Avsnitt
-
De mëttleren Alter ass berühmt-berüchtegt – a vill Leit kucken deem Ofschnëtt vum Liewen mat enger gewësser Angscht entgéint. Angscht, dass “déi gutt Zäiten” dann eriwwer sinn, Angscht virun kierperleche Verännerungen, virun engem Verloscht u Sexualitéit. An dëser Episod schwätzt Kelly mat engem ganz besonnesche Gaascht iwwer dëse Liewensofschnëtt: d’Sandra erzielt vu Bestietnisser, Kanner, Brëscht …
Continue reading "#140: Turnschlappen, Brëscht a Menopause – (kee) Sex am mëttleren Alter?"
-
Influencer*innen, Partien, esouguer Produiten: Et schéngt, wéi wa jiddereen*t a säi Cousin hautdesdaags sexpositiv wéilte sinn. A wärend déi eng vun de wonnerbaren Orgien erzielen, op deenen si waren, kréien déi aner FOMO, d’Fear of Missing Out. Mä wien decidéiert eigentlech, wat mir net „verpassen“ dierfen? An dëser Episod schwätzen de Joël an d*e Robin …
Continue reading "#139: FOMO, Konsum an d’Britney – Toxic Sex Positivity"
-
Saknas det avsnitt?
-
Et ass den 8. Mäerz, de feministesche Kampfdag! Passend zu dëser Occasioun schwätze mäer an dëser Episod iwwer d Geschicht a Géigewaart vum feministesche Kampf zu Lëtzebuerg. An d*e Robin ass dobäi net alleng, mee huet Ada vum Kënschtler*inne Kollektiv Richtung22 am Studio. Ada gëtt dann och e klengen Abléck an d Zukunft vun der …
Continue reading "#138: Vu Walrecht, Hausbesetzungen an neie Beweegungen – Feminismus zu Lëtzebuerg"
-
Haut gëtt et politesch! De Joël an d*e Robin diskutéieren, firwat a wéi Sex a Sexualitéit politesch si kënnen, an och ob Sex ëmmer politesch ass. Wann s du heiere wëlls, wat Politik mat HIV, Kondomer an Hoer ze dinn huet a firwat dass eist Méi Wéi Sex Team kee Sex mat Nazis huet, da …
Continue reading "#137: It’s fucking political – Sex a Politik"
-
Et ass gläichzäiteg een Tabuthema an ee vun deene meeschtgesichten Termen op Pornositen. Et kann een*t et mat Toys, mat Fanger, mat der Zong, mat engem Penis oder esouguer der ganzer Fauscht maachen. Riets ass vun Analsex. De Joël, den Elie an d*e Robin schwätzen ënnert anerem doriwwer, ob si léiwer Analsex oder Butt Stuff …
Continue reading "#136: Vun Plugs, Pegging an Popos – Analsex"
-
Firwat fënnt een Hënneren interessant oder attraktiv? Wéi gëtt de Pupes popkulturell präsentéiert? Wéi oft denkt een un den eegene Kickes? Wat formt eis Bezéiung zu eisem Dokes? A wat kann een alles mat Äersch maachen? Doriwwer schwätzen de Joël a Robin an dëser Episode. An der Rubrik schwätzt Kelly iwwer „How to: Complete Your …
Continue reading "#135: Du Aarsch – Vum Kickes bis zum Po, alles iwwer Hënnere"
-
D’Joer 2024 huet ugefaangen, an dat kënnt fir vill Leit mat Neijoersvirsäz anhir! Vu dass Self Care momentan zimmlech e thing ass, ass dëst Konzept eise Podcaster*innen och als Virsaz duerch de Kapp gaang. De Joël an d*e Robin schwätzen an dëser Episod doriwwer, wat Self Care amfong ass, wéi se ausgesi kann a firwat …
Continue reading "#134: Méi wéi Doftkäerzen an Meditéieren – Self Care"
-
Wien kennt et net? Et trëfft een*t sech mat enger Persoun, et ënnerhält een*t sech gutt an um Enn freet een*t sech: War dat elo een Date? De Joël, den Elie an Kelly probéieren an dëser Episod, dem Geheimnis op d’Spuer ze goen an ze klären, wat een Date ass. An well mir net bei …
Continue reading "#133: Popcorn, Picknick oder Poppen – Wat ass een (gudden) Date?"
-
Eenzel Hoer, klompeg Flëssegkeeten, interessant Gerösch – den dägleschen Kierper produzéiert sou Eeneges fir dat mer eis intuitiv schummen oder eekelen. An dëser Episode schwätzen de Joël a Kelly driwwer. Mir froen eis: Wat gëtt et esou u weirde Saachen, déi aus eise Kierpern erauskommen oder drop wuessen – a wouhier kommen Ekel a Schummt?
