Avsnitt
-
2 Gäscht um 10. Mäerz. De Misoley mat neier Musek an de Maz Univerze mat sengem neien Album "Little Prince".
-
Fuesméindeg natierlech mat Fuesmusek awer och mat neiem Geschier. De Luzac deen nach mat Je Danse beim Luxembourg Song Contest am Asaz war, huet en neit Lidd erausbruecht, déi nei Single vun Tuys ass och do an Dir héiert d'Resultat wann d'Lisa Mariotto an de Roll Rossi zesumme Musek maachen.
-
Saknas det avsnitt?
-
Den Am Takt vun haut ass gutt gefëllt. An eiser Emissioun, wou d'Lëtzebuerger Musek am Mëttelpunkt steet, schwätzt de Loïc Juchem haut mam Adriano Selva, NOSI, Irem, Luc Spada a mam DJ Mike Welter.
-
"Intwoyou" nenne sech d'Louise an de Tom. Zwee jonk Leit, déi eigentlech am Film schaffen, awer och zesumme Musek maachen. Si presentéieren hier nei Single "Goodbye".
De Max Feller kënnt mat senger neier Nummer "Firwat fëmms du" an de Studio. An den Duo Tonnar Urwald huet sech um Lëtzebuerger Chansonnier Poutty Stein inspiréiert. Erauskomm ass de Projet "Kapoutty". -
De Méinden nom Luxembourg Song Contest schwätze mir mat der Gewënnerin, dem Laura Thorn. De Chef vun der Lëtzebuerger Delegatioun, Eric Lehmann ass och am Studio an Tuys stellen hier nei EP bei eis am Studio vir. E Mëttwoch den Owend ass e Rock-Concert an der Rockhal, ënnert anerem vun The Kools. Sie präsentéieren eis hier Musek.
-
Keng zwou Woche méi, dann ass et esou wäit : de Luxembourg Song Contest geet an der Rockhal an déi zweete Ronn.
Haut gitt Dir « Am Takt » méi iwwer d’Kandidate One Last Time a Mäna gewuer. -
De Countdown fir déi grouss Show leeft. An och "Am Takt" ass am LSC-Modus. Déi nächst Woche léiert Dir d'Finaliste vum Luxembourg Song Contest kennen, ugefaange mam Laura Thorn & Zero Point Five.
-
Am leschten Episod vum Joer huet sech de Kevin Misci virgestallt. Hien ass Member vu Serpent Bite an zënter kuerzem huet hien de Projet Kivo van Twist an d'Liewe geruff. An de Georges Goerens (Seed To Tree, Bartleby Delicate & Englbrt) huet d'Loscht op säi leschte Concert vum Joer gemaach.
-
E Mëttwoch (11/12) invitéiert de Rocklab op déi nächst Rocklab Live Sessions an d'Rockhal. Déi Kéier gëtt et komplett elektronesch mam Timelord a Mathieu Moës.
-
Op Besuch ware Mallows! 4 Frënn an een Zil: de Sound vun de 90er a 2000er erëm opliewen ze loossen. Sie hunn eis iwwert hier explosiv Optrëtter, och op internationale Büne verzielt. Next Deed si 5 Museker a bidden alternative Metal – a puer Deeg kënnt hiren neien Album eraus. OpenEyez huelen eis mat an hier Rap-Welt.
-
Cosmokramer ass en elektronesche Pop-Duo mat 80er Feeling! Och d’Band Cyclorama ass am Studio op Besuch. Mir schwätzen iwwert béide Formatiounen hiren Optrëtt dëse Freiden an de Rotonden. Iwwer 35 Joer Experienz an iwwer 50 Songs huet de Gilles Zeimet scho publizéiert – elo ass säin neie Rock-Album dobaussen. Dat waren d’Themen um Méindeg Owend an der Emissioun am Takt.
-
Déi Kéier mam Florence Besch an LSC.
-
Dräi Formatioune léiert der an dësem Episod vum "Am Takt" besser kennen. De Julien Binda ass de Frontmann vun der neier Lëtzebuerger Band Prinzipium an huet eis verrode wisou si just däitsch Musek maachen. Elo de Weekend hu Schëppe 7 hiren Optrëtt am ausverkaaften Atelier, mir hu kuerz virdru mat hinne geschwat. D’Band Kraton ass och op Besuch a si hunn hier nei Metal Musek präsentéiert.
-
Dës Kéier mat Musek déi nach relativ frësch um Maart ass. Rock mat The Summoning an Urban mam MC Almer.
-
An dësem Episod: de "ronnen" 40. + 1. Gebuertsdag vun der Kulturfabrik an de Luzac am Interview. Donieft nei Musek vu One Last Time, Boy From Home, Céline Heitz an ënner anerem Ninon.
-
Fir dës lescht Sendung am September hate mir dann erëm duebele Besuch.
-
An dësem Episod war erëm genuch lass. Grond dofir war déi nächst Rocklab Live Session an der Rockhal an d'Release vun No Future, dem gemeinsame Projet vun Dontnod a Mean To You.
-
Dës Woch hat ech direkt zwee Invitéeën op Besuch, an natierlech och eng ganz Partie nei Lidder.
- Visa fler