Avsnitt

  • "RSE by design" sinn, dat ass d'Zil vu Post Luxembourg – an dozou gehéiert den Numérique responsable.

    Dës Episod dréit sech also ëm de verantwortungsvollen Ëmgang mat digitalen Technologien. Vum éischten Apple Certified Repair Center an Europa bis op bei e méi inklusive Service Client : Den Direkter vu Post Telecom Cliff Konsbruck erzielt, wat Post ënnerhëlt, fir hir Offer esou nohalteg wéi méiglech ze maachen.

    Post gesäit seng Responsabilitéit awer och am Sensibiliséieren. Dofir hunn si virun e puer Méint ee Workshop organiséiert, bei deem Mataarbechter*innen a Partner invitéiert waren. De Vincent Courboulay, Co-Founder an Directeur scientifique vum Institut du Numérique Responsable a Frankräich, an de Jules Delcon, dee beim belschen Equivalent schafft, waren dofir zu Lëtzebuerg. Si hunn erkläert, wéi een déi ökologesch a sozial, positiv an negativ Impakter vun dësem wichtege Sujet verstoen a moosse kann, ma och wéi een dozou bäidroe kann, méi nohalteg mat digitalen Technologien ëmzegoen.

  • An dësem Episod geet et ëm POST4Kids. Hei gëtt POST Luxembourg sech als Missioun, d'Kanner an hir Elteren z'informéieren, ze sensibiliséieren an ze begleeden. Mir schwätze mam Luise Dombrat, wat fir de Service Communication – Direction Ressources humaines, Relations publiques et RSE vu POST schafft a fir POST4Kids zoustänneg ass, a begleede si a seng Ekipp um Mini-Lënster, eng Kannerspillstad, déi all 2 Joer wärend zwou Wochen zu Jonglënster stattfënnt a wou POST dëst Joer 2 Workshops gehal huet.

    Op der Plaz hu mer och mat den Organisateure vum Event Christian Treitz a Charly Schmitt vun der Paiperlek Asbl geschwat, mat Formateure vu POST Technologies a mat Kanner, déi bei engem vun de POST Workshops matgemaach hunn.

  • Saknas det avsnitt?

    Klicka här för att uppdatera flödet manuellt.

  • D'Globaliséierung an de Fakt, dass mir e Produit, dee sech entweder hei oder an engem ganz anere Land befënnt, kuerzfristeg an der Hand wëllen hunn, bréngt nei Erausfuerderunge mat sech, fir déi konstant innovativ an nohalteg Léisunge musse gesicht ginn. Den Direkter vu POST Courier a Logistics Mario Treinen gëtt eis een Abléck, wéi sech dësen Domaine an de leschte Joren entwéckelt huet a wéi si verstäerkt nach méi lokal wëllen agéiere mam Zil, den ökologesche Foussofdrock ze verkléngen. An dësem Weiderentwécklungsprozess huet POST Student*innen aus dem Arts et Métiers matagebonnen.

    Den Talenthub vum Lycée des Arts et Métiers huet am Kader vun hirer Power Week zesumme mat POST een Hackathon organiséiert, bei deem Student*inne vun de BTS’en Léisungen entwéckelt a virun der Direktioun vu POST gepitcht hunn. Encadréiert goufen d’Student*inne vum Patrick Reisdorff, Member vum Post Innovation Support Team. Säitens dem Arts et Métiers betounen den David Reinartz, stellvertriedenden Direkter an de Benoit Fortemps, Coordinateur vum Talenthub, wéi wichteg esou Kollaboratioune fir d'Schoul sinn.

  • An dësem Episod geet et ëm d’Inclusioun an dat direkt op zwee Niveauen. Mir schwätze mam Sascha Lang iwwert déi digital Accessibilitéit. POST Luxembourg ass schonn e puer Joer amgaangen hir Internetsitten ze reforméieren, sou d’Audrey Nykolak, si ass Lead UX Design bei POST. Am zweeten Deel geet et ëm déi sougenannt "communication responsable". De Nicolas Perdrix, Generaldirekter vun der Agence Sidièse ënnersträicht, wéi wichteg eng RSE-Strategie fir eng Entreprise respektiv Institutioun hautzedaags ass a wéi sou eng Transitioun idealerweis kann ëmgesat ginn, ier d’Anne-Sophie Diard, Responsabel fir d’Publicitéitscampagnë bei POST, eis um Beispill vun der Campagne Eboo erkläert, firwat si bewosst net mat professionelle Schauspiller*inne geschafft hunn.

