Avsnitt
-
Wat huet Paleontologie mat Klimawandel ze dinn? De Bléck an d’ Vergaangenheet hëlleft eis ze verstoe wat haut geschitt, esou de Wëssenschaftler Ben Thuy.
Am Naturmusée ass den Ament d’ Ausstellung “Lost Ocean”. D’ Ausstellung weist wei Lëtzebuerg virun 183 Millioune Joren ausgesinn huet. De Norde vum Land war Deel vun enger Insel. De Süde war Mier. Mir hu mam Paleontolog Ben Thuy iwwert d’ Welt vu virun 183 Millioune Joer geschwat a gekuckt wat een aus deem Wëssen notze ka, fir Phenomener vun haut besser ze verstoen.
Hutt Dir Froen oder Ureegungen, maacht ee Mail op [email protected] -
Wéi ee Potential huet d’ Wandenergie an der Ostséi fir Lëtzebuerg?
An der Ostséi well sech d’ Lëtzebuerger Regierung un engem grousse Wandpark bedeelegen, fir dëse Projet, misst eng kënschtlech Insel matten an d’ Mier gebaut ginn an do sinn eng Partie Lëtzebuerger Betriber interesséiert matzeschaffen.
Hutt Dir Froen oder Ureegungen, maacht ee Mail op [email protected] -
Saknas det avsnitt?
-
Den Ament ass di 26. Weltklimakonferenz. D’ Erwaardungen un den Ofschlossrapport si grouss.
Wei verlafen aktuell Verhandlungen? Wat ass ze erwaarde vun der COP26? A wou léien d’ Schwieregkeeten als Weltgemeinschaft ee globale Problem ze léisen?
Hutt Dir Froen oder Ureegungen, maacht ee Mail op [email protected] -
D’ Biodiversitéit geet iwwerall op der Welt zréck, och zu Lëtzebuerg riskéieren ëmmer méi Déieren a Planzen auszestierwen.
An eisem Podcast 1komma5grad geet et dës Woch iwwert d’ Aartevillfalt an iwwert d’ Fro wat gemaach gëtt fir dëser Entwécklung entgéint ze wierken.
[email protected] -
Wéi kann ech en Haus energetesch renovéieren? A wat gëtt et u Primmen ?
Am zweeten Episod diskutéieren d’ Caroline Mart an de Pierre Weimerskirch zesumme mam Sarah Juchems a Gilbert Théato vu myenergy doriwwer, wei ee Gebaier energetesch ka renovéieren, esou Sue spuere kann a seng Emissiounen erofsetzt. -
Froen an Ureegunge kennt Dir op [email protected] schécken.
D’ Caroline Mart an de Pierre Weimerskirch diskutéieren iwwert d’ Iddi hannert 1Komm5Grad, de Parallellen tëscht der Corona- an der Klimakris an enger Table Ronde vum Institut Pierre Werner. -
D'Experte si sech eens, de Klimawandel ass mënschegemaach.
Am Podcast 1Komma5Grad diskutéieren d' Caroline Mart an de Pierre Weimerskirch all 2 Wochen iwwert eng vun de gréissten Erausfuerderunge fir d' Politik an de kommende Joren.