump huet confirméiert, datt hie sech am Fall Folarin Balogun agemëscht huet: hien hätt de FIFA-Chef Gianni Infantino gefrot, fir d‘Rout Kaart op der WM géint den amerikanesche Spiller “ze iwwerpréiwen“
2. déi gréng Deputéiert Joelle Welfring hält an der Chamber op a wiesselt bei déi Europäesch Investitiounsbank. D‘Josée Lorschée réckelt um Krautmaart no
3. Ongläichheeten tëschent de Geschlechter bleift eng Realitéit – och zu Lëtzebuerg.
4. Op Guichet.lu kann een nieft der Sichfunktioun elo och ee KI-Chatbot froen, fir Informatiounen ze fannen -
1. Joresbilan Observatoire de l‘egalite entre les genres: Ongläichheeten tëscht de Geschlechter bleift zu Lëtzebuerg eng Realitéit
2. Sondage Santé affective et sexuelle: éischte sexuelle Rapport tëscht 16 an 18 Joer
3. Offizielle Bilan: iwwer 50.400 Leit waren de Weekend op der Foire agricole
4. Zu Teheran ass den Optakt vun den offiziellen Trauerfeierlechkeeten vir de reliéise Leader Ayatollah Ali Chamenei
5. Gréisser Bëschbränn a Frankräich hunn och en Afloss op den Tour de France - Visa fler