Avsnitt
-
Dräi Formatioune léiert der an dësem Episod vum "Am Takt" besser kennen. De Julien Binda ass de Frontmann vun der neier Lëtzebuerger Band Prinzipium an huet eis verrode wisou si just däitsch Musek maachen. Elo de Weekend hu Schëppe 7 hiren Optrëtt am ausverkaaften Atelier, mir hu kuerz virdru mat hinne geschwat. D’Band Kraton ass och op Besuch a si hunn hier nei Metal Musek präsentéiert.
-
Dës Kéier mat Musek déi nach relativ frësch um Maart ass. Rock mat The Summoning an Urban mam MC Almer.
-
Saknas det avsnitt?
-
An dësem Episod: de "ronnen" 40. + 1. Gebuertsdag vun der Kulturfabrik an de Luzac am Interview. Donieft nei Musek vu One Last Time, Boy From Home, Céline Heitz an ënner anerem Ninon.
-
Fir dës lescht Sendung am September hate mir dann erëm duebele Besuch.
-
An dësem Episod war erëm genuch lass. Grond dofir war déi nächst Rocklab Live Session an der Rockhal an d'Release vun No Future, dem gemeinsame Projet vun Dontnod a Mean To You.
-
Dës Woch hat ech direkt zwee Invitéeën op Besuch, an natierlech och eng ganz Partie nei Lidder.
-
Am éischten Episod fir déi nei Saison gouf et ganz vill nei Musek, Informatiounen iwwert de Rock the South an den Daniel Balthasar vun New York.
-
Fir déi lescht Sendung vun der Saison kucke mir nach eng Kéier op d'Meilesteng vun de leschte Méint zeréck.
-
Iwwer déi lescht Woch sinn d'Emaile mat neie Releasen nëmmen esou erageflu komm, also probéiere mir haut den Owend eis e bëssen den Iwwerbléck ze schafen, wat déi lescht Woch an der Lëtzebuerger Musekszeen lass war.
-
Net manner wéi 3 Gäscht an eng helle Wull nei Musek an dësem Am Takt. Mat dobäi; 7Last, de Pascal vu Wooltz, den DJ Mike MC, The Tame and The Wild an ënner anerem Next Deed.
-
Haut den Owend huet sech erëm alles ëm nei Releasë gedréit, ënner anerem vum Misoley, Irem, Charlie a Marcy, wat bis an de Studio op Besuch koum.
-
Et huet sech nawell vill Material an de leschte Wochen ugesammelt; sou ass dësen Episod Am Takt nawell schéin dekoréiert mat neier Musek, ënner anerem vun Tuys, vum Corbi a Sun Smash Palace. Eng gutt Portioun Jazz ass awer och programméiert; de Mateus Wojda ass de Projet Linq virstelle komm.
-
Folk, Rock an Hip Hop waren haut um Menü, gemëscht mat enger Portioun neie Lidder.
-
Melancholeschen Alternative Rock vun Deep Dive Culture an eng Band déi einfach net vreckt ze kréien ass, Moof.
-
Mir hunn eis rëm duerch déi nei Releasen an der Lëtzebuerger Musekszeen geschafft a kruten och direkt dräi Live Performancen am Studio. Wat wëll ee méi?
-
Et war erëm en Owend voll mat neier Musek. Neits vum Pleasing, Esancy, Magnus & John a Misoley. Op Besuch waren den Damien Guidice an den Nik Benoit vu Boy From Home
-
No der Ouschtervakanz ass et um Méinden Owend erëm bësse méi haart gi bei eis um Radio.
-
Et sollt eng méi speziell Am Takt-Sendung ginn. Am Mëttelpunkt vun dësem Episod stoung d'Fra, nëmmen e puer Deeg nom internationale Weltfraendag. Dowéinst dann och eng KënschtlerIN am Interview, d'Barkissa.
-
No enger kuerzer Fuesvakanz si mir erëm do, dat och direkt mat zwee Invitéeën.
- Visa fler