  • Eng gutt 50 Prozent vun der Aarbechtskleedung fir d'Bréifdréier*innen a Mataarbechter*innen aus dem Verkafsréseau bei POST Luxembourg kënnt aus dem fairen Handel an ass vu Fairtrade zertifiéiert. An dësem Episod erzielt eis de Jean-Louis Zeien, President vu Fairtrade Lëtzebuerg, wéi et zu der Zesummenaarbecht mat POST koum a mir léieren de Karel Lambert vum Kleederbuttek Akabo kennen, dee sech scho säit Jore fir Fair Fashion hei zu Lëtzebuerg asetzt. Virdru gëtt eis den Italo Garofoli, Chef de Service du Réseau de Vente vu POST Courrier een Abléck, wéini POST mam Prozess Kleedung fir hir Leit no de Critèrë vum fairen Handel ze bestellen ugefaangen huet a wat d’Zil fir déi nächst Joren ass.

  • Dësen Episod dréit sech am wäitste Sënn ëm de Sujet Inclusion financière: Wéi eng Moossname vu POST Finance ergraff ginn, fir de Risk vu finanzieller an an deem Kontext digitaler Ausgrenzung ze reduzéieren a wéi konkret dës Initiative bei deenen, déi den néidege Support brauchen, ëmgesat ginn. Dofir huet eis de Gabriel de La Bourdonnaye, Direkter vu POST Finance, een Abléck an hir d’Kollaboratioune mat ënnerschiddlechen Associatiounen a staatlechen Institutioune wéi dem ONA, den Office national de l’accueil, ginn. Dozou gehéiert och de Support fir d'Refugiéen aus der Ukrain, wéi de President vun der LUkraine asbl, Nicolas Zharov, erzielt. Dernieft gi mer méi iwwert d'Zesummenaarbecht mat der Associatioun Touchpoints gewuer. Si beroden, ënnerstëtzen a begleede Leit, dorënner Refugiéen a Persounen aus Drëttstaaten, op hirem Wee an d’Selbststännegkeet, sou d’Directrice Fabienne Colling.

  • An dësem Episod gi mer gewuer, wéi eis al Smartphones, Routeren a Fritzboxen hei zu Lëtzebuerg en zweet Liewe kënne kréien, a wéi doduerch op villen Niveauen eng Plus-Value fir d’Gesellschaft geschafe ka ginn. De Cliff Konsbruck, Direkter POST Telekom, gëtt en Abléck, wéi Ëmweltschutz a soziaalt Engagement zesummenhänken. Fir dat z'erreechen, schafft POST mat ënnerschiddleche Partner zesummen, a mir hunn eis dat an der Praxis ugekuckt. D’Ghislaine Duprey, Directrice adjointe vu Solina Aarbechtshëllef ASBL, erzielt, wéi si an hiren Atelieren den Tri maachen. Déi eng Smartphonë gi recycelt, déi aner gi vun Digital Inclusioun ASBL erëm opgeschafft an u Mënschen hei zu Lëtzebuerg verdeelt, wéi de Co-Founder Patrick de la Hamette erkläert. Al Antennen, Fritzboxen a Routere ginn direkt bei POST auserneegebaut a recycelt. Hëllef kréie si hei vun der Ligue HMC, der Associatioun fir Mënsche mat enger intellektueller Beanträchtegung, esou d’Claudine Nosbusch, eng vun den zwee Directricë vun der Associatioun. Zum Schluss hëlt de Gil Dos Santos eis mat an den Inklusiounsatelier op der Cloche d'Or.

  • POST Luxembourg huet scho virun e puer Joer ugefaangen eng Strategie fir eng sougenannte Responsabilité Sociale des Entreprises (RSE) auszeschaffen an och no dëser ze liewen. Am éischten Episod gëtt d’Cécile Jacquemart, d’Responsabel fir d’RSE bei der POST, en allgemengen Iwwerbléck iwwert hir Strategie, ier mir mam Victoire Jacasson vu Fairphone méi déif an d’Thematik vun der Kreeslafwirtschaft an der Smartphone-Branche eraklammen.

    Den hollännesche Startup huet en nohaltege Smartphone entwéckelt, bei deenen d’Stécker einfach ausgetosch respektiv selwer kënne gefléckt ginn, eng Approche déi, sou de Serge Eiffes, de Responsabele vum Departement vum Product Management a Marketing POST Luxembourg, ëmmer méi Zousproch bei eenzele Clientë wéi och Entreprisen an Administratiounen zu Lëtzebuerg fënnt. Eng dovunner ass d’DEA zu Useldeng. Si si fir d’Distributioun vum Drénkwaasser am Norden zoustänneg a versiche bewosst méi nohalteg Apparater ze benotze wéi de Ben Allard eis erkläert huet.