-
HIV an AIDS, Begrëffer déi och haut nach a ville Leit Angscht ausleisen. No der furchtbarer Epidemie an den 80er a 90er, déi virun allem queer Mënsche getraff huet, sinn och haut nach vill Stigmaën iwwer HIV an de Kapp vun de Leit ze fannen. Well et am Globale Norden méi roueg ëm d Thema …
Continue reading "#131: Méi wéi eng déidlech Infektioun – HIV Témoignage"
-
Vill vun eis, virun allem déi méi jonk ënnert eis, hu sech relativ fréih an hirem Liewen mat Sexualitéit a Geschlecht auseneegesat. Virun allem an de soziale Medien an a ville queere Spaces ass d Perspektiv vu Jonke präsent, oder och nach vu manner Jonken déi vu queeren Erfarungen aus hirer Jugend erzielen. Mee wat …
Continue reading "#130: Coming out later in Life – Interview mamm Annette"
-
An dëser Episod gëtt et ganz akward. Oder op mannst schwätze mir iwwert een Thema, dat vir vill Leit bëssi peinlech oder komesch si kann: Déi eegen Elteren a Sexualitéit. D*en Robin an de Joël schwätzen iwwer Opklärung a wéi déi u schlechte Bicher scheitere kann, iwwer Schimmt an d’Eltere beim Sex héieren. Ausserdeem erzielen …
Continue reading "#129 Deng Mamm fënnt de Legolas flott – Elteren a Sexualitéit"
-
Wa Leit vun Drag heieren, dann denken se oft mol un Ru Paul’s Drag Race – eng weltbekannte Show, déi Kultstatus an der queerer Kultur huet, an déi Drag an de Mainstream bruecht huet. Oder zumindest eng bestëmmte Form vun Drag …Den Charlie ass e lëtzeboieschen Drag artist, a schwätzt mamm Robin doriwwer, aweifern Ru …
Continue reading "#128: Méi wéi just eng Course – Drag zu Lëtzebuerg"
-
Haut gëtt et mol erëm horeg. Kelly a Joël schwätzen awer net iwwer Intimbehorung, mä iwwer d’Frisuren, déi mir um Kapp droen. Déi soe jo meeschtens eppes iwwert déi Persoun aus, déi se dréit. Mä ginn et wierklech queer Frisuren? An wisou änneren esou vill Leit hir Frisur no engem Break-Up? Nieft deene Mysterien ginn …
Continue reading "#127 – Pony, Vokuhila oder Brosse – Frisuren a wat se bedeiten"
-
Demisexualitéit – e Begrëff, dee vill Leit schonn eng Kéier héieren hunn, mee ëm deen et vill Mësskonceptiounen gëtt. Kelly an d*e Robin probéieren an dëser Episod, d’Notioune vun Attraktioun a Sexualitéit opzeschlësselen, erklären den Ënnerscheed tëscht A- an Demisexualitéit an erzielen dovun, wéi ënnerschiddlech si hir Sexualitéit wouerhuelen. Niewebäi geet et och ëm Kuch, …
Continue reading "#126: Méi wéi just heiansdo Sex – Demisexualitéit"
-
An der éischter Episode vun Staffel 6 (yay!) geet et em: éischt Kussen! 😗😘😚😙 Joël, Kelly, Robin an Elie schwätzen iwwer weieng éischt Kussen si haten, wat e gudden éischte Kuss ausmëscht an wei vill Zong gewollt ass.An der Rubrik erkläert Kelly, firwat een bei Erreegung net nëmmen muss op de Gas drécken, mee och …
Continue reading "#125 Vun Zongen, Spaut an Puzzlestecker – éischt Kussen"
-
Äert Méi Wéi Sex Team versuergt Iech mat Outtakes aus deene leschte Joren! Mir wënschen Iech vill Spaass mat eise Verspriecher, eisem Gegackers, Gesangs a Geklapps! An der Rubrik schwätzt den Elie iwwer Summer-Sex.
-
Et ass net ëmmer einfach mat hinnen, mä vill vun eis kënnen sech ee Liewen ouni si guer net virstellen: Riets ass vu Geschwëster. De Joël huet der véier a Kelly ass Eenzelkand mat ville Stéifgeschwëster. Si schwätzen doriwwer, wéi dat esou ass, mat oder ouni Begleedung opzewuessen, wat een*t esou präägt a wéi dat …
Continue reading "#123: Sandwichkanner, béis Stéifschwësteren an ee groussen Tabu – Geschwëster"
-
Sex Drive — all Mënsch schwätzt davun, mee wat ass en iwwerhaapt? De Joël an d*e Robin probeieren an dëser Episod, däer Fro op de Grond ze goen. Doriwwer hinaus erzielt d*e Robin vu senger Erfahrung mat Sex Drive op Bezuch op seng Asexualitéit, an de Joël deelt seng Gedanken zu sengem wiesselnde Sex Drive. …
Continue reading "#122: heiansdo horny, dauergäil oder ni Bock ? — Sex Drive"
-
Säit Joerhonnerte siche Leit net nëmmen no engemenger Partnerin, mä no der éiweger Léift: Där Persoun, mat där alles perfekt ass, fir déi een*t bestëmmt ass. Eng Erzielung, déi mir net nëmmen aus Märercher kënnen, mä och aus Filmer, Serien an esouguer Reality-TV-Sendungen. An dëser Episode schwätzen de Joël an Kelly driwwer, wouhier déi Erzielung …
Continue reading "#121: The One – Gëtt et déi éiwegt Léift?"
- Visa fler